Search

You may also like

ArcelorMittal Wierk zu Taranto: Al, gëfteg an déidlech?
International Neiegkeeten

ArcelorMittal Wierk zu Taranto: Al, gëfteg an déidlech?

Den ILVA-Deal vum indesch-lëtzebuergesche Stolkonzern ArcelorMittal, war schonn am November

Venezuela: Attentat op den Nicolas Maduro, eng Iwwersiicht
International Neiegkeeten

Venezuela: Attentat op den Nicolas Maduro, eng Iwwersiicht

Zwou Explosiounen, siwe Verletzter, sechs Verhaftungen: dat sinn déi Elementer

Diddenuewen: Valorisatioun vum Patrimoine am Quartier „Couronné“
International Neiegkeeten

Diddenuewen: Valorisatioun vum Patrimoine am Quartier „Couronné“

Dem Quartier „Couronné“ vun Diddenuewen seng Renaissance an d‘Valorisatioun vu

Impfflicht elo och fir d‘Griichen?

Impfflicht elo och fir d‘Griichen?

Zu Athen gesäit een et net mat engem gudden A, datt déi am Gesondheetssecteur beschäftegt Leit vun hirem Recht op „Fräiwëllegkeet“ tatsächlech Gebrauch maachen, an esou ee gréisseren Deel vun dëse Mënschen nach net geimpft ass. Firwat gëtt een dann awer de Leit d‘Wiel, wann d‘Zil um Enn awer den Zwang ass? Et läit un der Demokratie…

Fir sech vun Diktaturen ze differenzéiere sollen d‘Demokratie decidéiert hunn, de Bierger d‘Recht ze ginn, fir sech selwer ze entscheeden, firwat Impfen net generell verflichtend ass. Dat gëllt esou wuel och fir déi am Gesondheetssecteur beschäftegt Leit, mee faktesch ass et ni drëms gaangen, de Mënschen de Choix ze loossen. Et wier sënnvoll gewiescht vun Ufank un, d‘Impfflicht anzesetzen.

Dozou huet allen, esouguer ausgewise Cretinen hu sech dat net getraut, de Courage gefeelt, firwat elo iwwerall u sektorielle Léisungen an Ausweeër gesicht gëtt. Et geet an enger éischter Phas drëms déi Beruffer ze Zwéngen, déi een esouwuel moralesch wéi ethesch ënner Drock setze kann, de Rescht dierft uschléissend vum selwe goen. Mee Drock eleng geet net iwwerall an ëmmer duer.

Griicheland

Zu Athen huet ee Méindeg de Ministerpresident Kyriakos Mitsotakis seng Landsleit an enger Usprooch eng Message iwwermëttelt: „Mir mussen de Geimpften hir Rechter zeréckginn an déi iwwerzeegen déi nach skeptesch sinn“. Domadder huet de Regierungschef dann awer net nëmmen agestanen, datt de Bierger hir Rechter beschnidde goufen, mee et elo zwou Zorte Bierger huet.

Impfzwang an Etappen

Zanter gëschter gëllt also elo a Griicheland d‘Impfflicht fir all Salarié an de beräicher Alters- oder Fleegeheem. Wien sech bis zum 16. August net mindestens eng éischt Dosis ënnert d‘Haut joe gelooss huet gëtt suspendéiert. 14 Deeg drop, also ab September, gëtt dann den Impfzwang op de gesamte Gesondheetssecteur ausgewäit. Eng Mesure déi fir den ëffentlechen a private Secteur gëllt.

Interessant un der griichescher Virgoensweis, d‘Patrone kréien elo per Gesetz d‘Recht sech iwwert den Impfstatut vun hire Mataarbechter ze erkënnegen. De Gesondheetsminister Vassilis Kikilias huet erkläert: „bis zum 1. September muss jidderee mat mindestens de éischter Dosis geimpft sinn. Mir wäerten et gesetzlech esou reegelen, datt d‘Gestionnaire vun Alters- a Fleegeheemer ganz séier Zäitaarbechter astelle kënnen, fir déi ongeimpft ze vertrieden. Haiser déi géint dës Reegelung sollte verstoussen, mussen sech op Strofe vu bis zu 200.000 Euro astellen“.

Griicheland

Mee déi griichesch Regierung huet et net nëmmen op de Gesondheetssecteur ofgesinn. Fir de Leit ze erklären datt et an Demokratien zwar theoretesch méiglech ass, selwer fir sech ze entscheeden ob een eppes matmécht oder och net, den Debat dozou allerdéngs beschtefalls „philosophesch“ ka sinn, huet et en Impfzwang deen – just aus perséinlechen Interessen – kee sech traut auszeschwätzen.

Wéi dréckt sech dat aus? Ma ab e Freideg dierfen nëmmen nach Mënschen déi vollstänneg geimpft sinn, an de Restaurant, den Theater oder de Kino. Eng Reegel déi zäitno och soll fir Verwaltungen ugewannt ginn. De Restaurateure bleift et – aus Grënn – nach erlaabt selwer ze decidéieren, ob si ongeimpfter op hiren Terrassen zerwéiere wëllen. Wien sech net un d‘Virschrëften hält riskéiert ee Protokoll vu bis zu 5.000 Euro, a kann esouguer zougemaach ginn.

Mat Widderstand gëtt gerechent

Gutt dann awer och, datt wéinstens de griichesche Wirtschaftsminister eppes Faarf bekannt huet an déi tatsächlech Motivatioun hannert der Impfflicht erläutert huet. Et geet virun allem drëms der Wirtschaft – also de Frënn a Walspender – ze gefalen. An d‘Wirtschaft wëll gesinn datt d‘Regierung gutt opgestallt ass an d‘Lag ënner Kontroll huet. Offiziell géif et ëm den Aarbechtserhalt goen.

Wéi et ze interpretéieren ass, datt de Kyriakos Mitsotakis dovunner iwwerzeegt wëll sinn, datt eng grouss Majoritéit vun der Bevëlkerung hannert him steet an dës Mesuren ënnerstëtzen, entzitt sech esouguer de lokale Politexperten. Et schéngt awer d‘Viraussetzung ze sinn, fir déi aner Parteien am Parlament dovunner ze iwwerzeegen, ouni Virbehalt d‘Impfflicht Phaseweis am Land anzeféieren.

Griicheland

Den Alexis Tsipras, Leader vun der lénker Oppositiounspartei Syriza, erkennt an dëser Annonce vun der Regierung de Wëllen d‘Land a seng Bierger ze splécken. Et wier engersäits ee vergëften an anersäits een onfaire Programm. Statt op Vernonft an Argumentatioun ze setzen, géif d‘Regierung elo d‘Mënsche bedreeën, zëssen an néidegen. Ob Zwang dee bessere Wee ass, muss sech erweisen.

Jiddefalls ass gewosst, datt déi griichesch Regierung bis Enn August 70% vun de Residente wëll geimpft hunn. Datt et wuel – wéi dat an anere Länner, wéi beispillsweis Israel oder USA méiglech war – aner wesentlech méi einfach Methode gëtt Leit ze iwwerzeegen oder incitéieren, dat schéngt besonnesch de politesch konservative Kreesser suspekt. Well en Uerder ass keng Diskussiounsbasis.

mat indymedia/ath

Illustratioun: © John Koliogiannis / unsplash

Related topics Athen, Gesondheetssecteur, Griicheland, Impfflicht, Impfzwang, Kyriakos Mitsotakis, Politik
Next post Previous post