Search

You may also like

money
UK-EU Fräihandelsaccord: De BoJo huet kee Bock
International Neiegkeeten

UK-EU Fräihandelsaccord: De BoJo huet kee Bock

Dat grousst a laangwieregt Gedeessems mat de Briten, déi vu

A wou komme mir dann hir?
International Neiegkeeten

A wou komme mir dann hir?

Zanter längerem ass gewosst, datt Migrante bei eis am Land

Australesch Bëschbränn: Hëllef fir Koala a Co.
International Neiegkeeten

Australesch Bëschbränn: Hëllef fir Koala a Co.

D’Flame schéngen ee ganze Kontinent ageholl ze hunn: Déi australesch

Indonesien: Vu Pandemie, Gewalt a finanziellem Drock

Indonesien: Vu Pandemie, Gewalt a finanziellem Drock

Indonesien zielt iwwer 2,3 Millioune Corona-Infektiounen a mat 12 % den héchste Kannerinfektiounstaux op der Welt. Aus finanzielle Grënn ass et fir vill Fraen a Famillen net méiglech sech u Quarantaine an Isolatioun ze halen. Domat awer net genuch.

Zënter Mëtt Mee befënnt sech Indonesien an der zweeter Covid-19-Well. Laut CARE kann een dovunner ausgoen, datt dëst och op d’Delta-Variant zeréckzeféieren ass. „D’Situatioun ass wierklech dramatesch. D’Sauerstoffreserve ginn zu Enn, d’Spideeler sinn iwwerfëllt a mir sinn nach Woche vum berechenten Pic vun der aktueller Corona-Well ewech“, erkläert d’Bonaria Siahaan, Lännerdirektesch vu Yayasan CARE Peduli (CARE Indonesien).

Geschat gëtt nämlech, datt wann et an dësem Tempo weidergeet, den Infektiounstaux vu 50.000 Fäll pro Dag iwwerschratt ginn. Nieft de Kanner sinn et d’Fraen déi besonnesch vun der uerger Situatioun betraff sinn. Si sinn op hiert Akommes ugewisen, musse sech ëm d’Kanner këmmeren a kënnen dofir net a Quarantaine, respektiv an Isolatioun goen.

Bei dëse finanzielle Stress a gesondheetlech Problemer kënnt eng Hausse vun der geschlechterspezifescher Gewalt dobäi. Laut national Fraekommissioun wier d’Gewalt géigeniwwer Frae ëm dat Fënneffacht geklommen.

Schonn zënter 1967 ass CARE an Indonesien aktiv. Wärend der Pandemie huet d’Organisatioun ënnert anerem Schutzausrëschtung, Ariichtunge fir d’Hänn ze wäschen, Boergeld a Bonge fir Famillen a Fraen, déi hir Aarbecht verluer hunn, zur Verfügung gestallt.

Mat den Donen, déi elo erakommen, huet CARE wëlles, zesumme mat der Regierung 31 Gesondheetszentren ëmzerëschten, fir déi iwwerfëllte Klinicken entlaaschten ze kënnen. Donieft sollen och speziell Maternitéen fir infizéiert schwanger Fraen ageriicht ginn.

Weider Informatioune zu CARE a wéi Dir en Don maache kënnt, kritt Dir op www.care.lu.

Opmaacherbild: CARE / Facebook

Related topics CARE, Covid-19, Gewalt géint Fraen, Indonesien, iwwerlaaschtung, Kannerinfektiounen, Maternité, Pandemie, Spidol
Next post Previous post