Search

You may also like

money
US-Virschrëfte fir Handelsbezéiunge mam Iran
International Neiegkeeten

US-Virschrëfte fir Handelsbezéiunge mam Iran

Um Sonndegowend huet den Donald Trump bestätegt, datt hie keen

Belsch Waffenhändler am Gléck
International Neiegkeeten

Belsch Waffenhändler am Gléck

Laut dem gëschter verëffentlechte Rapport vum wallounesche Waffen-Observatoire, huet d‘Regioun

Réckbléck: Zesummenaarbecht mat Japan am medezinesche Beräich verdéiwen
International Neiegkeeten

Réckbléck: Zesummenaarbecht mat Japan am medezinesche Beräich verdéiwen

Ugangs Oktober huet eng Lëtzebuerger Delegatioun mat der Gesondheetsministesch eng

Indien… den neie subkontinentale Faschismus

Indien… den neie subkontinentale Faschismus

Den Narendra Modi, gëtt vu sengen Unhänger zäertlech „Papp vun Indien“ genannt. Dobäi ass den Hindu en erkläerten Nationalist, mat enger grousse Virléift fir déi faschistesch Ideologie. Mat Häert an ouni Récksiicht „stéierend Elementer aus der Gesellschaft eraushuelen“, esou regéiert een seng Heemecht mat 1,4 Milliarden Awunner.

An Indien gëtt sech elo awer net nëmmen un de politesche Géigner, enger kritescher Press oder soss Kontrahente vergraff, nee déi indesch Regierung wëll den Humor verbidden. An esou ergëtt et sech, datt an Indien Komiker fir „een net erzielte Witz“ verhaft ginn. An dat ass alles gesetzlech gereegelt well Indien huet sech d‘Mëttel ginn, präventiv géint all Form vu Kritik juristesch virzegoen.

Gutt elo gëtt et verschidden Aarte vun Humor, an net alles muss ee fir gutt befannen. Woubäi an Indien ass net rieds vu Witzer déi ënnert de Rimm géife goen, oder bewosst provozéiere wëllen. Dat verlaangt natierlech ee Beispill:

Freet en Tourist zu Nei Deli an Awunner: „Wéi ass d‘Liewen esou hei?“ Äntwert. „Ech ka mech net bekloen“. Dat kléngt net verkéiert, esou den Tourist, wourop den Inder preziséiert: „Nee, nee, ech ka mech wierklech net bekloen. Dofir géif an de Prisong gestach ginn“.

Wat fir eis weder no „guddem Witz“ kléngt nach eis iergendeng Provokatioun ersiichtlech mécht, gëtt ënnert der politescher Féierung vum Narendra Modi, als „Delikt“ mat aller Häert bestrooft. Engem deen dës gesetzlech gereegelt Zensur elo d‘Liewen esou richteg schwéier mécht, dat ass de Munawar Farouqui. Hien ass net nëmme Komiker, mee och nach Moslem, wat näischt erliichtert.

Den 32 järege Standup-Komödiant, mécht seng Relioun duerchaus zum „Thema“. En Evergreen: Hien erzielt gären, datt hien zu Gujarat gebuer ass, a Gujarat iwwerlieft huet. Hie géif seng Heemecht léiwen, Gujarat wier bekannt fir seng reliéis Fester, wéi Navrati oder Utrayan… an déi stänneg Gewalt-Exzesser. Uspillungen op Wourechten, déi den Narendra Modi net héiere wëll.

Aus guddem Grond

Am Kontext vu Gujarat, ass et wichteg ee Réckbléck ze maachen. 2002 Huet et an dëser indescher Provënz, ee reegelrecht Massaker ginn. Zu dësem Ament war de „Papp vun Indien“ de politesche Leader vun der Provënz a Chef vun der Provënzhaaptstad Ahmadabad. Hien hat sengerzäit ganz Bande vu Hindue géint Moslemen opgestëppelt. Déi hu d‘Opfuerderung zum Terror gären ugeholl.

Et koum zum Ofschluechten… de Massaker vun Ahmadabad reit sech folgerichteg an historesch Virgeschichte wéi beispillsweis d‘Baartelméisnuecht, wou d‘Katholiken zu Paräis d‘Hugenotten ermuerkst hunn. Vläicht net de beschte Sujet fir „Witzer ze maachen“, woubäi esou Exactiounen och musse gesellschaftlech opschaffe loossen. D‘Communautéit vun den Hindu well dat awer net.

An esou huet et sech erginn, datt de Fils vun engem Regierungspolitiker, sech an eng vum Komiker seng Veranstaltunge beginn huet, fir dëse mediewierksam mam Réck géint d‘Mauer ze stellen. De Borscht hat d‘Bühn erstiermt, nach iert d‘Show ugefaangen huet, an huet de Komödiant beschëllegt „hindufeindlech“ Witzer geplangt ze hunn. De Munawar Farouqui ass op der Plaz verhaft ginn.

Ouni also och nëmmen ee Wuert gesot ze hunn, gouf de Komiker verhaft. An de sougenannte sozialen Netzwierker, ass eng Denigrement-Campagne géint de Munawar Farouqui lassgetrëppelt ginn, déi massiv vun der Regierung gestäipt an ugefeiert ginn ass. Den Artist huet ee Mount am Prisong gesiess, wuel verstanen ouni iwwerhaapt ee „Witz“, dee provozéiere kéint, erzielt ze hunn.

Alles ganz legal

Wann ee elo kéint mengen, datt et schlëmm genuch ass, fir ee wierklech erzielte Witz mussen an de Prisong ze goen, wéi krass ass et, wann ee Sëtze geet, ouni een erzielt ze hunn? Hei gëtt sech jo just bezunn op eng méiglech Eventualitéit, datt ee Witz kéint erzielt ginn. An dem „Adolf“ Modi seng Handlaanger vergräifen sech net nëmmen u Komiker. Och Journalisten si längst Zilscheiwen.

Wéi de Siddique Kappan am Oktober 2020 zu Hathras (Uttar Pradesch Distrikt) am Fall vun der Vergewaltegung vun engem 19 järege Meedchen duerch véier Männer recherchéiere wollt, ass hie vun der Police verhaft ginn. De Journalist sëtzt nach ëmmer am Prisong, an dat well d‘Police vun Hathras de Meenung ass, datt de Journalist méiglecherweis ee provokanten Artikel wéilt schreiwen.

Et geet also an Indien duer, den Androck ze maachen, wéi wann ee gewëllt wier iergendwann ee kriteschen Artikel, Witz oder wat och ëmmer vu sech ze ginn, fir am Prisong ze landen. An esou ergëtt et sech, datt vill Intellektueller a wuel och kritesch Geeschter vun der Bildfläch verschwonne sinn. Eigentlech geet et duer, engem den Attribut „Anti-Nationalist“ oder „Rationalist“ unzehänken.

Interessant an dësem Kontext: dat Gesetz, datt et dem Narendra Modi a senger Hindu-Community erméiglecht, alles wat stéiert „erauszehuelen“ staamt vun 1967. Et Heescht „Unlawfull Activities Prevention Act“ a war am Kontext vun den Terroruschléi zu Mumbai (2008) maximal verschäerft ginn. Zanter dräi Joer gëtt d‘Gesetz awer geziilt ugewannt, fir d‘Kritiker ze neutraliséieren.

mat indymedia/del

Illustratioun: © Sandeep Kr Yadav / unsplash

Related topics Faschismus, Hinduismus, Indien, Narendra Modi, Unlawfull Activities Prevention Act, Zensur
Next post Previous post