Search

You may also like

Broschtkriibs geet eis all eppes un!
Neiegkeeten

Broschtkriibs geet eis all eppes un!

Iergendeppes gesäit anescht aus. Mä wat? Och wa mir eis

LSAP: Eng kohärent Politik fir Lëtzebuerg
Neiegkeeten

LSAP: Eng kohärent Politik fir Lëtzebuerg

D‘parlamentaresch Rentrée ass fir d‘LSAP mam Hibléck op déi läscht

E Stärekand
Neiegkeeten

E Stärekand

Als Stärekanner gi verstuerwe Kanner bezeechent, déi virun, wärend oder

Lëtzebuerger Impfstrategie: Déi zweet Phas mat zwee weideren Impfzentren

Lëtzebuerger Impfstrategie: Déi zweet Phas mat zwee weideren Impfzentren

Enn dëser Woch wäerten déi éischt Invitatioune fir d’Impfung géint de Covid-19 an der Phas 2 verschéckt ginn. Concernéiert si Residenten ab 75 Joer (ugefaange bei den Eelsten – Phas 2a) a Persounen, déi duerch hire Gesondheetszoustand als extrem vulnerabel agestuuft ginn (Phas 2b).

Zu Zweetem gehéieren erwuesse Persoune mat Trisomie 21, Persounen déi eng Organtransplantatioun haten oder och op der Waardelëscht fir en neit Organ stinn, Persounen déi wärend den éischte 6 Méint eng Stammzelltransplantatioun kruten oder mat Immunosuppressiva behandelt ginn, Persounen déi eng Kriibsbehandlung kréien (Chemotherapie, Radiotherapie, Immunotherapie), respektiv Persounen déi eng ugebueren Immunschwächt hunn.

Op der Invitatioun, déi vum Gesondheetsministère per Post verschéckt ginn, stinn all Detailer, wéi een e Rendez-Vous an engem vun de 4 Impfzentren hëlt. Iwwert d’Hotline (+352) 247-65533 kënne concernéiert Persounen bei Froen begleet ginn.

Kriibspatienten, déi reegelméisseg an de Service vun der Onkologie goe mussen, wäerten an deem Spidol geimpft ginn, wou si hir Kriibsbehandlung kréien. All aner Persounen, déi der Phas 2b gehéieren, kënne sech bei hirem Hausdokter oder Spezialist ab dem 1. Mäerz androe loossen, fir eng Impfung ze kréien.

D’Invitatioune ginn dobäi no an no, a mat Bezuch op d’Schnellegkeet vun der Liwwerung vum Vaccin, verschéckt.

Zwee weider Impfzentre komme bäi

Am Kader vum Lancement vun der zweeter Phas vun der Lëtzebuerger Impfstrategie wäerten zwee weider Impfzentren am Land opgoen. Si befanne sech zu:

  • Ettelbréck – Sportshal CHNP
    Rue du Deich
    L-9012 Ettelbréck
  • Munneref – Scoutechalet Badboeschelchen
    1, Route de Burmerange
    L-5659 Munneref

Ab dem 26. Februar wäerte si, sou wéi och den Zentrum um Lampertsbierg an zu Esch-Belval, zu folgenden Zäiten op hunn:

  • Méindes vun 13:00 bis 19:00 Auer
  • Dënschdes bis Freides vun 07:00 bis 19:00 Auer
  • Samschdes vun 07:00 bis 13:00 Auer

Weider Informatioune kritt Dir op www.covidvaccination.lu an op covid19.public.lu.

Opmaacherbild: © Daniel Schludi / Unsplash

Related topics Covid19-Impfung, Esch-Belval, Impfzenter, Lampertsbierg, Lëtzebuerger Impfstrategie, Persounen ab 75 Joer, Scoutechalet Badboeschelchen, Sportshal CHNP, Vaccin, vulnerabel Persounen, zweet Phas
Next post Previous post