Regierung reaktivéiert Impfzenter um Fluchhafen

Well et soll virugoen, nach net sécher ass op ee sech deemnächst och soll dierfen an der Apdikt „dikse“ loossen, et anersäits eppes huddel bei den Rendez-vouse fir d‘Covid19-Boosterimpfung huet an d‘Offer scho sollt dem bevirzuchte „politesche Choix“ entspriechen, gëtt d‘Hal vun der Luxembourg Air Rescue nees aktivéiert. Dat exklusiv fir de Rappell mam mRNA-Impfstoff.

Eng gréisser Charge un Impfdosisse soll eist Land déi aner Woch erreechen, an déi soll prioritär an d‘Hal vun der Air Rescue ugeliwwert ginn. Dat mécht Sënn, hei huet ee jo eng grouss Expertise an och entspriechend Plaz, d‘Impfung am industrielle Moossstaf duerchzehuelen. Natierlech dierf een och um Findel net ouni eng Reservatioun optauchen. Lëtzebuerg leet jo nees „Lëschten“ un…

An et ass och net néideg, de Fall gesat et wier een eigentlech net gewëllt, mee et hätt een elo awer verstanen datt een ni de Choix hat, heihinner ze pilgeren, fir mam Impfschema unzefänken. Hei gëtt et exklusiv de Boost, Punkt! Firwat deem esou ass, wollt säitens der Santé bis ewell erklären, an et ass wuel och egal, well de Findel ass elo och kee Beispill vun der Accessibilitéit, ouni Auto.

Wien heihinner kënnt sollt sech „féiere“ loossen, et ass jo generell ni auszeschléissen, datt een ee liichte Malaise kéint maachen. Wéini elo dat ganze Buttek opgeriicht ass, wien een do betreit an zu wellechen Auerzäiten, och datt ass nach net am Detail gewosst. Et sollt awer bis ee Mëttwoch hei gedoe sinn, an d‘Ëffnungszäite sollten un déi an den aneren Impfzenter bestoenden ugeglach ginn.

Latest news
Related news