Search

You may also like

Den Tramschantier ass zu Bouneweg ukomm
International Neiegkeeten

Den Tramschantier ass zu Bouneweg ukomm

Um Méindeg hunn den Transportminister François Bausch an déi Stater

HIV-Autodiagnostik-Tester: Geschwënn nach méi einfach an diskret!
International Neiegkeeten

HIV-Autodiagnostik-Tester: Geschwënn nach méi einfach an diskret!

No der Propositioun vum Gesondheetsminister Étienne Schneider huet de Rot

D’Réimer hu vill Spueren zu Lëtzebuerg hannerlooss. Mee wéi gutt kenns du se?
International Neiegkeeten

D’Réimer hu vill Spueren zu Lëtzebuerg hannerlooss. Mee wéi gutt kenns du se?

[onionbuzz quiz-id=135][/onionbuzz] Et ass zwar scho laang hier, mee d’Réimer

Spuenien wëll Impfgéigner registréieren

Nach ass net genee gewosst wat a wéi se zu Madrid mat deem Regëster wëlles hunn, mee et sollt ee wëssen dat och aner Regierungen un esou Modeller schaffen

Spuenien wëll Impfgéigner registréieren

Zanter iwwert de Covid19-Impfstoff rieds ass, an elo wou en dann disponibel ass, wuel nach net an ausräichender Quantitéit, firwat et bei den Impfunge Prioritéiten huet, heescht et datt ee kee well „Zwangsimpfen“. Sech impfen ass a bleift, esou déi allgemeng politesch Ausso: Fräiwëlleg! Leider wëllen d‘Autoritéiten awer gläichzäiteg datt méiglechst all Mënsch geimpft gëtt.

Esou laang et also net genuch Vaccin huet, geet ee vir wéi am Fréijoer mat de Masken: esoulaang et där net genuch ginn huet, a bis d‘Leit et drop haten hir eegen zesummenzeschrauwen, huet dës Fatz net genuch virum Coronavirus geschützt. Haut ass d‘Mask bis an dat eegent Heem era Flicht. Beim Impfstoff eng „Verflichtung“ ëm- oder duerchzesetzen ass, dann awer eng ganz aner Geschicht.

An Éisträich huet de Bundeskanzler Sebastian Kuerz ugekënnegt, datt een ab dem nächste Joer de leit operleeë kéint, nëmmen nach mat engem negative Covid19-Test oder engem Impfnowäis kann an ëffentlech Institutioune goen, den ëffentlechen Transport notzen an aneres méi. Esou kéint jo da jidderee fir sech entscheede wat him wichteg ass. Mee och Patrone sollen dat fuerderen dierfen…

D‘Spuenier hunn sech am Bezuch op „Iwwerzeegungsaarbecht“ fir eng aner Marketingstrategie entscheet. Am Gesondheetsministère zu Madrid weist een aktuell nach all Rumeuren an/oder Berichter zréck, laut där et eng beschlosse Saach wier, a Spuenien ee Regëster unzeleeën, an deem all d‘Residenten, déi sech der Covid19-Impfung verweigeren, sollen opgelëscht ginn. Ee Witz?

Wat et mat léif froen net geet…

Wat dëse Regëster betrëfft, esou ass aus zouverlässeger Quell gewosst, datt dësen ugeluecht gëtt. Et géif wuel den Ament nach gestridden a gepréift wéi dëse soll ausgesin:n, wat an dësem kann, soll a wuel och muss agedroe ginn. Soll just d‘Zuel vun dem Impfverweigerer notéiert ginn, den Numm oder awer ee méi ëmfaassenden Datesaz zur Persoun? Dateschutztechnesch wier dat alles legal.

Laut dem spuenesche Gesondheetsministère, géif sech streng a strikt un den Dateschutz gehalen, et géif am Fong geholl hei just drëms goen, eng Iwwersiicht ze hunn wou ee mat den Impfungen am Land drun ass. De Minister Salvador Illa allerdéngs, huet mat sengem Tëlee-Interview hei Zweiwel opkomme gelooss, wéi hie senge Landsleit de „Projet“ annoncéiert hat. An dat och net ze knapp.

Esou wéi et de spuenesche Gesondheetsminister duergestallt huet, wëll d‘Regierung keen zur Impfung zwéngen, mee d‘Leit misste Versteesdemech dofir hunn, datt et Planungssécherheet brauch an esou och bezunn op d‘Bestellung an d‘Lagerung vum Vaccin wichteg wier, ze wësse wéi vill Mënschen am Land geimpft goufen. Dat bescht ass jo och dat am Impfpass vermierken ze loossen.

Dat mam Regëster ass allerdéngs eppes anescht, an och wann de Salvador Illa behaapt, datt dëse Fichier net ëffentlech zougänglech ass (bis e vun Hacker geknackt gëtt) esou soll dësen awer den anere 26 EU-Memberen zur Verfügung gestallt ginn (a wuel och soss all Land dat duerno freet). Den Zweck vun deem Ganzen, respektiv wat sech dovunner erwaart gëtt, gouf net erläutert.

mat indymedia/mad/bru

Illustratioun: Sech Impfe loossen ass richteg a wichteg, sech net fir domm verkafen ze loossen awer och. Déi grouss Majoritéit vun de Bierger an Europa hunn dann och prinzipiell kee Problem mat de Vaccine, wieren awer gäre richteg informéiert. Zuweile kann de Mënsch wann ee gedirängelt gëtt zum Tockskapp ginn. © Hakan Nural / unsplash

Related topics Covid19-Impfstoff, Fräiwëlleg, Impfgéigner, Impfverweigerer, Regëster, Spuenien
Next post Previous post