Search

You may also like

ASTI – dräi Projete fir d’Integratioun vu Flüchtlingen zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten Stories

ASTI – dräi Projete fir d’Integratioun vu Flüchtlingen zu Lëtzebuerg

Am Joer 2015 ass Lëtzebuerg, genau wéi de Rescht vun

De Welt-Pressedag 2017, erkläert
International Neiegkeeten Stories

De Welt-Pressedag 2017, erkläert

Haut um 3. Mee fënnt den internationalen Dag vun der

Washington: Schëss virum Kapitol
International Neiegkeeten Stories

Washington: Schëss virum Kapitol

Um Freideg ass an der US-Haaptstad ee Mann mat sengem

Indiana City Police Department: Kazefudder amplaz Parkticket!

Indiana City Police Department: Kazefudder amplaz Parkticket!

D’Police zu Indiana huet sech elo eppes ganz Besonnesches afale gelooss: Säi Parkticket konnt een duerch eng Spend u Kazefudder ersetzen. Doduerch datt d’Déierenheemer ëmmer méi voll ginn, huet dës super Initiativ een hëllefräichen Charakter gehat.

D’Medaille huet leider ëmmer zwou Säiten. Wou déi eng sech mat Leif a Séil fir Déieren an hiert Wuelbefannen asetzen, loossen anerer – aus diverse Grënn – hir Véierbeener am Déierenheem zeréck. D’Statiounen fëlle sech ëmmer weider, dorënner och d’Muncie Animal Care & Services zu Indiana. Op hirem Wee, déi trei Schnuffen a kleng Tigeren ze vermëttelen kréie si reegelméisseg Stäng an de Wee geluecht. Wisou also net e bëssi Hëllef vun der Police kréien?

Am ganze Chaos hunn déi lokal Beamten Opsinn erreegt duerch eng faszinéierend Offer: „Bezuel däi Parking-Ticket mat Kazefudder!“ Beim Opruff hu si d’Leit gebieden, eng Spend an Héischt vun der Zomm vum Ticket ze maachen.

D’Resultat war, datt vill Spender een Don gemaach hunn, och wa si mol net op enger Parkplaz mat Ticket-Flicht gestanen hunn. Op Facebook konnt een eng ganz Lëscht fannen un deem, wat d’Déierenheem brauch: Vu Fudder, iwwer Spillsaachen bis hin zu Dicher war alles dobäi.

Pay your parking tickets in cat food! The Muncie Animal Care & Services needs your help!

Publiée par Muncie Police Department sur Lundi 15 juillet 2019

Natierlech kann een an dësem Fall och dovun ausgoen, datt een an der Hoffnung war, datt déi eng oder aner Adoptioun mat eraussprange géif. Schliisslech kéint engem jo zoufällegerweis eng Miessi beim Besuch am Déierenheem un d’Häerz wuessen.

Leider ass d’Offer vun de Beamten um 19. Juni zu Enn gaangen. An de sozialen Netzwierker ass d’Initiativ an héijen Téin gelueft ginn. Do bleift nëmmen ze hoffen, datt och an Zukunft ähnlech Aktioune weltwäit lancéiert ginn!

Related topics Déierenheem, Indiana City Police Department, Kazefudder, Muncie Animal Care & Services
Next post Previous post