Search

You may also like

money
Lëtzebuerger Traditiounsbetrib an däitscher Hand
International Neiegkeeten

Lëtzebuerger Traditiounsbetrib an däitscher Hand

Staat, SNCI a Spuerkeess gesinn an der Paul Würth S.A.

surprise
Kroatien duerch Live-Selbstmord vum Praljak geschockt
International Neiegkeeten

Kroatien duerch Live-Selbstmord vum Praljak geschockt

Um Mëttwoch waren d‘Kroate geschockt, nodeems si live materlieft hunn,

money
Den europäesche Finanzsommet
International Neiegkeeten

Den europäesche Finanzsommet

Haut geet et zu Bréissel ëm den EU-Budget an d‘Finanzhëllefe

Illegal Migratioun: Op e neits e Kand an den USA gestuerwen

Illegal Migratioun: Op e neits e Kand an den USA gestuerwen

E Bouf aus Guatemala, vu grad emol aacht Joer, deen an den USA inhaftéiert war, ass en Dënschdeg an engem Spidol vun New Mexiko verstuerwen. Zur gläicher Zäit ass am Guatemala d‘Jackeline (7 Joer) begruewe ginn, datt och an den Hänn vun den US-Autoritéite gestuerwen ass.

De klenge Jong, dee vun der US-Grenzpolice (CBP) mat sengem Papp verhaft ginn ass, war „direkt an e Spidol iwwerfouert ginn, nodeems Unzeeche vun enger méiglecher Erkrankung festgestallt goufen“, heescht am Communiqué vun der CBP. Beim Kand war an engem éischte Moment en einfache Schnapp diagnostizéiert ginn, mee huet uschléissend e Féiwer-Schub entwéckelt.

D‘Kand wier zur Observatioun annerhallef Stonn am Spidol bliwwen, iert hie mat deene vum Dokter verschriwwene Medikamenter entlooss ginn ass. „Den Owend vum 24. Dezember huet d‘Kand ënner Iwwelzegkeet gelidden a sech bestänneg iwwerginn. De Bouf ass nees an d‘Spidol gefouert ginn, wou hie kuerz no Mëtternuecht, den 25. Dezember verstuerwen ass“, esou d‘CBP.

Aus dem Communiqué vun der US-Grenzpolice geet net ervir, ënner wéi engen Haftkonditiounen d‘Kand an de Papp festgehale goufen. De Guatemala huet op den neie Virfall besuergt reagéiert, a fuerdert „vun den amerikaneschen Autoritéiten eng seriö an transparent Enquête“, esou de guatemaltekeschen Ausseministère, dee nach preziséiert datt de medezinesche Rapport ugefrot gouf.

Déi guatemaltekesch Autoritéiten hunn an hirem Communiqué preziséiert, datt de Papp an de Bouf den 18. Dezember vun de Grenzpoliziste verhaft goufen, wéi si d‘Grenz vu Mexiko a Richtung USA iwwerschratt hunn, fir op El Paso (Texas) ze kommen. Den 23. Dezember sinn se op de Poste vun der Grenzpolice zu Alamogordo (New Mexiko) transferéiert ginn, wou et zum Drama koum.

D‘Häerz gebrach

Den demokratesche Senateur vu New Mexiko, Martin Heinrich, huet via Twitter matgedeelt, datt dat him d‘Häerz gebrach huet. „D‘Trump-Administratioun muss sech fir den Dout vun dësem Kand a fir all déi Liewen déi si a Gefor bruecht huet veräntwerten. Och fir den ugeriichte Chaos an d‘Mëssuechtung vu Mënscheliewen“. Domatter gëtt den Dout vum 8 järegen zum Politikum.

Och den Demokrat Marc Veasy, texanesche Parlamentarier an de Representantekummer, huet op Twitter gemengt: „Esou eng schrecklech Geschicht op Hellegowend“. Wierder deenen sech déi New Yorker Demokratin, Nydia Velazquez, uschléisst: „Mir mussen Transparenz fuerderen, Äntwerte bréngen an der geféierlecher, haasserfëllter Migratiounspolitik en Enn setzen“.

„Déi offiziell Ursaach firwat d‘Kand gestuerwen ass, ass nach net bekannt“, preziséiert de CBP, deen eng „onofhängeg an déifgräifend Opklärung vun den Ëmstänn déi zum Dout gefouert hunn“ versprécht. D‘US-Autoritéiten hu gläichfalls preziséiert, datt d‘Regierung vu Guatemala informéiert ginn ass, an een an dësem Moment versicht Kontakt mat der Famill am Guatemala opzehuelen.

Et ass dat dann och e weidere bedenkleche Virfall, nodeems den 8. Dezember e guatemaltekescht Meedche vu grad emol 7 Joer, nodeems och dat vun der Grenzpolice verhaft gi war, verstuerwen ass. D‘Jackeline – esou de Numm vum Kand – war an engem Spidol vun El Paso un engem, esou déi offiziell Versioun, septesche Schock gestuerwen. Eng Noriicht déi fir Kritik gesuergt hat.

US-Migratiounspolitik

Dëst Meedchen ass en Dënschdeg a senger Heemecht um Kierfecht vu San Antonio Secortez, enger ofgeleeëner Gemeng vun Agebuerenen, bäigesat ginn. „Dëst Meedchen huet säin Haus glécklech verlooss, op der Sich no der Erfëllung vun engem Dram, mee et ass um Wee dohinner dem Dout begéint“, esou den Alberto Pop, de Verantwortleche vun der Maya-Communautéit zu Raxruhá.

Kanner stierwen also un de Folge vun enger Migratiounspolitik, déi den Donald Trump sengen Unhänger versprach huet. „Null Toleranz géintiwwer der illegaler Migratioun“, esou de Motto vun der Trump-Administratioun. Am Juni hat déi systematesch Trennung vun den Elteren an hire Kanner fir esouvill Opreegung gesuergt, datt den US-President dës Praxis huet missen ënnerbannen.

Am Oktober huet de Milliardär fir d‘éischt d‘Nationalgarde „an den Asaz geschéckt“, dunn der Arméi den Uerder ginn sech laanscht déi mexikanesch Grenz opzestellen. Déi sollten eng „Invasioun vu Migranten aus Zentralamerika“ ophalen, zur Nout mat Waffegewalt. Och dat eng Entscheedung déi an den USA – wéi och soss an der Welt – net op Zousproch gefall ass.

Den Ament streit den US-President sech mam Kongress doriwwer, fir säi Projet: eng Mauer laanscht déi mexikanesch Grenz opzeriichten, finanzéiert ze kréien. E wichtege „Projet“ deen zu senge wichtegste Wahlversprieche gehéiert. De Kongress huet offensichtlech net wëlles dem President déi „Mauer“ ze finanzéieren, firwat et déi lescht Woch zum Shutdown komm ass.

mat AFP

Foto: D‘Directrice vun der „US Border Patrol“, Carla Provost (hei e Bild vum 12. Dezember) ass eng fervent Unhängerin vun der trumpscher Migratiounspolitik. Si ass weiderhin dovunner iwwerzeegt, datt all déi un der Grenz ugewannte Moossname berechtegt sinn. D‘Enquêten zum Dout vun zwee Kanner bannent dräi Wochen, géifen deem net widderspriechen. © Zach Gibson/Getty Images/AFP

Related topics Carla Provost, CBP, Donald Trump, Grenzpolice, Guatemala, Kanner, Migratioun, US-Migratiounspolitik, USA
Next post Previous post