Search

You may also like

Chrëschtmaart zu Steesel: De Verwinnprogramm fir all Sënner
Meenung Neiegkeeten

Chrëschtmaart zu Steesel: De Verwinnprogramm fir all Sënner

Kuerz no Niklosdag invitéiert d’Gemeng Steesel op säi Chrëschtmaart am

Jonk Journalisten: Fokus op Klima, Mobbing an Aarmut (e Kommentar)
Meenung Neiegkeeten

Jonk Journalisten: Fokus op Klima, Mobbing an Aarmut (e Kommentar)

Fir déi fënneft Editioun haten sech 72 Schoulklasse gemellt, awer

The Good Place ass déi originellste Serie, déi s de am moment kucke kanns
Meenung Neiegkeeten

The Good Place ass déi originellste Serie, déi s de am moment kucke kanns

The Good Place gëtt sech vun Ufank u Méi, ee

Editorial: Premierminister hält Impfpass fir méiglech

Editorial: Premierminister hält Impfpass fir méiglech

Zanter engem Mount ass ganz konkret iwwert d‘Aféierung vun engem europäeschen Impfpass rieds an och wann de Premier ugangs wéi üblech „Bedenken“ hat ass hie mëttlerweil vun dem, extra dem Covid19 gewidmeten, Impfpass als Alternativ iwwerzeegt. Firwat d‘Impfung net soll am vun der WHO ausgestallten internationalen Impfpass agedroe ginn? Dat muss mat Geld ze dinn hunn…

Wann et jo wuel ganz selbstverständlech ass, datt wann ee schonn en internationalen Impfpass säin eegen nennt, ee seng Impfungen dann och an dëst Bichelchen androe léist, misst och der Politik geleefeg sinn. Elo féieren awer „Sënn“ a „Politik“ ganz ënnerschiddlech Liewen, an esoubal sech eppes fir bal all Mënsch liicht erkläert, muss et verkomplizéiert ginn. Op se ee veraarsche wëllen?

Dat dierft zimmlech gewëss sinn, well bezunn op d‘Ausso: Zitat „Lëtzebuerg ass net géint en Impfpass. En ass eng gutt Alternativ, ouni deene wou net geimpft sinn, d‘Rechter ze beschneiden“. Ass dann elo de WHO-Impfpass ongülteg? Wéi ee Wäert huet en Impfpass, wann net geséchert ass, datt d‘Impfstoffer nohalteg wierken? Kredibel Äntwerten dorobber huet d‘Politik leider nach net.

Zudeem sollt et erlaabt sinn ze froen, datt wann et engersäits „Problemer“ mam Vaxzevria (fréier AstraZeneca) a mam Janssen huet, dee vu Pfizer/Biontech eventuell dräi Dose statt därer zwou brauch an et anersäits kee méi gëtt, wou sech traut eng Prognos op d‘Dauer vun der Immunitéit duerch ee Vaccin ze maachen, do net „Problemer“ huet déi virrangeg sollte gekläert ginn?

Illustratioun: © Josh Couch / unsplash

Related topics Covid19-Pandemie, Impfpass, Politik, Premierminister, Xavier Bettel
Next post Previous post