ADEM: D’Zuel vun den Aarbechtssichende geet erof
D’Zuel vun den Demandeurs d’Emploi, déi bei der ADEM ageschriwwe
D’Zuel vun den Demandeurs d’Emploi, déi bei der ADEM ageschriwwe
D’Singer/Songwriterin Joan As Police Woman (aka Joan Waaser) aus den
D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt de Gousseler Tunnel muer den Owend
Viru kuerzem huet ILNAS, déi sech ëm Qualitéit, Sécherheet a Konformitéit këmmeren an ënnert der Tutelle vum Wirtschaftsministère stinn, eng national Campagne zu de Vëloen mat elektrescher Assistenz (VAE) duerchgefouert. Dës Moossnam reit sech an d’Iwwerwaachungsaktivitéite vum Gesetz vum 27. Mee 2010 an.
Ënnert de VAE’en, och E-Bike genannt, ass tëscht zwou Kategorien ënnerscheet ginn:
Esou huet ILNAS verschidden administrativ an technesch Kontrollen zur Konformitéit vun den E-Bikes vu verschiddenen Händler zu Lëtzebuerg gemaach. Esou soll(en):
Bei der neitsten Stéchprouw huet ILNAS 12 Produite vu verschiddene Marken erausgepickt, woubäi divers Kritäre gekuckt gi si, wéi beispillsweis den Typ (VTT,VTS, Klappvëlo,…), d’Bremsen (Scheiwebremsen, mechanesch oder hydraulesch Bremsen) oder och den Typ vum Motor. Esou si schlussendlech 9 E-Bikes an 3 Speedbikes mat engem Präis tëscht 800 bis 4.000 € ausgewielt ginn.
D’Produiten sinn an een externe Labo geschéckt ginn, déi sech ëm déi technesch Kontroll gekëmmert huet. Folgend 3 Aspekter si spezifesch zur Sécherheet kontrolléiert ginn:
D’Resultater vun der administrativer Kontroll
Bei 7 vun 12 VAE’en konnten net-konform Aspekter festgestallt ginn. Heibäi sinn déi ekonomesch Operateuren vun den Agenten vun ILNAS kontaktéiert ginn, fir esou de Produit ze iwwerschaffen an unzepassen.
D’Resultater vun der technescher Kontroll
Am technesche Beräich konnte bei kengem Vëlo Onstëmmegkeete fonnt ginn am Beräich vun de Bremsen an der maximaler Vitess. Allerdéngs si bei der Struktur-Resistenz zwee Vëloen net duerchkomm, wëll si gebrach sinn.
Duerch dësen erhéijte Risiko fir d’Sécherheet vum Fuerer gëtt de Verkaf um nationalen Niveau verbueden, bis de Vëlo schliisslech den Normen entsprécht. Duerch de „Safety Gate“ vun der europäescher Kommissioun sollen d’Vëloen vum Marché gezu ginn.
Fir weider Detailer zu den elektresche Vëloen oè „Safety Gate“ ze kréien, sollt een portail-qualite.public.lu besichen.