Search

You may also like

Plainte vum SNPGL: Un d’Aarbechts- a Rouzäite vun der Police gëtt sech net gehalen
Meenung Neiegkeeten

Plainte vum SNPGL: Un d’Aarbechts- a Rouzäite vun der Police gëtt sech net gehalen

Eigentlech sinn d’Aarbechts- a Rouzäiten, sou wéi d’Iwwerstonne vun der

Bei der Tripartite vum Stolsecteur huet et ee prinzipiellen Accord
Meenung Neiegkeeten

Bei der Tripartite vum Stolsecteur huet et ee prinzipiellen Accord

D‘Patronat, d‘Gewerkschaften an d‘Regierung hu gëschter Dënschdeg am Kader vun

moneysurprise
Cargolux: De Grondstee fir dat neit Haaptquartéier ass geluecht
Meenung Neiegkeeten

Cargolux: De Grondstee fir dat neit Haaptquartéier ass geluecht

Et ass eng vun de gréisste Frachtfluchgesellschaften op der Welt

Impfchaos: Wou si Bettel a Lenert?

Lëtzebuerg huet am verglach zum europäeschen Ausland ferm Verspéidung mat den Impfungen

Impfchaos: Wou si Bettel a Lenert?

Enn Dezember sinn déi éischt Impfstoffer zu Lëtzebuerg ukomm. Eréischt e Méindeg den 11. Januar, goufen d‘Klinike mat Impfstoffer beliwwert. D‘Regierung huet sech iwwerdeems domat gebretzt, datt Lëtzebuerg als éischt Land an der EU mam Impfstoff vun der amerikanescher Firma Moderna beliwwert ginn ass, eng Ausso, déi net der Wourecht entsprécht, well den 11. Januar esouwuel Däitschland, wéi och d‘Belsch mat Moderna beliwwert gi sinn.

RTL-Informatiounen no, déi bei de leit um Terrain nogefrot hunn, hätt d‘Verspéidung bei den Impfunge virun allem logistesch Grënn. Dat een sech beim Beschafe vun den Impfstoffer ganz op d‘EU verlooss huet, ouni am Kader vun den nationalstaatleche Kompetenze selwer Initiativ ze ergräifen, ewéi Däitschland dat gemaach huet, ass sécherlech och keng positiv Reklamm fir d‘Regierung. Weider nach huet dëst als Konsequenz, datt d‘Leit zu Lëtzebuerg, prozentual gesinn, bis elo manner wéi hallef esouvill Impfunge maachen, ewéi den Duerchschnëtt vun den EU-Länner.

Zanter dem Ufank vun der Covid10-Kris war d‘Regierung esou omnipresent an de Medien, ewéi seele virdrun. D‘Medi goufe vun der Regierung reegelrecht instrumentaliséiert. Elo wou d‘Regierung hir Aarbecht net richteg gemaach huet, si Bettel a Lenert op eemol net méi present a schécke Fonctionnairen an d‘Ëffentlechkeet, fir Stellung ze huelen.

Déi selbstherrlech Duerstellung vun der Regierung hält spéitstens dann op, wann et gëllt Verantwortung ze iwwerhuelen, Et ass och net verwonnerlech, datt de Kontakt mat der Press op eemol vill manner lackelt. D‘ADR rappelléiert hir Positioun, datt d‘Impfung als prophylaktesch Mesure muss op fräiwëlleger Basis berouen a verweist op d‘Eegeverantwortung vun de Bierger. Wa Leit sech awer fräiwëlleg impfe loossen, muss d‘Regierung e séieren an einfachen Zougang zur Impfung garantéieren.

Matgedeelt vun der ADR – D‘Meenung vun de Parteien ass hir eegen

Illustratioun: © Sneha Cecil / unsplash

Related topics adr, Covid19-Vaccin, Impfchaos, Moderna, Paulette Lenert, Xavier Bettel
Next post Previous post