Search

You may also like

Déi gréng Stad: Akzenter setzen elo!
International Neiegkeeten Stories

Déi gréng Stad: Akzenter setzen elo!

Fir de François Benoy steet fest, wann een déi richteg

Migratioun: Op humanitärer Missioun bleift d‘Schëff Aquarius op Héicht vun der libescher Küst
International Neiegkeeten Stories

Migratioun: Op humanitärer Missioun bleift d‘Schëff Aquarius op Héicht vun der libescher Küst

D‘Schëff Aquarius, ass fir d‘ONGen „SOS Méditeranée“ an Dokteren ouni

Legal, illegal…
International Neiegkeeten Stories

Legal, illegal…

No engem „Tëschefall“ an deem déi schwaarz Sheriffer vu G4S

Den Toun fänkt un onfrëndlech ze ginn

Impfstrategie Däitschland: Wien den Termin zur Impfung schwänzt soll bestrooft ginn, fuerdere Politiker an Experten

Den Toun fänkt un onfrëndlech ze ginn

Also streng geholl, gëtt et nach ëmmer keen Impfzwang, woubäi dat eigentlech de Wee wär, deen d‘Politik vun Ufank woe wollt, sech awer net getraut huet. Esou eppes ass net populär an et lieft sech jo awer esou angeneem vun den Diäten. Anersäits ass och Walkampf, an et wëll een och déi nächst véier Joer wéi d‘Mued am Speck liewen…

Wéi oft ass der Politik – net nëmmen der däitscher – virgeworf ginn, net konsequent géint Covid19 virzegoen? Eppes ze oft, menge Kritiker an Experten, déi elo eng méi stramm Virgoensweis vun der Politik erwaarden. Dobäi sinn d‘Inzidenzzuele bei eisen däitsche Kosenge ganz erfreelech. Et huet just – wéi bei eis an och soss an der Welt – ee klenge Problem mam „Maartleader“ Variant-Delta.

Zu Lëtzebuerg huet dësen d‘Majoritéit (+/- 56%) iwwerholl an de Variant-Alpha verdrängt. Déi aner Säit der Musel, géif laut RKI de Variant-Delta 37% vun den Neiinfektiounen ausmaachen, Tendenz steigend. Laut den Experte géif dëse Variant schonn déi aner Woch iwwer 50% vun den Neiinfektiounen ausmaachen. Aus dësem Grond misst elo séier an ëmfaassend alles geimpft ginn.

Dat kann een esou gëlle loossen, woubäi d‘Manéier vun der Kommunikatioun bedenklech ass. Wa beispillsweis an den USA den Renitenten de „Schoss“ mat enger Belounung lackeleg gemaach gëtt, steet de German op Repressioun a maximalen Drock. Dat well d‘Leit hir Impfterminer net anhalen, wat derzou féiert datt Impfdose mussen ewechgehäit ginn, an dat geet jo emol guer net esou eppes.

Wa schwänzen zum Delikt verkënnt

Et kann een awer Versteesdemech dofir hunn, datt d‘Politiker matten am Bundestagswalkampf elo Opmierksamkeet brauchen, a ganz reaktiv mat den „Undeitungen“ an „Analyse“ vun hire Beroder a Marketingexperten ëmginn. An esou huet et der do, déi elo ganz däitlech fuerderen, datt wien säin Impftermin versträiche léisst, misst kënne bestrooft ginn. „Schwänze wier kee Kavaléiersdelikt“, esou dem SPD-Expert Karl Lauterbach, dee méi Riednerzäit beim Lanz wéi am Bundestag huet.

Mee och chrëschtlech-konservative Virsëtzende vun der Unioun-Fraktioun, Thorsten Frei, ass sauer a mengt sengersäits: „Wien sech ze bequem ass zum Telefon ze gräifen, oder mat wéineg Klicks en Termin ofzesoen, sollt fir d‘Ausfallkäschte mussen opkommen“. Vill Agitatioun, fir déi et elo keng rechtlech Grondlag huet, an esou wuel éischter fir Opmierksamkeet suerge soll, wéi datt et kéint zäitno ëmgesat ginn. An natierlech sinn d‘Politakrobaten net vum selwen drop, et huet ee Grond…

Nee et war de héchst charismatesche President vum Berliner roude Kräiz, Mario Czaja, deen de Steen un d‘Rulle bruecht huet. Hien huet am Radio gefuerdert, datt wien säin Termin fir déi zweet Dosis versträiche léist, mat engem Protokoll an héicht vu 25 bis 30 Euro misst beluecht ginn. Als Argument gëtt ugefouert, datt esou ee Beholl onfair géintiwwer deene wier, déi en Termin wëllen, awer aus Grënn net kréien. Elo muss ee wëssen datt de Mario Czaja, jo och fir d‘Impfflicht ass.

Ee Schoss dee liicht no hanne lass ka goen

Sécher dierft ee sech séier drop verstännegen, datt et och ee bëssi eng Fro vu Manéieren an Anstand ass, sech ofzemellen, wann een ee Rendez-vous net kann anhalen. Dat sollt dann awer ëmmer a fir jidderee gëllen, well grad d‘Handwierk, Telekommunikatiounsentreprisen an/oder d‘Eisebunn an Däitschland sinn de beschte Beweis dofir, datt eppes wéi en „Termin“ net a Stee gemeesselt ass.

De konservative Kanzlerkandidat Armin „Klimakiller“ Laschet (CDU) mengt datt Strofen net dat bescht Mëttel sinn, Mënschen zu eppes ze motivéiere wat se unzweiwelen. Hie schéngt also schonn eppes Versteesdemech dofir ze hunn, datt déi gewollt widderspréchlech Kommunikatioun vu Politik a Wëssenschaft, de Leit d‘Flemm andreift, firwat d‘Bierger ufänken sech et anescht ze iwwerleeën.

Gutt wier et dann awer schonn, wann een sech géif wéi hei gefuerdert, ofmellen. Esou Strofen hu just de Virdeel, datt déi Veronséchert sech guer net fir en éischten Termin umellen, well si mengen, datt déi zweet Dosis obligatoresch ass. Dat ass net Fall, et ass ëmmer – also den Ament nach – eng Saach vun der Fräiwëllegkeet an der eegener Iwwerzeegung. Net der Iwwerzeegung vun „Aneren“.

Dat et natierlech méi Opwand ass, Mënschen eppes a Rou a verständlech ze erklären, wéi hinnen ze dreeën; et wuel Ustrengend ass mat mobillen Ekippen a vläicht esouguer eppes „Ureizer“ uechtert d‘Géigend ze Pilgeren an Iwwerzeegungsaarbecht ze leeschten, ass kloer. An Amerika huet dat sech allerdéngs bewäert, an et gëtt och an Däitschland ee puer esou Aktiounen déi gutt opgeholl ginn.

mat indymedia/ber

Illustratioun: © Markus Winkler / unsplash

Related topics Bestrofen, Covid19, Däitschland, Impfstrategie, Impftermin, Schwänzen, Variant-Delta, Zwéngen
Next post Previous post