Search

You may also like

D‘Chamber geet an déi läscht Sessioun
Neiegkeeten

D‘Chamber geet an déi läscht Sessioun

Um Krautmaart ass déi parlamentaresch Rentrée haut effektiv. Opgemaach gëtt

OUNI: Aner Ëffnungszäiten a Liwwerservice bis Heem
Neiegkeeten

OUNI: Aner Ëffnungszäiten a Liwwerservice bis Heem

OUNI weist sech solidaresch. Déi zwee éischt Bio-Buttécker ouni Verpackungen

Léif Nopeschlänner, kiert emol virun Ärer eegener Dier!
Neiegkeeten

Léif Nopeschlänner, kiert emol virun Ärer eegener Dier!

Nodeems de Covid-19 zu Lëtzebuerg ukomm ass, huet d’Regierung schnell

Indexéierung vun de Familljenzoulagen

De LCGB begréisst de Retour zur Indexéierung, mee d‘Moossname geet bei wäitem net duer!

Indexéierung vun de Familljenzoulagen

Nodeems ee sech eens ass, datt d‘Familljenzoulagen nees indexéiert ginn, an dat schonn ab dem 1. Januar 2022, eng richteg gutt Nouvelle ass, muss een awer festhalen, datt den direkten a reelle Gewënn fir d‘Familljen immens beschränkt ass.

Wann ee bedenkt, esou de LCGB a sengem Communiqué e Mëttwoch, datt déi nächst Indextranche net viru Mëtt 2022 ze erwaarden ass, dann heescht dat zimmlech däitlech, datt de Montant vun de Familljenzoulage bis dohinner wäert onverännert bleiwen. Dat kann een schonn eppes als Affront bezeechnen. Ëmmerhi gëtt unerkannt, datt d‘Familljenzoulage säit 2006 gutt 25% u Wäert verluer hunn. Dat war dat Joer wou d‘Regierung dës Prestatiounen aus dem Index geholl hat.

2014 dunn, hat sech d‘Regierung iwwert de Bipartite Accord mat de Gewerkschaften drop gëeenegt ee Mechanissem anzesetzen, mat deem et bei de Familljenzoulage reegelméisseg zu Upassungen hätt komme sollen. Dëse Mechanissem sollt dann och mat der Reform vun de Familljenzoulagen zum 1. August 2016 ugewannt ginn. Leider huet déi nach ëmmer agéierend Koalitiounsregierung – an dat ouni valabel Argumenter – sech geweigert d‘Indexéierung nees anzeféieren.

Wa schonn… da schonn

An der Konsequenz hunn d‘Familljenzoulagen eng Baisse vu 7,7% (dat si ronn 20 Euro) erfuer. An et muss och drop higewise ginn, datt de sougenannten „Montant Unique“ deen 2016 beschloss gouf, déi erlidde Verloschter vun de virechten zéng Joer – wéinst der Desindexéierung – net ausgeglach huet. Hei verlaangt de LCGB vun der Regierung eng Korrektur virzehuelen. Esou soll elo direkt d‘Familljenzoulag vun 265 Euro op 285 Euro ugehuewe ginn. An iwwerhaapt…

De LCGB erwaart vun der Regierung an dësem Kontext, datt all déi aner Prestatiounen och mat indexéiert ginn. D‘Fakte schwätzen eng däitlech Sprooch, esou d‘Gewerkschaft, déi hir Fuerderung als vëlleg berechtegt presentéiert. An deem kann een zoustëmmen. D‘Kafkraaft vu ville Familljen am Land, huet zënter Mäerz – bedéngt duerch déi vun der sanitärer Kris imposéiert Kuerzaarbecht – zolidd eng bei d‘Läffele kritt, wourënner besonnesch Elengerzéiend leiden.

Illustratioun: © Sandy Millar / unsplash

Related topics Familljenzoulagen, Index, Indexéierung, Indextranche, LCGB, Prestatiounen
Next post Previous post