Search

You may also like

De Salon vum Vintage: eng „sneak preview“
International Neiegkeeten Stories

De Salon vum Vintage: eng „sneak preview“

Wann d‘Angscht grouss war, datt et méiglecherweis net méiglech kéint

Mat der Oktave kënnt déi schéi Joreszäit an um Knuedler a bei der Gëlle Fra gëtt gefeiert
International Neiegkeeten Stories

Mat der Oktave kënnt déi schéi Joreszäit an um Knuedler a bei der Gëlle Fra gëtt gefeiert

D‘Oktave, déi eigentlech „Muttergottesoktav“ heescht, ass un a fir sech

Knuedler On Ice – Gratis Entréesticketen
International Neiegkeeten Stories

Knuedler On Ice – Gratis Entréesticketen

En Dënschden huet de „Knuedler On Ice“, a Presence vum

Indonesien radikaliséiert sech

D‘Zäit vum friddleche matenaner tëscht Moslemen a Chrëschten, ass am 260 Milliounen-Awunner-Staat gezielt. Iwwergrëff an Uschléi gehéieren zum Alldag, déi reliéis Toleranz am Land mat de weltwäit meeschte Moslemen, ass „passé“.

Indonesien radikaliséiert sech

„Eenheet a Villfalt“… esou de Motto vun Indonesien. Domadder ass et gedoen, an dat léisst sech un engem Aspekt besonnesch däitlech duerstellen. Et ass Ouschteren, ee fir Chrëschte wichtegt Fest an déi indonesesch Police ass massiv domadder beschäftegt Kierchen ze beschützen. Déi ginn ëmmer ëfters d‘Zil vun Uschléi. Islamistesch Banden, vergräifen sech ewell ganz oppen un de Chrëschten.

Op Pällemsonndeg gouf esou ee Sprengsaz virun enger Kierch zu Makassar gezünt. Heibäi goufen op d‘mannst 20 Persounen deels schwéier blesséiert. Interessanterweis bekloen awer moslemesch Intellektueller dëse „Kulturwandel“. De Politolog Muhamed As Hiam erkläert: „Intoleranz ass de Som vum Rassismus, Fanatismus an der Radikaliséierung. Et ass d‘Enn vun eiser Gesellschaft“.

Indonesien

Nach ass an der indonesescher Verfassung d‘Trennung vu Kierch a Staat verankert. Dat soll sech elo änneren. 90% vun den Awunner sinn Moslemen, an déi konservativ a reliéis Leader verlaangen eng Reform. Indonesien wier ee moslemesche Staat an esou sollten och moslemesch Gesetzer (Sharia) ugewannt ginn. Aner Reliounen dierft et folgerichteg och net ginn, an d‘Jugend stäipt dat alles…

Unzeechen déi een net Feelinterpretéiere sollt

2017 beispillsweis gouf de fréiere Gouverneur vu Jakarta, ee Chrëscht mat chinesesche Wuerzelen, wéinst Blasphemie veruerteelt. Blasphemie awer net wëll hien eng imaginär „Figur“ beleidegt hätt, mee wëll hie gewarnt hat, de Koran als Waff am Walkampf anzesetzen. Eng Tëlee gouf verwarnt, wëll si eng Reportage iwwer balinesesche Wäin ausgestraalt huet. (Alkohol ass am Islam tabu).

Indonesien

Enn den 80er Joren huet ee kaum en Hijab an de Stroosse gesinn, Ufank den 90er hunn héchstens zéng Prozent vun de Fraen a Meedercher ee Voile gedroen. Et gouf sengerzäit keng „Problemer“ mat deenen déi kee Schleier unhaten. Haut ass dat anescht, op der Universitéit ass den Hijab ee „muss“, just Chrëschten hu keen un. Si falen op a si ugehalen sech „kleng“ ze halen.

Zwar huet de President Joko Widodo ee Gesetzesentworf verhënnert, mat deem de Voile an der Schoul sollt zur Flicht ginn, mee de gesellschaftlechen Drock ass omnipresent. Eltere ginn zu „Verantwortung“ gezunn, wann hir Meedercher den Hijab net droen, Männer ginn oppen ugegraff wann hir Fraen sech net verschleieren. D‘Relioun spillt och eng Roll bei der Aarbechtssich…

Vill Ënnerstëtzung an den (a)sozialen Netzwierker

Wärend sech Amerikaner an Europäer iwwert de „wäisse“ Rassismus an hiren Netzwierker iergeren oder wonneren, ass et an Indonesien den Islamismus deen zum Topic verkomm ass. Et huet een et hei allerdéngs net mat enger „spiritueller“ Beweegung ze dinn. Bei dësem „Mouvement“ geet et ganz kloer ëm d‘Politiséierung vun der Relioun. An d‘Attacke fanne permanent Statt.

