Search

You may also like

Nom Referendum an Egypten: „Si hunn et net besser verdéngt“
International Neiegkeeten WTF

Nom Referendum an Egypten: „Si hunn et net besser verdéngt“

Eigentlech wollten d‘Egypter den demokratesche Prozess an hirem Land etabléieren,

Ammoniumnitrat-Explosioun zu Beirut
International Neiegkeeten WTF

Ammoniumnitrat-Explosioun zu Beirut

Laut dem offizielle Wuertlaut, kéint eng Charge vun 2.750 Tonnen

Iwwerlueden, keng Autorisatioun, futtis Pneuen: Dëse Camion war gutt ënnerwee!
International Neiegkeeten WTF

Iwwerlueden, keng Autorisatioun, futtis Pneuen: Dëse Camion war gutt ënnerwee!

Dat neit Joer ass emol nach kee Mount al, a

surprise

Korruptioun: Wann den Ierfprënz sech selwer dem Problem unhëlt

Korruptioun: Wann den Ierfprënz sech selwer dem Problem unhëlt

Eelef Prënzen an e sëlleche Minister sinn um Samschdegowend a Saudiarabien festgeholl ginn. Laut de Medien, wier dat op Uerder vum Ierfprënz geschitt, dee sech virgeholl huet „de Stall ze botzen“ an esou och seng Muecht ze festegen.

Parallel zu de Verhaftunge sinn dann och nach d‘Patrone vun der Nationalgarde, enger Elite Eenheet a vun der Marine entlooss ginn.

D‘Verhaftungen an d‘Entloossunge sinn nëmmen ee puer Stonnen no der Ernennung vun enger Kommissioun zur Bekämpfung vun der Korruptioun virgeholl ginn. Eng Kommissioun déi per Dekret geschaaft gouf a vum 32 Joer jonken Ierfprënz Mohammed ben Salmane presidéiert gëtt.

Laut dem Sender „al-Arabiya“ sinn also eelef Prënzen, véier aktuell Minister an Dosende fréier Minister vun der Police verhaft ginn. Dat nodeems d‘Kommissioun eng Enquête zu den Iwwerschwemmungen opgemaach huet, déi 2009 d‘Hafestad vu Jeddah verwüst hat. Nom apokalypteschen Nidderschlag haten hei honnerte Mënschen hiert Liewe verluer.

Déi offiziell saudesch Presseagence SPA huet erkläert, datt d‘Kommissioun zum Zweck hätt „déi ëffentlech Finanzen ze erhalen, déi korrupt Elementer ze bestrofen an al déi ze entloosse wou vun hirer Positioun profitéieren“.

Réckendeckung krut den Ierfprënz dann och direkt vum reliéise Rot. Deen hat aus dem Stand reagéiert a via Twitter behaapt, datt „de Kampf géint d‘Korruptioun esou wichteg wier wéi de Kampf géint den Terrorismus“.

Ënnert de Personnagen déi verhaft goufe, soll sech och de Prënz a Milliardär Al-Walid ben Tahal befannen. Dat melle verschidde saudesch Internetsäiten, mee eng offiziell Bestätegung heizou gëtt et nach net. Bestätegt ass awer, datt Sécherheetsorganer zum Fluchhafen zu Jeddah d‘Privatfliger „festgesat“ hunn. Domatter soll verhënnert ginn, datt „se“ sech duerch d‘Bascht maachen.

Sech d‘Brout net vum Teller huele loossen

Den Ierfprënz, dee schonn aktuell déi wichtegst Ministère an der Regierung kontrolléiert, vun der Verdeedegung bis zur Wirtschaft, wëll seng Positioun stäerken. Kontestatiounen aus den eegene Reie kann de Mohammed ben Salmane, esou kuerz virun der Iwwergab vum Troun net gebrauchen.

Enn Oktober hat den Ierfprënz e moderéiert Saudiarabien versprach. Hie brécht domatter mam Bild vun engem Land, dat laang als Exportnatioun vum Wahhabismus (puristesch-traditionalistesch Ausriichtung vum neizäitleche sunniteschen Islam NvdR) betruecht ginn ass.

„Mir wäerten net nach weider 30 Joer vun eisem Liewen domatter verbréngen, eis extremisteschen Iddien ze accommodéieren an zerstéieren se elo“ hat de Mohammed ben Salmane um Forum „Davos an der Wüst“ virun 2.500 Entscheedungsträger erkläert.

Datt den Ierfprënz glafwierdeg ass, ënnersträichen dann och déi verschidde Reformen, déi hien initiéiert huet: d‘Recht fir d‘Fraen en Auto ze steieren an un Sportveranstaltungen deel ze huelen, mee d‘Kultur soll méi zougänglech ginn, notamment mat der Erëffnung vu Kinoen. Heimatter gëtt d‘Muecht vun den aflossräichen awer konservative Reliounsguide marginaliséiert.

Vir seng politesch „Muecht“ ofzesécheren, huet den Ierfprënz allerdéngs och am September eng ganz Rëtsch sougenannten Dissidente verhafte gelooss. Aflossräich Persounen aus der Reliounsgemeinschaft grad ewéi Intellektueller. Déi sollen sech géint d‘Aussepolitik vum Mohammed ben Salmane an d‘Reformen am Land gestäipt hunn.

mam Anuh Chopra/AFP

Foto: Den Ierfprënz Mohammed ben Salmane vu Saudiarabien steet fir eng modern an oppe Gesellschaft. Hie wëll de jonke Generatiounen, mee och den auslänneschen Investisseure beweisen, datt seng Reforme fir jiddereen e Gewënn sinn. © Fayez Nureldine/AFP

Related topics Ierfprënz, Mohammed ben Salmane, Reform, Saudiarabien, Wahhabismus
Next post Previous post