Impfung vu vulnerabele Kanner méiglech 

Ab dem 14. Dezember ass et méiglech, datt vulnerabel Kanner tëscht 5 an 11 Joer sech géint de Coronavirus impfe kënne loossen. Dëst gouf den 10. Dezember vum Staatsrot an dem Conseil fir Infektiounskrankheete beschloss.

Concernéiert sinn zemools Kanner, déi reegelméisseg a Kontakt mat vulnerabele Persoune stinn. Dobäi ass d‘Impfung fräiwëlleg. Den Impfplang besteet aus 2 Dosissen am Ofstand vu 4 Wochen. Kanner, déi virun hirer zweeter Impfung – an och virum 12. Gebuertsdag stinn, kënnen dee selwechte Stoff ewéi déi erwuesse Persounen erhalen (BioNTech / Pfizer).

Den Impfstoff, dee fir méi jonk Kanner geduecht ass, gëtt dobäi ugepasst: si kréien nëmmen een Drëttel vun der Dosis gesprëtzt. Et ass ganz einfach ee Rendezvous ze huelen. Ee Gespréich mam Haus- oder Kannerdokter geet duer, d’Aluedung selwer kënnt ewéi gewinnt mat der Post. Dës weidere kann d‘Impfung och vun de concernéierten Dokteren duerchgefouert ginn. An engem gewinnte Kader fillen sech d‘Kanner warscheinlech méi wuel.

Wéi eng Kanner fir dës fräiwëlleg Impfung a Fro kommen, kann hei nogekuckt ginn.

Dernières nouvelles