Search

You may also like

Séinoutretter*inne vu MOAS gi mat der SEA-EYE 4 op d’Mëttelmier
International Neiegkeeten

Séinoutretter*inne vu MOAS gi mat der SEA-EYE 4 op d’Mëttelmier

D’Hëlleforganisatioune Sea-Eye a MOAS hunn eng intensiv Zesummenaarbecht fir d’Duerchféierung vu Sich- a Rettungsmissioune

E sektoriellen Accord tëscht CGDIS an SNPPL
International Neiegkeeten

E sektoriellen Accord tëscht CGDIS an SNPPL

Um 18. November hunn d’Representante vum CGDIS, der Pompjeesgewerkschaft SNPPL

Lëtzebuerg um Wee a Richtung Steiergerechtegkeet
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg um Wee a Richtung Steiergerechtegkeet

Méi Gerechtegkeet bei der Lounsteier, ass d‘Fuerderung déi d‘Zivilgesellschaft, d‘Gewerkschaften

Frankräich féiert Impfflicht fir Fleegepersonal an

Bis Mëtt September hunn déi am Gesondheetssecteur Beschäftegt Zäit sech vaccinéieren ze loossen

Frankräich féiert Impfflicht fir Fleegepersonal an

A senger Televisiounsusprooch un d‘Vollek, huet de President vu Frankräich erkläert, datt een elo eng verflichtend Covid19-Impfung fir d‘Personal am Gesondheetsberäich aféiert. D‘Impfflicht soll uschléissend iwwerpréift, a méiglech Verstéiss bestrooft ginn.

Impfflicht

„Mir mussen an d‘Richtung vun der Impfung vun alle Bierger goen, well dat bis heihinner deen eenzege Wee zeréck zu engem normale Liewen ass“, esou den Emmanuel Macron, dee ugedeit huet, datt sech och fir d‘Gesamtbevëlkerung d‘Fro vun der Impfflicht stellt. Fir den Ament awer sinn et emol déi Beschäftegt am Gesondheetssecteur, mat deenen ugefaange gëtt. D‘Konsequenzen si kloer.

Säitens dem Gesondheetsminister Olivier Véran gëtt nach preziséiert, dat Salariéeën déi bis zum Stéchdatum net geimpft sinn, dann net méi an hirem Beruff exerzéieren ausüben dierfen an dann och net méi bezuelt ginn. Déi politesch Aart a Weis eng Entloossung auszeschwätzen. Woubäi elo Entloossungen, wou et fir an hannen u Personal feelt, ënner Ëmstänn aner Problemer schafen.

Anersäits, bis ewell hu grad emol 53% vun de Fransouse mindestens eng Dosis kritt, wat och wann et eng wesentlech gréisser Bedeelegung wéi un de Regionalwalen huet, nach ëmmer net wierklech duer geet, fir entspaant an den Hierscht ze blécken. Zanter Enn Juni klammen d‘Neiinfektiounen nees an zanter leschtem Weekend, huet de Variant-Delta mat gutt 60% elo d‘Féierung iwwerholl.

Zur Impfung incitéieren

Well Geld – besonnesch fir déi wou es vill hunn – jo ee gutt Drockmëttel ass, sollen dann ab der Rentrée d‘PCR-Tester musse bezuelt ginn (ausser et gouf engem verschriwwen), mee ee Präis fir d‘Operatioun gouf net genannt. Zum neie Schouljoer soll et zudeem eng grouss Impfcampagne fir Schüler a Studente ginn. Och hei wäert een et politesch verstoen déi Jonk „iwwerzeegt“ ze kréien.

Als weidert Argument fir sech impfen ze loossen: et ginn nees déi sanitär Reegele verschäerft. Ab dem 21. Juli brauch et de CovidCheck/EU-Impfzertifikat fir an de Kino oder den Theater, a méi generell ab Versammlunge vu méi wéi 50 Persounen. Bis dohinner dierfen nach 1.000 Mënschen zesummekommen. Et gëtt zudeem u weidere Mesure gedoktert, déi an d‘Gesetz afléisse sollen.

Esou kéint dëse Gesondheetspass schonn ab August am Frankräich méi generell ugewannt ginn. Dat am ëffentlechen Transport, der Gastronomie, Akafszenter an esouguer fir de Besuch am Spidol. Et muss een et elo nach just entspriechend am Gesetz ënnerbréngen. Fir d‘Iwwerséigebidder (Réunion a Martinique) gëllt schonn ab haut nees de sanitären Noutstand. Hei huet et nees Ausgangsspären.

mat indymedia/par

Illustratioun: Wann een sech net fräiwëlleg zur Sprëtz begëtt, da kommen se ee sichen… © ev / unsplash

Related topics Covid19, Emmanuel Macron, Frankräich, Gesetz, Impfcampagne, Impfflicht, Olivier Véran, Sanitär Kris
Next post Previous post