Search

You may also like

Kontakt-Tracing Call-Zenter kritt Réckstand an de Grëff
Neiegkeeten

Kontakt-Tracing Call-Zenter kritt Réckstand an de Grëff

De Kontakt-Tracing ass mat déi grouss Erausfuerderung fir d‘Gesondheetsinspektioun, an

science.lu mécht Reklamm fir den IEE „people counter“
Neiegkeeten

science.lu mécht Reklamm fir den IEE „people counter“

Ob en Iwwerwaachungssystem vun enger Entreprise méi vertrauenswierdeg ass, wann

Buchpresentatioun vun der Dystopie „Das Tor“
Neiegkeeten

Buchpresentatioun vun der Dystopie „Das Tor“

Dem Auteur Basma Abdel Aziz säi Buch „Das Tor“ (Heyne)

Indexmanipulatioun iwwert de Staatsbudget

D‘Gewerkschafte CGFP, LCGB an OGBL sinn net erfreet iwwert de Kaddo deen d‘Regierung ënnert dem Beemchen deponéiere wëll

Indexmanipulatioun iwwert de Staatsbudget

De Staatsbudget soll nach bannent de nächste Wochen an der Chamber zur Ofstëmmung virgeluecht ginn, an säitens de representative Gewerkschafte gëtt et schonn zolidd Oppositioun. Deene gefält esou guer net, datt am Budgetsgesetz d‘Legislatioun betreffend de Lounindex soll ofgeännert ginn. Et heescht, datt d‘Regierung d‘CO²-Steier/Tax aus dem Wuerekuerf wëll eraushalen…

Elo géif awer esou eng Verännerung mat sech bréngen, dat den Impakt deen d‘CO²-Steier/Tax op d‘Pëtrolsproduiten huet, esou „neutraliséiert“ géif ginn. Bei der Argumentatioun säitens de Gewerkschafte gëtt däitlech drop higewisen, datt dës Mesure eng Revendicatioun vum Patronat ass, a mat kengem Wuert an der Ried zur Lag vun der Natioun vum Premierminister ernimmt gouf.

Jo net emol de Finanzminister, huet beim Depot vum Budget 2021 ee Wuert doriwwer verluer. War et Absicht oder ass et vergiess ginn? Fir d‘Komerode vu CGFP, LCGB an OGBL gesäit dat Ganzt elo aus, wéi wann dem Xavier Bettel seng Regierungsekipp d‘Gewerkschafte wéilt hannert d‘Liicht féieren. Wéi se zu dëser Erkenntnis gelaangen, dierft eben dëser Regierung elo ganz friem sinn…

D‘Gewerkschaften erkennen awer och un, datt den aktuelle Beitrag „Klimawandel“, dee besser als Kyoto-Cent bekannt ass, schonn am Präisindex neutraliséiert war. Eng Neutraliséierung déi deel vun der Indexmanipulatioun waren, wéi déi national Tripartite 2006 decidéiert hat domadder eng onkontrolléiert Inflatioun verhënneren ze wëllen. Déi Inflatioun huet et allerdéngs ni ginn.

Si werfen och nach op, datt d‘Desindexéierung vun de Familljenzoulagen, d‘Neutraliséiere vum Koyot-Cent um Niveau vum Kuerf deen d‘Grondlag fir d‘Indexéierung vun de Gehälter ass, eng ganz schlecht Entscheedung war, déi längst hätt misse réckgängeg gemaach ginn. Leider ass dat an der Politik seelen de Fall… si stellen sech léiwer als Onfeelbar hinn, wéi e Feeler ze behiewen.

Dës Kéier géif et „wéi“ doen

Am Fall vun der CO²-Steier/Tax wäert de Verzögerungsimpakt vun der Karbontax däitlech méi ze am Portmonni ze spiere sinn, wéi de Kyoto-Cent. Zudeem soll dëse jo an d‘Karbontax integréiert gëtt. D‘Gewerkschaften hunn dann och emol gerechent a stelle fest, datt d‘Tax vun 2,5 op 6,9 Cent pro Liter, beim Diesel vun 3,5 op 8,4 Cent klëmmt, datt allerdéngs „hors TVA“ well jo och d‘CO²-Steier/Tax der TVA ënnerworf ass. Zudeem soll dës Tax da bis 2023 progressiv ugehuewe ginn.

Fir d‘Gewerkschaften ass dat eng ausgemaachte Sauerei a Frechheet, sech op dës Aart a Weis der Manipulatioun vum Gehälterindex unzehuelen. Si erënneren dann och dorunner, datt d‘Accisen e feste Bestanddeel vum sougenannten „Hausfrae-Kuerf“ sinn. An déi nei Karbontax sollt och heiran opgefouert ginn, fir d‘Evolutioun vun de Präisser, déi tatsächlech vun de Konsumente bezuelt ginn, erëmzespigelen. An zum Index gëtt et nach eng Prezisioun, déi schonn emol aus dem Bléck geréit.

Den Index ass nämlech net, wéi et fälschlecherweis kéint ugeholl oder erzielt ginn, eng sougenannt sozialpolitesch Moossnam. Et ass net emol en Instrument zur gerechter Verdeelung vum Räichtum oder en Instrument vun der Ëmweltpolitik. Nee den Index ass eenzeg an eleng ee Mechanissem dee geduecht ass déi reell Kafkraaft ze erhalen. Et dierf och net iwwersi ginn, datt de gratis ëffentlechen Transport wäert zu enger Verzögerung beim Index féieren, well en net am Kuerf neutraliséiert gouf.

Et ass also scho verständlech datt ee bei der CGFP, dem LCGB an dem OGBL eppes flemmseg ka ginn, schliisslech hat d‘Regierung an hirem Programm néiergeschriwwen – sech quasi verflicht – d‘Fanger vum aktuellen Index ze loossen. Esou wéi elo mat der CO²Steier/Tax ëmgespronge gëtt, gëtt awer ganz kloer a bewosst den Index manipuléiert. Si bieden d‘Regierung (nach) héiflech dat einfach nees riicht ze béien, an déi Karbontax an den Gehälterindex afléissen ze loossen.

Datt d‘Gewerkschaften dës Fuerderung un d‘Regierung riichten, huet natierlech och domadder ze dinn, datt déi vun der Regierung geduechte sozial Kompensatiounsmesurë fir déi nei Tax absolutt net zefriddestellend sinn. Et kéint net sinn, esou d‘Gewerkschaften dat de Steierzueler hei duebel belaascht gëtt. An Uecht gedoen, d‘Gewerkschafte stellen déi volontaristesch Politik zum Schutz vun der Natur, Ëmwelt an dem Klima net a Fro, de Géigendeel ass de Fall. Mee esou geet et net.

Illustratioun: © Damir Spanic / unsplash

Related topics CGFP, CO²-Steier, Gehälterindex, Index, Karbontax, Klimaschutz, LCGB, OGBL, Staatsbudget
Next post Previous post