Search

You may also like

Barcelona: Grouss Erausfuerderung fir den Dylan Pereira
Neiegkeeten

Barcelona: Grouss Erausfuerderung fir den Dylan Pereira

No liichte Startschwieregkeeten an de Porsche Carrera Cup Däitschland um

An de Kinoe ginn d‘Luuchten aus… mee d‘Leinwand bleift onbespillt
Neiegkeeten

An de Kinoe ginn d‘Luuchten aus… mee d‘Leinwand bleift onbespillt

D‘Kinoe mussen – wéi d‘Theateren, d‘Bistroen an d‘Restauranten och –

What the Fakt – Haut ass internationalen Dag vun de Veganer
Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass internationalen Dag vun de Veganer

Si ginn nach ee Stéck méi wäit, wéi d’Vegetarier a

Impfen: Jo – Nee – Villäicht?

Impfen: Jo – Nee – Villäicht?

Zanter de Premierminister Xavier Bettel a senger Ried zur Lag vun der Natioun uklénge gelooss huet, datt et méiglecherweis scho fir Dezember en Impfstoff géint de Covid19-Virus kéint ginn, a Pfizer zesumme mat Biontech gemellt huet, bis zum Fréijoer 2021 säi Vaccin um Maart ze hunn, stellt sech folgerichteg d‘Fro ob ee sech dann och wëll impfe loossen.

Eng Fro där d‘Kolleege vum L‘Essentiel nogaange sinn, woubäi si leider nëmmen eng frankophon Ëmfro gemaach hunn, wat aschléisst, datt ganz vill Grenzgänger un dësem Sondage deelgeholl hunn, firwat een d‘Resultater dovunner net einfach 1:1 op just Lëtzebuerg iwwerdroe kann. Mee et hunn 19.000 Leit participéiert, wat däitlech méi representativ wéi de Politmonitor vun RTL ass.

Aus dem L‘Essentiel-Sondage geet ervir, datt grad emol 27% vun de Leit déi sech geäussert hunn, och bereet wieren sech impfen ze loossen. En Trend deen esou an der ganzer Unioun méi oder manner ausgepräägt, ofhängeg vun de Regiounen a Mentalitéiten, festzestellen ass. Et ass jo an der tëscht gewosst, datt sech an der EU generell méi kritesch géintiwwer Impfstoffer geäussert gëtt, an déi sougenannten Impfgéigner ginn eng ëmmer gréisser Bewegung. Mee et huet och aner Grënn.

Hei gëtt an der Urgence versicht eppes iwwert de Knéi ze briechen, an d‘Informatioune sinn esou widderspréchlech wéi onverständlech. Datt kee sech dem Risk wëll aussetzen e Vaccin gesprëtzt ze kréien, vun deem esouguer d‘Experte mengen, datt en (nach) ausräichend getest ginn ass, da jo wuel eng logesch Konsequenz. An dat huet manner mat de Q-Anon a Queerdenker ze di wéi ee mengt.

Et ass villméi esou, datt en Informatiounsiwwerschoss gëtt an d‘Course ëm de Covid19-Impfstoff jo och maximale Profit versprécht. Bei Geld hält d‘Frëndschaft bekanntlech op an d‘Vertrauen an déi pharmazeutesch Industrie ass no ville Skandaler och nach nohalteg beschiedegt. Dat féiert dozou, datt keen den „éischte“ wëll sinn, a jidderee wëll ofwaarde wéi sech den Impfstoff auswierkt, wat et mat den Niewewierkungen op sech huet… Gläichzäiteg ass gewosst, datt et e Vaccin brauch.

Dat féiert dann nees riicht ewech zur quadratur vum Krees. Schold un dësem „Denken“ hu Politik, Pharmaindustrie a Verschwierungstheoretiker gläichermoossen. Et kann een dann och kengem Verdenken, datt een sech wëll gutt Iwwerluecht hunn, wat ee sech do an säi Kierper aféiere léisst. Et ass och bedenklech, datt den Hiersteller vum Vaccin net vollëmfänglech Haftbar ka gemaach ginn.

Illustratioun: Ouni Impfstoff wäert een dem Covid19 wuel net Här ginn, dat wëssen och all déi wou sech den ament éischter net impfe loosse wëllen. Dat huet manner domadder ze dinn, datt d‘Leit generell keng Loscht méi hätten sech impfen ze loossen, wéi mat den Zweiwel déi vun de villen Intervenanten – dozou gehéieren och d‘Medien – gestreet ginn. © Daniel Schludi / unsplash

Related topics Covid19, Impfstoff, L‘Essentiel, Sondage, Vaccin
Next post Previous post