Search

You may also like

De Logement, en zentrale Sujet vun der sozialer Rentrée
Neiegkeeten

De Logement, en zentrale Sujet vun der sozialer Rentrée

Am Kontext vum Logement an dem Accès zu Wunnraum, huet

Et ass eekeleg Kal dobaussen, och fir däin Auto
Neiegkeeten

Et ass eekeleg Kal dobaussen, och fir däin Auto

Mat unhalende Minustemperaturen, gëtt et net nëmmen de Mënsche Kal,

dislike
Inspektioun vun iranesche Militärbasen onerwënscht
Neiegkeeten

Inspektioun vun iranesche Militärbasen onerwënscht

Den iranesche President Hassan Rouhani huet um Dënschdeg d’Iddi vun

Industriezon Gadderscheier: D’Feier ass geläscht!

Um leschte Juli-Dag ass beim CGDIS den Appell eragaangen, datt et an der Industriezon Gadderscheier brenne géif. No engem Asaz vu bal 48 Stonnen ass elo matgedeelt ginn, datt d’Feier konnt geläscht ginn.

An engem Stock dobausse sinn Holzreschter a Paletten aus nach ongekläerte Grënn a Brand geroden. D’Flamen hu sech op een Holzkoup vu Kronospan konzentréiert, woubäi allerdéngs keng Gebaier beschiedegt gi sinn.

Industriezon Gadderscheier

Rout markéiert: D’Plaz vum Feier

An der Nuecht op e Freideg hunn d’Pompjeeën duerch d’Auserneenzéie vum brennenden Holzkoup duerch schwéier Maschinnen d’Feier ganz ausgemaach. Nach ëmmer sinn d’Asazkräft mat den Opraumaarbechten amgaangen. Weiderhi bleift eng kleng Ekipp op der Plaz bis datt d’Holz komplett ofgekillt ass. Just esou kann dës Brandwaach sécherstellen, datt d’Feier net nees kann ugoen.

Beim schwéieren Asaz ass keng Persoun blesséiert ginn, an och d’Iwwergräife vun de Flamen op d’Gebaier konnt verhënnert ginn. De CGDIS seet alle fräiwëllegen a professionelle Pompjeeë Merci, déi duerch hiren Engagement eng erfollegräich Aarbecht geleescht hunn.

Och mir soen alle Persounen, déi am Asaz waren ee grousse Merci. Besonnesch an dësem Summer huet sech gewisen, datt eng gutt Zesummenaarbecht an d’Bereetstellung u professionellem Equipement vun immenser Wichtegkeet ass.

Related topics Brand, CGDIS, Feier, Industriezon Gadderscheier, Pompjeeën
Next post Previous post