Search

You may also like

dislike
Suessem: Erstaunleches aus der Bréifkëscht
Neiegkeeten

Suessem: Erstaunleches aus der Bréifkëscht

Déi Lénk aus der Gemeng Suessem hu richteg festgestallt, datt

Eist Wieder verännert sech
Neiegkeeten

Eist Wieder verännert sech

Nodeems en Tornado d‘Uertschafte Péiteng a Käerjeng uerg a Matleedschaft

Een opschlossräichen Echange tëscht Schneider, Kersch a Carneiro
Neiegkeeten

Een opschlossräichen Echange tëscht Schneider, Kersch a Carneiro

Bei enger Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg um 11. Februar 2019 haten

Esch-Belval: Den zweeten nationalen Impfzenter huet op

Esch-Belval: Den zweeten nationalen Impfzenter huet op

Fir och am Süde vum Land Impfungen géint Covid-19 unzebidden, ass ab haut an der Maison des Matériaux zu Esch-Belval ee weideren Impfzenter opgaangen. D’Zäiten an den Oflaf vun der Prozedur sinn dobäi selwecht, wéi um Lampertsbierg.

Concernéiert Persounen erhalen hir Invitatioun iwwert de Postwee. Kënnt een op säi Rendez-vous, muss ee folgend 5 Etappen duerchlafen:

  1. Accueil: D’Persoun, déi op de Rendez-vous kënnt, gëtt vum Sécherheetspersonal kontrolléiert;
  2. Enregistrement: Iwwert ee Barcode op der Invitatioun oder der Carte de Sécurité Sociale gëtt een Dossier zum Patient erstallt. Ëm dës Etapp këmmere sech Agente vun der Douane, dem CGDIS an der Arméi;
  3. Waardesall: Weider geet et an de Waardesall, an deem déi concernéiert Persoun sech an d’Rei stellt, fir uschléissend an eng Kabinn geruff ze ginn;
  4. Impfung: Gëtt d’Luucht gréng, dierf een an d’Kabinn antrieden. Hei gëtt et ee kuerzen Entretien mam Medeziner, deen Iech Är Froen zur Impfung beäntwert a säin Accord zur Prozedur gëtt. Dës weideren këmmert de Medeziner sech och ëm den Impfzertifikat, deen dann un d’Infirmière/den Infirmier weidergereecht gëtt, fir de Vaccin ze sprëtzen;
  5. Erhuelung: An der Rouzon sollt déi geimpft Persoun sech e puer Minutten huelen, fir ze kucken ob si eng Reaktioun op den Impfstoff weist. Bei engem Noutfall gräifen d’Secouriste vum CGDIS an.

D’Adresse vum neien Impfzenter ass:

Maison des Matériaux / Nordgebai
30, Avenue des Hauts-Fourneaux
L-4365 Esch-Uelzecht

Weider Informatioune ginn et op www.covidvaccination.lu.

Opmaacherbild: © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Covid-19, Esch-Belval, Impfung, Impfzentrum, Maison des Matériaux, Prozedur, Vaccin
Next post Previous post