Dag vum internationalen Dateschutz
Den Dateschutz ass haut méi wichteg wéi jee. Mam Opkomme
Den Dateschutz ass haut méi wichteg wéi jee. Mam Opkomme
Um jiddesche Kierfecht zu Westhoffen (Elsass) hu Faschisten eng honnert
Säit elo méi wéi 35 Joer, organiséiert de Sportdéngscht vun
Dës Phas bezitt sech op Residenten tëscht 55 an 64 Joer (Phas 5a), ugefaange bei den Eelsten, sou wéi op Persounen, déi duerch hire Gesondheetszoustand engem gréissere Risiko ausgesat sinn (Phas 5b):
Persounen tëscht 55 a 64 Joer fannen op der Invitatioun, déi vum Gesondheetsministère per Post verschéckt gëtt, all Detailer, wéi een e Rendez-Vous an engem vun de 4 Impfzentren hëlt. Iwwert d’Hotline (+352) 247-65533 kënne concernéiert Persounen bei Froen begleet ginn.
Persounen vun der Phas 5b (no der uewe genannter Definitioun) an ënnert 55 Joer kënne sech bei hirem Hausdokter oder Spezialist ab dem 8. Abrëll aschreiwe loossen, fir eng Invitatioun ze erhalen.
De Gesondheetsministère weist drop hin, datt Persounen, déi dan der Phas 3 eng Invitatioun kruten, awer kee Rendez-vous geholl hunn, zum Enn vun der Phas 4 nach emol d’Méiglechkeet kréien d’Impfung nozehuelen. Dofir soll ee sech tëscht dem 12. an 18. Abrëll op d’Waardelëscht androe loossen via guichet.lu/vaccination-liste-d-attente. Doropshin erhält een eng nei Invitatioun.
Wien zur Phas 2, 3 oder 4 gehéieret a keng Invitatioun kruten, soll seng Adress am nationale Regëster RNPP kontrolléiere sollen.
Opmaacherbild: © Hakan Nural / unsplash