Search

You may also like

Venezuela: En ass nees do!
Meenung Neiegkeeten

Venezuela: En ass nees do!

Egal aus wéi engem Bléckwénkel een et betruecht, dem Juan

Aus Israel e jiddeschen Nationalstaat gemaach?
Meenung Neiegkeeten

Aus Israel e jiddeschen Nationalstaat gemaach?

Wat fir déi eng d‘Bestätegung ass, gesinn déi aner als

Jean Asselborn: Lëtzebuerg soll hëllefen, de Fridden am Sahel nees hierzestellen!
Meenung Neiegkeeten

Jean Asselborn: Lëtzebuerg soll hëllefen, de Fridden am Sahel nees hierzestellen!

De Lëtzebuerger Aussen- an Europaminister Jean Asselborn huet bei der

Impfprivilegien… oder just ethesch Ausrutscher? (Kommentar)

Wat deem enge Recht ass, kann deem aneren nëmme genehm sinn

Impfprivilegien… oder just ethesch Ausrutscher? (Kommentar)

Si gesinn sech selwer als d‘Elite vum Land, si fir de Fortbestand vun der Mënschheet essentiell an hire soziale Statut erhieft se souwisou iwwert de bëlleg Pöbel. An nee et ass ausnamsweis net rieds vum Jean Louis Schiltz (fréiere CSV-Minister a stramm gleewege Katholik), de Michel Würth an dem Claude Seywert, de Membere vum HRS-Verwaltungsrot.

Et ass jo och net einfach, d‘Verdeelung an d‘Vergab vun den Impfstoffer „à la discrétion du client“ ze arrangéieren, vu datt alles muss akribesch notéiert ginn. A wann dat virbildlech, vu groussen an eenzeg de Mënschheet verflichten „al wäiss Lëtzebuerger Männer“, Verhalen um Kierchbierg net verstane gëtt, esou dierft dat och de Fall am Dossier Nordspidol (CHdN) sinn. Sauerei awer och.

Impfprivilegien

Wéinst dem virbildleche Verhale vun de wuel wichtegsten dräi Männer am Land, hunn se sech am Nordspidol geduecht, den Ugrëff ass a bleift déi beschte Verdeedegung. Esou huet hei net d‘Press e Skandal opgedeckt, mee de Verwaltungsrot vum CHdN huet selwer eng Klo agereecht, nodeems 6 Dose vum Impfstoff Mënsche soll injizéiert gi sinn, déi wuel net „prioritär“ solle gewiescht sinn.

No enger aussergewéinlecher Sëtzung vum Verwaltungsrot – esou de Communiqué – wou no der eestëmmeger Decisioun eng Plainte ze deponéieren, och d‘Medien informéiert goufen, wier dës Mesure noutwenneg ginn. De Verwaltungsrot vum CHdN weess wuel net, wien déi sechs Leit sinn, déi dës Dosen erhalen hunn, firwat d‘Plainte dann och, géint „onbekannt“ agereecht gouf.

Konkret Moossnamen erfuerderlech

A senger aussergewéinlecher Sëtzung huet de Verwaltungsrot vum CHdN sech dann elo engagéiert, konkret Moossnamen anzesetzen. Mat dëse Mesure soll verhënnert ginn, datt et zu weideren Irregularitéite kënnt, an déi vum Gesondheetsministère festgeluechte Reegele strikt agehale ginn. Et hätt een den Direkter, Prof. Dr. Hans-Joachim Schubert beoptraagt, alles streng ze iwwerwaachen.

Wourëms geet et eigentlech? Esouwäit bekannt, hunn d‘Spideeler am Land Dose kritt, déi fir eng Impfung vu 7.400 Persoune gutt sinn. Leider hunn d‘Spideeler awer net déi selwecht Reegelen applizéiert, firwat et bei de „Prioritéiten“ ënnerschiddlech Uwennungen huet. D‘Ministesch hat nom HRS-Skandal d‘Spideeler opgefuerdert hir Vaccinatiounslëschten nach emol ze iwwerpréiwen.

Impfprivilegien

Am Kontext vum CHdN, géif sech ëm sechs „Rescht-Dosen“ handelen, déi Persounen erhalen hunn déi net „aktiv“ am Spidol schaffen. Et kéint sech dobäi ëm Familljemembere vun engem Fleeger handelen… an dat sollt esou jo och aus de Protokoller ervirgoen, vu datt all Persoun déi geimpft ass muss registréiert ginn. D‘Enquête vum Parquet dierft also weider Verfeelungen noweisen.

Interessanterweis, sinn an den ëmstriddene Covid19-Gesetzer keng Sanktioune fir esou Verstéiss virgesinn. D‘Politik dierft esou Entgleisunge beim verfaasse vun den Texter wuel berécksiichtegt hunn. Fir de President vun der Gesondheetskommissioun, Mars di Bartolomeo, handelt et sech hei ëm isoléiert Fäll, deenen een elo net sollt déi grouss Opmierksamkeet zoukomme loossen…

Illustratioun: © Brett Jordan / unsplash

Related topics Covid19-Vaccin, Gesondheetsministère, Impfstrategie, Reegelen, Skandal
Next post Previous post