Search

You may also like

money
De Lëtzebuerger Konsumenteschutz fuerdert eng zousätzlech Stäerkung vun der Kafkraaft
International Kultur Neiegkeeten

De Lëtzebuerger Konsumenteschutz fuerdert eng zousätzlech Stäerkung vun der Kafkraaft

Wéi et kierzlech vun EUROSTAT bestätegt ginn ass, ass Lëtzebuerg

De Mark Zuckerberg muss sech haut schwéiere Froe stellen
International Kultur Neiegkeeten

De Mark Zuckerberg muss sech haut schwéiere Froe stellen

De Mark Zuckerberg, Chef vu Facebook, gëtt haut am europäesche

Eise Rechnungshaff ass couragéiert gréng orientéiert
International Kultur Neiegkeeten

Eise Rechnungshaff ass couragéiert gréng orientéiert

Nodeems de Rechnungshaff dann elo och säin Avis zum Budget

IKEA mécht et méiglech: 700 Moslemen bieden ënnert fräiem Himmel

Mat Ofstand, dofir awer all vereent: Zu Wetzlar, enger Stad a Mëttelhessen, hu sech ëm 700 Moslemen um IKEA-Parking zesummefonnt, fir d’Enn vum Ramadan ze feieren. Wärend der aktueller sanitärer Kris hätt een an der Moschee den Ofstand net hale kënnen, wouduerch ee sech ëmsou méi iwwert dës bedeitend Moossnam erfreeën duerft. Déi ongewéinlech, awer kreativ Iddi fënnt weltwäiten Zousproch.

Duerch d’Corona-Oplagen ass fir vill Moslemen de Ramadan ongewéinlech ausgefall. D’Moschee ze besichen an ze bieden wier einfach net méiglech gewiescht, den Ofstand hätt net kënne gehale ginn.

Den Detlef Boje, Direkter vum schwedesche Miwwelhaus IKEA zu Wetzlar, huet dofir net laang missen iwwerleeën, wéi d’Ufro era komm ass, fir d’Enn vum Faaschtemount Ramadan um risege Parking ofzehalen. „Mir wollten eise muslimeschen Noperen e Gefale maachen a si ënnerstëtzen“, erkläert hien. Och den Accord vum Ordnungsamt an der Police koum, duerch d’Virleeën vun engem Sécherheets- an Hygièneskonzept, immens schnell no.

D’Schutzmaske souzen, de Gebietsteppech war ausgerullt an esou konnt mat 2 Meter Ofstand zoueneen op enger Fläch vun 20.000 Quadratmeter ënnert fräiem Himmel gebied ginn. Geschat gëtt, datt ronn 700 Participanten aus 3 Moscheegemengen op der Plaz waren a vun der spezieller Moossnam profitéiert hunn.

Billergalerie: © IGMG Wetzlar FATİH CAMİİ

Related topics 700 Moslemen, Bieden ënnert fräiem Himmel, Coronakris, Covid-19, Gebietsteppech, Hessen, IGMG Wetzlar, IKEA-Parking, Moschee, Pandemie, Ramadan, Schutzmask, Schwedescht Miwwelhaus
Next post Previous post