Search

You may also like

Coque: E Parking deen de Clienten a Sportler virbehalen ass
Neiegkeeten

Coque: E Parking deen de Clienten a Sportler virbehalen ass

De Misär eng Parkplaz ze fannen, déi méiglechst och ze

E Sonndeg ass Rout-Kräiz Bazar
Neiegkeeten

E Sonndeg ass Rout-Kräiz Bazar

Wéi all Joer, esou gëtt et och 2019 den traditionelle

Teheran net méi dem Atomofkommes verflicht?
Neiegkeeten

Teheran net méi dem Atomofkommes verflicht?

Am Sträit tëscht den USA an dem Iran, gëtt sech

An de Spideeler sinn se haut eppes „pickeg“

An de Spideeler sinn se haut eppes „pickeg“

Zanter haut de Mueren, ass elo och d‘Impfcampagne an de Spideeler ugelaf. An dräi Haiser ginn d‘Mataarbechter agelueden sech bereet ze halen. Et geet also virun, och wa mir hei am Land nach wäit vun den Zuelen ewech sinn, wéi se vun den israeleschen Autoritéite virgeluecht ginn.

Den Ament gëtt alles am Land vun der Covid19-Pandemie orchestréiert: d‘Beruffsliewen an am private Beräich huet dëse Virus zimmlech am Grëff, esouguer dann, wann een net dru gleeft oder versicht et ze ignoréieren. Wärend déi eng eppes vu Mikrochippen am Vaccin braddelen, oder einfach generell dergéint sinn, well si d‘Pharmakonzerner net wëlle „fidderen“, gëtt et nach där Mënschen, déi net nëmme verstanen hunn datt vill Argumenter „Quatsch“ sinn, mee sech bewosst sinn, dat laangfristeg wierklech nëmmen Normalitéit opkomme kann, wa mir geimpft sinn.

Aktuell kann awer nëmmen esou séier geimpft ginn, wéi de Vaccin disponibel ass, firwat et dann och enger Strategie bedierf, déi natierlech mat gewësse Prioritéiten ze kämpfen huet. Mee et kënnt ee virun, an nodeems an der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg, esou wéi och an den eelef Alters- a Fleegeheemer scho „gepickt“ ginn ass, ass haut am CHL, dem HRS an dem CHEM alles wat derzou bereet war geimpft ginn. Muer gëtt dat Ganzt dann an den Haiser vum CHdN widderholl.

Am Spidol um Kierchbierg (HRS) huet d‘Direktioun sech och nach eng Strategie zougeluecht, wat u sech jo och logesch erschéngt, well déi besteet haaptsächlech doranner, datt all dat Personal dat direkte Kontakt mat Covid19-Patienten huet, als éischt seng Impfung erhale muss. Dat betrëfft hei och d‘Urgencen, d‘OP-Ekippen an natierlech d‘Intensivstatioun. Bis Enn Mäerz sollt dann och am HRS dat ganzt Personal geimpft sinn. Uschléissend sollen déi gefäerdet Patiente geimpft ginn, an duerno well een hëllefen, de Rescht vun de Leit am Land de Covid19-Impfstoff ze verofreechen.

Illustratioun: © Isaach Quesada / unsplash

Related topics CHdN, CHEM, CHL, Covid19-Impfung, HRS
Next post Previous post