Search

You may also like

Esch-Uelzecht: De „Provisorium“ engem Enn Zouféieren
Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: De „Provisorium“ engem Enn Zouféieren

An der Gemengerotssëtzung vum leschte Freideg, huet déi fir Soziales

Ëffentlechen Transport: Eng Rëtsch Upassungen ab dem 9. Mee 2021
Neiegkeeten

Ëffentlechen Transport: Eng Rëtsch Upassungen ab dem 9. Mee 2021

D’Verwaltung vum ëffentlechen Transport deelt mat, datt et ab dësem

Kann des Petitioun de Verkéierschaos léisen?
Neiegkeeten

Kann des Petitioun de Verkéierschaos léisen?

Op mannst e Stéck vum Puzzle soll dës Petitioun duerstellen:

Réiden/Attert: Illegal Entsuergung vu Schofsiwwerreschter

Réiden/Attert: Illegal Entsuergung vu Schofsiwwerreschter

Wéi d’Gemeng Réiden/Attert op de soziale Medie matgedeelt huet, sinn op een Neits Iwwerreschter vun engem geschluechte Schof am Bësch fonnt gi sinn. Net nëmme geet et hei ëm ee respektlosen Ëmgang mam Déier, mee och ëm den Infektiounsrisiko.

Leider ass et net den éischte Virfall vun dëser Aart: An engem Bësch tëscht Réiden a Räichel sinn viru kuerzem d’Iwwerreschter vu Schluechtoffäll fonnt ginn. An enger Plastikstut sinn illegal de Pelz mam Kapp vum Schof, sou wéi d’Gedäerms placéiert ginn.

Schof

© Gemeng Réiden/Attert

Gefor fir Mënsch an Déier

Bei der Entsuergung vun den Schofsréckstänn sinn all Kéier gréng oder schwaarz Plastikstute vum selwechten Typ benotzt ginn. D’Mark am Ouer ass dobäi ëmmer vum Schëllegen erofgeholl ginn.

Et ass net nëmme kee schéinen Ubléck, mee zudeem och nach illegal a geféierlech. Dës Aart vun Entsuergung vun engem Déier stellt nämlech een héijen Infektiounsrisiko fir Mënsch an Déier duer. Offäll vun Notzdéiere solle just op den dofir virgesinne Plaze besäitegt ginn.

D’Dot gouf der Police gemellt an eng Plainte gouf gemaach. D’Gemeng Réiden/Attert wëll dës Aart u Virfäll net méi ongestrooft zouloossen an hëlt soumat all Hiweis zu dem/den Täter gären op.

Opmacherfotoen: © Gemeng Réiden/Attert

Related topics Gemeng Réiden/Attert, Hëllef, Illegal, Infektiounsgefor, Notzdéier, Plainte, Police, Schof, Schofsiwwerreschter
Next post Previous post