Search

You may also like

De Service Urgence am Spidol nach besser maachen
Business International Neiegkeeten

De Service Urgence am Spidol nach besser maachen

Um Freideg haten d‘Gesondheetsministesch Lydia Mutsch an de Sozialminister Romain

What the Fakt – Box erof! Et ass Feierdag!
Business International Neiegkeeten

What the Fakt – Box erof! Et ass Feierdag!

Dëst Uso war kee Witz, obwuel een et scho mat

Regierung vu Myanmar kappt enger Millioun Mënschen den Internet
Business International Neiegkeeten

Regierung vu Myanmar kappt enger Millioun Mënschen den Internet

Schonn zanter dem Freideg sinn am Myanmar (fréier Burma) iwwert

IKEA: Gaming-Kollektioun a méi

IKEA annoncéiert beim Festival, déi nei Kollaboratioun mat „Swedish House Mafia“ & „World Surf League“

IKEA: Gaming-Kollektioun a méi

D‘Entreprise IKEA Belgium associéiert sech dem Phenomen vun der elektronescher Musek, dem Grupp „Swedish House Mafia“ fir de Sujet Musek a Kreativitéit doheem ze erfuerschen. Eng éischt Kollektioun ass fir September 2022 virgesinn.

D‘Musek spillt eng wichteg Roll am Haus, ob dir se selwer produzéiert, diffuséiert oder lauschtert. Et ass ee Connectiounspunkt an ee Moyen fir d‘Kreativitéit ze stimuléieren, dem Stress lasszeginn an sech gemitterlech anzeriichten. Ëmmer méi Mënsche maache Musek doheem a fir vill Frënn vu gudder Musek ass den Doheem oft d‘Plaz wou si ufänken hir Kreativitéit ze erfuerschen .

„Mir si ganz enthusiastesch a frou eis Kollaboratioun mat „Swedish House Mafia“ annoncéieren ze kënnen. Dank hirer zolitter Expertise an der musikalescher Produktioun, hoffe mir zesummen, esouwuel d‘Kreativitéit wéi d‘Produktioun ze demokratiséieren, fir dt méi Mënsche bei sech doheem kënne kreativ ginn“, erkläert de Verantwortleche fir d‘Produktconceptioun bei IKEA Schweden, James Futcher.

„Mir wollten alle aus eiser Komfortzon eraus an eppes Neies schafen. Eng Reng Kollaboratioun tëscht Musekschaffenden an en Expert vum Haus. Mir hunn ee staarke Besoin gefillt mat engem zesummenzeschaffen deen eis Visioun deelt: et all Mënsch erméiglechen doheem Musek ze maachen. Als Artisten a Produzenten, hu mir vill Versteesdemech fir d‘Importenz vun dem Abaue vun engem Studio doheem, esou wéi mir d‘Besoinen an d‘Erausfuerderunge vu villen Artisten an Musekschaffenden bei sech doheem kennen“, soen d‘Membere vum Grupp „Swedish House Mafia“.

Den Ozean als Inspiratioun

Zanter 2019 huet sech IKEA mat der gréisster Organisatioun vun de Sport-Surfer, der „World Surf League“ associéiert, fir eng nei Kollektioun, inspiréiert vun engem Liewensmodell „méi no um Ozean“ ze schafen. IKEA, eng Entreprise déi sech zanter hirem Bestoen, fir de Klima a propper Weltmierer asetzt, wëll seng Aktivitéiten an dësem Beräich ausbauen.

D‘KOllektioun déi ab Fréijoer 2022 an alle Geschäfter op der Welt ugebuede gëtt, enthält en Assortiment vu praktesche Produkter aus exzellenter Qualitéit. Dës Produite loossen sech esouwuel doheem wéi op der Plage benotzen. D‘Kollektioun gouf esou entwéckelt, datt méi erneierbar Materialien, wéi Holz a recycléiertem Material konnten an der Produktioun agesat ginn.

„Als Surfer, fille mir eis dem Ozean no a mir sinn oft déi éischt Zeie vum Impakt deen den Dreck an d‘Verschmotzung an eise Flëss, Baachen an Ozeaner hunn. Mir sinn erfreet ze gesinn, datt sech d‘Kollektioun Kåseberga konkretiséiert a mir stelle fest datt eise Wüellen d‘Gesellschaft méi nohalteg ze gestalten, sech a ville vun dëse Produiten erëmspigelt“, erkläert d‘Kassia Meador, Member vum Conceptiounsteam vun der WSL an IKEA.

Numereschen IKEA-Musée

Beim IKEA-Festival gouf den numereschen IKEA-Musée ugekënnegt. Dës nei Plattform gëtt déi komplettst online Quell fir d‘Wëssen an d‘Informatioune betreffend IKEA. Hei kann een iwwer 100 Erzielungen iwwert de Grënner Ingvar Kamprad fannen, esou wéi d‘Produkter an den Design vun de 40er Joren un.

„Vill Erzielunge verweisen op déi intern IKEA Grondlagen a goufe bis ewell ni ëffentlech gemaach. Op et en Triumph oder ee grousse Feeler, eng geféierlech Aventure oder ee revolutionären Zesummebroch handelt, mir hunn eist Bescht ginn, fir d‘Saachen esou ze erziele wéi se sech zougedroen hunn“, erzielt d‘Jutta Vilehriä, Verantwortlech fir déi strategesch Initiativen am Musée IKEA.

Foto: © IKEA

Related topics IKEA, Swedish House Mafia, World Surf League
Next post Previous post