Search

You may also like

Chantier am Gousseler Tunnel: Opgepasst op d’Radaren!
Neiegkeeten

Chantier am Gousseler Tunnel: Opgepasst op d’Radaren!

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt Méindes, den 12. August 2019 ab

13 järegt Meedche gëtt vermësst – Police kéint Hëllef gebrauchen
Neiegkeeten

13 järegt Meedche gëtt vermësst – Police kéint Hëllef gebrauchen

An engem dréngenden Appell un d‘Bevëlkerung, bitt d‘Police ëm eiser

En Dag an der Natur: Bei dësem Wieder grad dat richtegt
Neiegkeeten

En Dag an der Natur: Bei dësem Wieder grad dat richtegt

Et war een vun dëse Weekender virun der grousser Vakanz,

95.000 Impfunge pro Woch

Et ass net wéi wann et onméiglech wier, mee Lëtzebuerg ass net Israel

95.000 Impfunge pro Woch

Datt Politiker, déi sech wärend dem Ausübe vun hirem Mandat zum Wuel vum Land a senge Leit, ëm hir Geschäftsaktivitéiten am Ausland këmmeren, a Krisenzäite keng Hëllef sinn, dat ass dat eent. Dat Politiker awer och Schauspiller sinn déi eis Dreem verkafe sollen, dat ass dat anert.

Wéi och ëmmer: ee Freideg huet de Staatsminister matdeele gelooss, dat hien sech d‘Zil gesat huet 95.000 Impfungen an der Woch duerchzeféieren. Klengt interessant, well wann dat méiglech wier, hätt alles hei am Land nach viru Juli seng Impfdosen erhalen. De Problem ass awer, datt de Xavier Bettel weder eppes vu Logistik nach wirtschaftlechen Imperative vun de Produzente versteet.

Elo ass et richteg, datt hien zesumme mat der Regierungsekipp, dofir Suerg droe kann, datt nieft den Impfzenter och d‘Dokteren, méiglecherweis esouguer d‘Apdikter an d‘Veterinäre, eng Hand mat upaken an zur Sprëtz gräifen. Dës Acteure géifen sech zudeem gäre bedeelegen, well et ass nawell un der Zäit datt ee virukënnt. Wat hien awer net kann, ass Vaccin hierstellen. Dat ass Pech.

Woubäi „Pech“ trëfft et net wierklech. De Xavier Bettel fënnt sech an der agreabel Lag erëm, scho bevir een him „Béises“ ënnerstelle kann, ee Schëllege bei Hand ze hunn: d‘Hiersteller. Wann déi jo net hir Liwwerterminer anhale kënnen, sinn him bekanntlech d‘Hänn gebonnen. An déi hu längst hire logistesche „mea culpa“ agestanen. Gutt mam Vaccin vu Janssen gëtt et och nei Optiounen.

Elo heescht dann awer nees aus dem Staatsministère, datt wann „alle gutt leeft“ een am Abrëll bis zu 73.000 Mënschen impfe kéint. Datt dës Zuel déi als éischt genannter zolidd widdersprécht an een esou wäit (ganz wäit) vun der Zilsetzung „95.000 Impfunge/Woch“ ewech ass, eventuell en Detail, allerdéngs ee wou net ze iwwersinn ass. An nee et ass net gewosst, firwat et esou Aussoe brauch…

Illustratioun: © Nick Fewings / unsplash

Related topics Covid19-Pandemie, Impfstrategie, Verspriechen, Xavier Bettel, Zilsetzung
Next post Previous post