Search

You may also like

En neie President fir den Nationalen Auslännerrot (CNE)
International Neiegkeeten

En neie President fir den Nationalen Auslännerrot (CNE)

Zu Lëtzebuerg bedréit den Undeel vun Auslänner an der Bevëlkerung

Et gëtt esou laang gewielt bis et passt!
International Neiegkeeten

Et gëtt esou laang gewielt bis et passt!

Eigentlech wollt de Benny Gantz (Kahol Lavan) mam Benjamin „Bibi“

Si mir prett fir eng Lackerung vun de Mesuren? (Analys)
International Neiegkeeten

Si mir prett fir eng Lackerung vun de Mesuren? (Analys)

Datt d‘Gesondheetsministesch ee Sonndeg an der Sendung „riicht eraus“ um

Impfflicht ass rechtens!

Den europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff (ECHR) hält eng national Impfflicht fir zoulässeg

Impfflicht ass rechtens!

Um europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff zu Stroossbuerg ass gëschter ee ganz interessant Urteel gefält ginn. Familljen aus Tschechien hate beim ECHR Klo agereecht, fir sech géint den Impfzwang ze wieren. Et goung allerdéngs net ëm de Covid19, mee natierlech wierkt sech dëst Urteel och dorobber aus.

Ee Kand datt an Tschechien an d‘Spillschoul geet, muss mindestens néng Impfungen noweisen, déi meescht sinn och bei eis zu Lëtzebuerg üblech. Ee puer Kanner an ee Papp aus Tschechien haten du Problemer mat den Autoritéite kritt, well si géint déi an hirem Land bestoend Impfflicht verstouss hunn. No villem hin an hir, ass de Sträit zu Stroossbuerg um Mënscherechtsgeriichtshaff gelant.

Wourëms et geet: De Papp sollt eng Geldbouss bezuelen, well hie seng zwee Kanner net géint Polio, Hepatite-B an Tetanus impfe gelooss huet. An Kanner hunn net dierfen an d‘Spillschoul, well se virgeschriwwen Impfungen net erhalen haten. Juristesch konnten d‘Elteren an Tschechien keen Erfollegt fir sech verbuchen an hunn sech dunn un den ECHR gewannt. Do gouf gepréift.

Alles rechtens

Si hunn sech et net einfach gemaach an haten sech och entspriechend Zäit gelooss, mee elo läit d‘Urteel vun den ECHR-Riichter vir an do heescht et: „Ee Staat an Europa dierf Impfunge fir Kanner zur Flicht maachen. Allerdéngs kann dat all Land ënnerschiddlech handhaben. Et sinn déi national Autoritéiten, déi am beschte beurteele kënnen, wat noutwenneg ass“. Dat ass däitlech.

Et muss elo awer kee fäerten, datt iwwerall Impfflichten ausgeschwat ginn. Déi meeschte Länner an der Unioun wëlle keng Impfflicht. Mee déi wou et wëllen, wéi eben Tschechien, mee och Polen oder Frankräich beispillsweis, dierfen se duerchsetzen. Et ass esouguer rechtens Geldboussen ze verhänken oder, wéi hei, den Zougank zur Spillschoul ze verwieren. Méi geet dann awer net.

Zu Stroossbuerg maachen se schon en Ënnerscheet tëscht „Flicht“ an „Zwang“. Impfe wier och ëmmer en Agrëff an de Kierper. Eng Impfung mat kierperlechem Zwang, datt wëll och kee Riichter zu Stroossbuerg zouloossen. Allerdéngs muss een, wann ee sech der Impfung verweigert, dann och déi domadder verbonnen Aschränkungen akzeptéieren. Entscheedungsfräiheet huet och säi Präis.

mat indymedia/sxb

Foto: © ECHR

Related topics ECHR, Impfflicht, Mënscherechtsgeriichtshaff, Tschechien
Next post Previous post