Konsumenteschutz: Wann d‘Politik sech der Sammelklo verwiert (Analys)
Nodeems mir eis der Bilan-Iwwersiicht vum Konsumenteschutz ugeholl hunn, erschéngt
Och am Mäerz kann d’Brasserie K116 nees musikalesch iwwerzeegen. Dës
Ënnert dem Donald Trump ass alles méiglech. Hien huet et
Eng net onwichteg Noriicht fir all concernéiert Leit, ob Schüler, Elteren, Enseignanten, Educateuren oder Betreiungspersonal aus de Schoulen. Spéitstens elo misst vu politescher Säit unerkannt ginn, datt een sech och an der Schoul ustieche kann. Spéitstens elo missten déi politesch Responsabel op déi Noriicht konsequent reagéieren!
Spéitstens elo missten déi politesch Responsabel sech mat de Mesuren, déi den SNE/CGFP scho fir d’Rentrée am September virgeschloen hat, ausernee setzen. Fir den SNE/CGFP däerfe keng onnéideg gesondheetlech Risike geholl ginn an d’Gesondheet vun de Kanner, dem Léierpersonal an dem edukative Personal muss absolut Prioritéit hunn.
Mat Nodrock widderhëlt den SNE/CGFP duerfir nach emol seng Fuerderungen:
Den SNE/CGFP acceptéiert net, dass déi héich Infektiounszuele weiderhin ignoréiert ginn. Et besteet ganz kloer en Infektiounsrisk an de Schoulen ënner den aktuelle Konditiounen. Mir verlaangen dofir vum MENJE, eise Fuerderungen nozekommen an déi virgeschloen zousätzlech Mesuren ëmzesetzen fir dass d’Zuelen net nach weider klammen.
Rattrapage-Coursen: Eng Drëps op de waarme Steen!
Och nach e puer Wierder zu de Rattrapage-Coursen, déi de MENJE ausserhalb vum Schoulhoraire wärend dem éischten Trimester virgesinn hat. Dës fakultativ Offer vun Nohëllefcoursë soll elo net méi fir all d’Zyklen aus dem Enseignement fondamental organiséiert, mee nach just fir d‘Kanner aus dem Zykle 4 proposéiert ginn.
Dëse Modell vu Rattrapage-Coursen, wéi e vum Educatiounsminister envisagéiert gëtt, huet den SNE/CGFP vun Ufank u kritesch gesinn an hannerfrot.
Fir den SNE/CGFP kënnen dës Coursen, déi op Fräiwëllegkeet berouen, net all d’Kanner erreechen, déi eng Hëllef brauchen. Och sinn si just eng Drëps op de waarme Steen. De Fait, dass se ausserhalb vun der Schoulzäit organiséiert ginn, bedeit fir d’Kanner, déi d’Chance hunn um Rattrapage deel ze huelen, eng zousätzlech Belaaschtung. Et duerf een och net vergiessen, dass dës Rattrapage-Coursen a Konkurrenz mat anere Veräinsaktivitéite stinn, déi eventuell zum selwechten Zäitpunkt stattfannen. No der Schoul, ass no der Schoul. Dës Stonne sollen d’Schüler kënne fir Fräizäitaktivitéiten notzen.
Déi eenzeg gangbar Méiglechkeet fir den SNE/CGFP wier d’Aféieren an d’Bereetstellung vun engem zousätzleche Corona-Contingent u Personal gewiescht, dat wärend der regulärer Schoulzäit bei de Kanner hätt intervenéiere kënnen. Duerch esou eng Mesure, déi eng effektiv Erhéijung vun Appuisstonne bedeit hätt, hätten eventuell Corona-Retarde bei de Kanner kompenséiert kënne ginn.
Fir den SNE/CGFP ass et kloer: Nëmme mat extraen Appuisstonnen an der Schoul kann ee garantéieren, dass all Kand, dat zousätzlech Hëllef brauch, déi och kritt.
Dass d’Rattrapage-Coursen elo nach just fir d‘Kanner aus dem Zykle 4 sollen organiséiert ginn, verwässert d’Mesure vum MENJE nach méi. Vun zousätzlecher Hëllef kann ee bal net méi schwätzen.
Den SNE/CGFP fuerdert de MENJE dofir op en Neits op, sengem Virschlag vun der Bereetstellung vun engem zousätzleche Corona-Contingent nozekommen. Duerch dës zäitno Mesure kéinten eventuell schoulësch Retarden nach opgeschafft ginn.
Matgedeelt vum SNE/CGFP
Offiziell Matdeelung HEI