Search

You may also like

Alles Guddes un de Prënz Félix!
Neiegkeeten

Alles Guddes un de Prënz Félix!

D’Schampesfläsch ass op, de Gebuertsdagskuch steet prett – a wien

Katastroph vu Genua: Ursaachefuerschung a Scholdzouweisung
Neiegkeeten

Katastroph vu Genua: Ursaachefuerschung a Scholdzouweisung

Och déi lescht Nuecht hunn, déi ronn dausend Secouristen a

Méi parlamentaresch Kontroll iwwert d‘Arméi
Neiegkeeten

Méi parlamentaresch Kontroll iwwert d‘Arméi

Et sinn elo 13 Méint hir datt de François Bausch

iNaturalist zu Lëtzebuerg: D’Natur kenneléieren an Observatioune weltwäit deelen

iNaturalist zu Lëtzebuerg: D’Natur kenneléieren an Observatioune weltwäit deelen

Duerch Projeten wéi de City Nature Challenge dierft iNaturalist dem engen oder anere schonn ee Begrëff sinn. Zënter dem 1. Abrëll 2021 ass den Naturmusée offizielle Member vum weltwäite Reseau, deen Naturbegeeschterter a Wëssenschaftler aus der ganzer Welt verbënnt. An dësem Kader ass d’Plattform iNaturalist.LU lancéiert ginn.

Ugefaangen huet d’Geschicht vun iNaturalist duerch d’Initiative vun der wëssenschaftlecher Akademie vu Kalifornien an der National Geographic Society. Mëttlerweil dréit déi beléift Applikatioun dozou bäi, d’Natur besser kennenzeléieren, Donnéeën zur Flora a Fauna ze sammelen, an dës weltwäit ze deelen, wat erëm zum Naturschutz bäidréit. Fuerscher an einfach Notzer ginn am globalen Netzwierk quasi un een digitalen Dësch gesat.

En einfachen, awer nëtzleche Prinzip

Den Outil gëtt et fir Android, iOS an och als Internetsäit. Agedroe ginn Observatiounen wou a wéini een wéi eng Aart ze gesi krut. Duerch ee speziellen Algorithmus, dee Biller erkennt, kënne Liewewiesen identifizéiert ginn. D’Beobachtunge ginn gedeelt, uschléissend vun der internationaler Gemeinschaft analyséiert. Informatioune gi completéiert, et gëtt diskutéiert, bewonnert a Wësse gesammelt.

Ënnerhalb vun de leschten zwee Joren konnt dëse Prinzip zu Lëtzebuerg 75.000 Observatioune sammelen an 2.600 Notzer gewannen (Stand: Mäerz 2021). Am Schnëtt ziele mir 29 Observatiounen pro Quadratkilometer, an 120 Observatiounen pro 1.000 Awunner. Am Verglach dozou hunn d’USA 3 Beobachtunge pro Quadratkilometer an 93 Observatioun pro 1.000 Awunner Opweises.

Vum Joer 2021 erhofft ee sech besonnesch vill: Eleng an den éischten zwee Méint vun dësem Joer si scho 4 Mol méi Beobachtungen agedroe ginn, wéi am viregte Joer zur selwechter Zäit.

iNaturalist
MNHN Blog

D’Plattform iNaturalist.lu gëtt vum digitalen Informatiounsservice vum natierleche Patrimoine vum Naturmusée koordinéiert. Aktuell zielt den internationale Reseau 14 Sitten, déi hir Informatioune reegelméisseg deelen a fir jiddereen zougänglech maachen.

Opmaacherbild: iNaturalist / Facebook

Related topics Applikatioun, Beobachtungen, iNaturalist, internationaalt Netzwierk, Natur, Naturmusée, Observatioun, Plattform
Next post Previous post