De President Joko Widodo, erwisenermoossen ee säkulare Politiker, muss sech stänneg de Virwërf erwieren, net genuch moslemesch ze sinn. Hie gëtt „Sozialist“ genannt (an dat ass fir indonesesch Verhältnisser scho bal Héichverrot) a seng Zäit ass gezielt. D‘Gewaltbereetschaft ënnert de jonke Männer, déi bereet sinn sech fir hir reliéis Leader ze afferen, zitt ëmmer gréisser Kreesser.

Indonesien

Virzuchsweis gëtt vun den Haasspriedeger d‘Applikatioun „WhatsApp“ genotzt. Falschmeldungen, Ligen an Ustëftung zu Strofdote ginn hei am Minuttentakt publizéiert. Esou „Message“ mellen huet wéineg Zweck, bei „WhatsApp“ gëtt et keng Zensur. A scho bei den nächste Walen (2024) dierft et zum grousse „Wiessel“ kommen. Streng geholl, ass de Wee dohinner längst virgezeechent.

Ouni Hijab dierfe Meedercher net an d‘Schoul

Offiziell verbitt déi indonesesch Legislatioun reliéis Bekleedungsvirschrëften, mee dat ass fir vill kommunal a regional Politiker beschtefalls eng Fro vun der Interpretatioun. A wäiten Deeler vun Indonesien hu Verwaltunge lokal Gesetzer a Kleedervirschrëften erlooss. Virschrëften déi sech streng un Virgabe vun der Sharia (islamesch Legislatioun) halen a ganz strikt duerchgesat ginn.

Esou ass beispillsweis op West-Sumatra an de Schoulen den „Dschilbab“ (en Duch dat Kapp, Hals a Broscht bedeckt) fir Meedercher a Fraen zanter 2001 verflichtend. Haut gëllt dës Virschrëft a 24 vun den 32 indonesesche Provënzen. Méiglech mécht et eng Veruerdnung aus 2014, déi sech mat de Schouluniforme befaasst. Den Educatiounsminister Nadiem Makarim, schwätzt vun Interpretatioun.

Hien erkläert: „d‘Veruerdnung iwwer Schouluniforme weist ee Bild fir moslemesch Bekleedung. Frae gi mat engem laange Rack, engem Hiem mat laangen Äerm an dem Dschilbab duergestallt. Dat d‘Droe vum Dschilbab eng Wiel a keng Virschrëft soll sinn, gëtt wëssentlech ignoréiert an de Meedercher a Fraen, déi sech deem verweigeren, gëtt eng „zweiwelhaft“ Moral ënnerstallt.

Nach gëtt et verschiddentlech eppes Widderstand

Nodeems am Mäerz e Papp vun enger „chrëschtlecher“ Schülerin, dat vum Schouldirekter mat vill „Drock“ gezwonge gouf sech ze verschleieren, sech gewiert huet, gouf et ee klengen Opstand. De Mann hat d‘Gespréich mam Enseignant vu senger Duechter gesicht a kritt, dëst opgezeechent an an de sozialen Netzwierker verëffentlecht. D‘Medien hu sech net genéiert a sinn drop agaangen.

Wéi sech dann och nach de Justizministère agemëscht huet, huet de Schouldirekter sech ëffentlech entschëllegt. De Ministère fir Bildung a reliéis Ugeleeënheeten huet sech missen op d‘Verfassung beruffen an en Dekret ausgestallt, datt d‘Virschrëft zum droe vu reliéiser Bekleedung ausser Kraaft setzt. Offiziell heescht et aus dem Justizministère: „Den Dekret ënnerstëtzt déi reliéis Fräiheet“.

Indonesien

Den Educatiounsministère hat zudeem eng Hotline ageriicht, wou sech d‘Leit iwwer esou Zoustänn beschwéiere konnten. Dat gouf an de sozialen Netzwierker „ënnerschiddlech“ kommentéiert. Et gëllt dann och als erwisen, datt sech dësen Dekret net an alle Communautéiten/Provënzen wäert duerchsetzen. An dat ass nëmmen een Topic, déi sexuell Selbstbestëmmung awer e weidere Sujet…

mam Indah Hsiang, IM-Jakarta

Illustratioun: © HRW

Related topics Dschilbab, Hijab, HRW, Indonesien, Islam, politiséiert Relioun, Sharia
Next post Previous post