Search

You may also like

Brexit: dat ass de rengste Chaos
International Neiegkeeten

Brexit: dat ass de rengste Chaos

Déi britesch Premierministesch, Theresa May, huet e Méindeg den Deputéierten

Psychologesch Hëllef am virtuelle Raum
International Neiegkeeten

Psychologesch Hëllef am virtuelle Raum

Nieft de gesondheetleche Problemer, ervirgeruff duerch de Coronavirus Covid19, déi

Knascht an der Uelzecht
International Neiegkeeten

Knascht an der Uelzecht

Nom Héichwaasser hu misse vill Kellere gebotzt ginn, an et

Impeachment: Elo ass et eescht

Demokraten hunn Amtsenthiewungsverfare wéinst Muechtmëssbrauch a Behënnerung vum Kongress ageleet

Impeachment: Elo ass et eescht

D‘Demokraten hunn am Kongress d‘Majoritéit an esou war et dann och ze erwaarden, datt beim et Vott zur Aleedung vum Amtsenthiewungsverfaren (Impeachment) béid Lager entspriechend dem Parteiuerder ofstëmme géifen. Den Donald Trump ass den 3. US-President an der Geschicht dee sech dëser Prozedur stellen dierf.

Mat 230 zu 197 ass d‘Uklo wéinst Amtsmëssbrauch an der Ukrain-Affär ugeholl ginn, de Virworf vun der Behënnerung vum Kongress ass mat 229 zu 198 ugeholl ginn. Mee dat eleng huet wéineg ze soen, well iwwert déi tatsächlech Amtsenthiewung muss déi zweet Kummer vum Kongress, den US-Senat entscheeden. Hei dierft d‘Prozedur op en Enn goen, d‘Republikaner hunn hei d‘Soen.

Dem Vott war eng laang Sëtzung virausgaangen (11 Stonnen) wou et tëscht den Demokraten an dem Milliardär senge Republikaner verbal zimlech hëtzeg Echange ginn huet. D‘Demokraten hunn d‘Erëffnung vum Amtsenthiewungsverfare mat der „Verflichtung d‘Verfassung ze schützen“ begrënnt. Den Donald Trump wier eng Gefor fir d‘Demokratie an déi national Sécherheet.

Representantenhaus versus Senat

Säitens de Republikaner heescht et, datt d‘Demokraten d‘Verfaren aus rengem parteipolitesche Kalkül aleede géifen. Si wieren zudeem vun Ufank un dovunner besiess gewiescht, den Donald Trump mat engem Impeachement aus dem Amt ze verdreiwen. De Milliardär huet sengersäits den Demokrate virgeworf, si wéilten seng Wahlvictoire vun 2016 annuléieren. Do kéint eng dru sinn.

Bei sengem Wahlkampfoptrëtt zu Battle Creek (Bundesstaat Michigan) huet den Donald Trump sengen Unhänger erkläert, datt déi „radikal lénk am Kongress vun Näid, Haass a Wut op hien“ zerfriess wier. Seng Fangemeinschaft steet dann och wéi „ee Mann“ hannert him, an si gleewen him dann och wann hie mengt: „Dës Leit si verréckt“. Dobäi gëtt et wéineg Grënn panesch ze ginn…

Wéi stinn d‘Chancen dem 45. US-President lasszeginn?

Wann an dëser éischter Ronn d‘Demokraten duerchaus esou eppes wéi eng Victoire ze verzeechnen hunn, esou muss sech de Locataire vum Wäissen Haus nach net no enger neier Wunneng ëmkucken. Dat eigentlecht Amtsenthiewungsverfare fënnt am US-Senat statt, méiglecherweis schonn am Januar. Den US-Senat géif d‘Roll vun engem Geriicht anhuelen a kéint de Mann „enthiewen“.

D‘Wahrscheinlechkeet tendéiert allerdéngs géint „0“, well hei misste mindestens 20 republikanesch Senateuren d‘Säite wiesselen, fir datt d‘Demokraten déi noutwenneg zweedrëttel Majoritéit – déi zwéngend gefuerdert ass – zesummekréien. Dat wäert net de Fall sinn, och wann et an de Reie vun de Republikaner „Kritiker“ gëtt. Mee et geet och ëm héijer Politik an déi huet hir eege Gesetzer…

mat indymedia/was

Related topics Amtsenthiewungsverfaren, Donald Trump, Impeachment, Kongress, Representantenhaus, US-Senat
Next post Previous post