Search

You may also like

Vëlosummer 2020 – Do dréins de um Rad!
International Meenung Neiegkeeten

Vëlosummer 2020 – Do dréins de um Rad!

Am Kader vun enger Pressekonferenz haut de Moien huet den

Séinoutrettung: Italienesche Senat approuvéiert Gesetz
International Meenung Neiegkeeten

Séinoutrettung: Italienesche Senat approuvéiert Gesetz

Um Méindeg huet den italienesche Senat e Gesetz ugeholl, mat

Belsch: Eng Primm fir d‘Fleegepersonal
International Meenung Neiegkeeten

Belsch: Eng Primm fir d‘Fleegepersonal

D‘Gehälter am Gesondheetswiese bei eise belschen Nopere sinn net déi

Impfstoffer eleng sinn net genuch

Training a Bezuelung vum Gesondheetspersonal, sou wéi d'Logistik entscheede besonnesch am Globale Süden iwwert Impferfolleger

Impfstoffer eleng sinn net genuch

De Rapport vun der internationaler Hëllefsorganisatioun CARE mam Titel „Our Best Shot: Women Frontline Health Workers In Other Countries Are Keeping You Safe From COVID-19“ weist, datt eng ëmfaassend an effizient Impfstrategie besonnesch am Globale Süden massiv Investitiounen an d’Impfinfrastruktur braucht.

All investéierten US-Dollar fir Impfstoff ka just da wierken, wa gläichzäiteg och 5-US-Dollar an Opklärungscampagnen, Logistik, Schutzausrëschtung an d’Gesondheetspersonal investéiert ginn. „Ouni Logistik hunn d’Impfdosen keen Notzen. D’Historesch Aufgab, Impfstoffer schnell, fair a gerecht ze verdeelen, ka just klappen, wa genuch finanziell Mëttel fir d’Stäerkung vu lokale Gesondheetssystemer bereetgestallt ginn“, erkläert de Frédéric Haupert, Direkter vu CARE Lëtzebuerg.

„An eisem klengen a räiche Land erliewe mir, datt d’Impfcampagne eng Mammuterausfuerderung ass. Fir Länner vum Globale Süden ouni stabille Gesondheets- an Transportsystem sinn dës Hürden nach vill méi grouss.“

Erfarungen aus afrikanesche Länner beleeën, datt fréi Investitiounen an ëffentlech Gesondheetssystemer d’Auswierkunge vun Epidemien däitlech reduzéieren. Trotzdeem thematiséiere just 10 vu 58 ëffentlech zougänglechen Impfstrategien a Grondsazerklärunge vu globalen Acteuren – wéi beispillsweis d’WHO – d’Käschte vun de Liwwerungen, sou de CARE-Rapport.

Déi onzouräichend Finanzéierung vu Gesondheetssystemer bedeit och eng ongerecht Entlounung a mangelnd Wäertschätzung fir Fraen, déi 70 % vum globale Gesondheetspersonal ausmaachen. „Heefeg vëlleg ënnerbezuelt erhale vill Fraen a medezinesche Beruffer weder genuch Ënnerstëtzung, nach Unerkennung“, sou den Haupert.

„Och hei gëllt wat fir Europa tragescherweis och zoutrëfft: Mir kënnen eis bal net virstellen, wéi dätsch d’Gesondheetspersonal an zuelräiche Länner op der Welt grad ass a wéi vill Fraen no engem Joer Pandemie chronesch iwwerlaascht sinn. Et ass eis Flicht an eng Investitioun an eiser aller Gesondheet, si mat der noutwenneger Ausrëschtung, dem Training an och enger gerechter Bezuelung ze ënnerstëtzen.“

Fir all US-Dollar Investitioun an Impfunge musse 5 Dollar fir d’Gesondheetspersonal, d’Logistik a Schutzausrëschtung investéiert ginn. D’Käschteverdeelung am Detail:

  • 2,50 USD fir d’Ënnerstëtzung vum Gesondheetspersonal, aschléisslech Formatiounen, Ausrëschtung a Paien. Dës Schätzung berécksiichtegt fair Paien an Aarbechtskonditiounen, souwuel fir Vollzäit-Gesondheetspersonal, wéi och fir oft informell schaffend kommunaalt Gesondheetspersonal.
  • 1,70 USD fir d’Stäerkung an d’Oprechterhale vun der Gesondheetsinfrastruktur wéi Killketten, Trackingsystemer, Stroumversuergung a Verwaltungskäschten.
  • 0,65 USD fir sozial Mobiliséierungs- an Opklärungscampagnen zur Erhéijung vun der Impfstoffakzeptanz.
  • 0,15 USD fir Kannerbetreiungskäschten, fir datt d’Mataarbechter vum Gesondheetswiesen u viischter Front schaffe kënnen.
  • 0,15 USD fir de Schutz an déi perséinlech Schutzausrëschtung vum Gesondheetspersonal.

Zur Berechtegungsmethod: Fir dës Käschtenestimatioun huet CARE méi wéi 100 Etüden zu den Impfstoffkäschten iwwerpréift. De Modell stäipt sech op d’Käschteberechnunge vun der WHO fir eng Ebola-Impfstoffstrategie am Joer 2016. Dozou goufe weider Variabelen bäigefüügt, beispillsweis méi ëmfaassend Personalkäschten a Sécherheetsmoossname fir Covid-19.

Esou hëlleft CARE am Kampf géint Covid-19: Virum Ausbroch vun der Pandemie huet CARE 54 Projeten an 28 Länner ëmgesat, déi Programmer fir d’Gesondheetspersonal ëmfaasst hunn. Zënter dem Ausbroch vun der Pandemie goufen zuelräich Projeten u Covid-19 ugepasst. Bis ewell huet CARE duerch ëmfaassend Moossnamen 30 Millioune Mënschen an 69 Länner erreecht.

CARE plangt 100 Millioune Mënschen – Fraen, Mënschen an extremer Aarmut a bal 275.000 Beschäftegte am Gesondheetswiesen – am kommende Joer Zougang zu Covid-Impfstoffer ze verschafen. CARE ënnerstëtzt ausserdeem iwwer 1.500 Gesondheetsariichtungen.

En Don kann een iwwert www.care.lu/faireundon maachen.

Matgedeelt vu CARE Lëtzebuerg

Related topics CARE, Covid-19, Frédéric Haupert, Gesondheetspersonal, Gesondheetssystem, Globale Süden, Impfinfrastruktur, Impfstrategie, Investitiounen, Opklärung, Pandemie
Next post Previous post