Search

You may also like

150 Mënsche bei Äerdbiewen a Mexiko gestuerwen
Neiegkeeten

150 Mënsche bei Äerdbiewen a Mexiko gestuerwen

Zesummegefallen Haiser, Panik: Op mannst 138 Mënschen hunn hiert Liewe

Mat verbëtzen ophalen: Elo!
Neiegkeeten

Mat verbëtzen ophalen: Elo!

Am Kontext vun der grousser Campagne „Zesumme géint d‘Verschwendung“ ass

An der Gewalt vun der japanescher Justiz: de Carlos Ghosn
Neiegkeeten

An der Gewalt vun der japanescher Justiz: de Carlos Ghosn

De fréiere Chef vun der Wirtschaftsallianz „Renault-Nissan-Mitsubishi“ Carlos Ghosn, setz

Huet d‘Covid19-Epidemie en Impakt op d‘Mënscherechter?

Déi consultativ Kommissioun fir d‘Mënscherechter (CCDH) huet dozou ee Rapport publizéiert

Huet d‘Covid19-Epidemie en Impakt op d‘Mënscherechter?

Fir de President vun der CCDH, Gilbert Pregno, war et wichteg am Virfeld drop hinzeweisen, datt déi sanitär Kris, ausgeléist duerch de Covid19, nach unhält an esou eppes komplizéiert ass, eng vollstänneg Analys oder e Bilan zum Impakt op d‘Mënscherechter virzeleeën. Et misst een dëse Rapport also als „Tëschebilan“ betruechten.

Dat verhënnert net, datt de CCDH scho gewësse wichteg Konsequenzen observéiert huet, firwat d‘Kommissioun dann och eng Rei Recommandatioune fir d‘Regierung parat huet. Et dierf hei nach drop higewise ginn, datt d‘CCDH schonn 13 Avisen an dësem Zesummenhang erstallt huet. Wat elo den aktuelle Stand vum Impakt op d‘Mënscherechter betrëfft, esou huet CCDH e puer Doleancen.

Esou verlaangt de Gilbert Pregno vun der Regierung, datt si den Informatiounszougank fir d‘Presse sécherstellt. D‘Regierung misst zudeem consideréieren, datt och d‘Kultur ee Mënscherecht ass a vill Mënschen ënnert de Restriktioune leiden. Doriwwer eraus, géifen d‘Areesbeschränkunge fir ee Familljemember dee baussent der EU residéiert, och gréisser Problemer mat sech bréngen.

D‘Kommissioun appelléiert un d‘Regierung, eng oppen a flexibel Ëmgangsweis unzehuelen an d‘Privatliewe vun de Residenten an hire Familljen am Ausland ze respektéieren. Eng weider Suerg stellen déi Jonk duer. Hei wëll d‘CCDH, datt sech d‘Regierung fir déi mental Gesondheet vun de jonke Leit asetzt. En Zougang zu psychiatresche Soine muss hei méiglech gemaach ginn.

Foto: de 25. Februar huet d‘CCDH – hei Vertrueden duerch de President Gilbert Pregno – dem Michael O‘Flaherty, Direkter vun der Agence fir fundamental Rechter vun der EU, eng Kopie vum Rapport iwwerreecht. © CCDH

Related topics CCDH, Covid19-Pandemie, Mënscherechter, Michael O‘Flaherty, Michel Pregno
Next post Previous post