Search

You may also like

Spuenien: Madrid wëll de Streik vun den Taxichauffere briechen
International Neiegkeeten

Spuenien: Madrid wëll de Streik vun den Taxichauffere briechen

Zanter engen zéng Deeg hunn es d‘Taxichauffere vu Madrid mat

Sträit tëscht China an den USA féiert zum Clash am UN-Sécherheetsrot
International Neiegkeeten

Sträit tëscht China an den USA féiert zum Clash am UN-Sécherheetsrot

Eigentlech wier am Kontext vun der Covid19-Pandemie eppes méi Zesummenhalt,

Parlamentaresche Bilan DP: „Mir wëllen an der Verantwortung bleiwen“
International Neiegkeeten

Parlamentaresche Bilan DP: „Mir wëllen an der Verantwortung bleiwen“

„Et ass keen definitive Bilan, well mir wëllen och an

D‘Infektiounszuelen an Däitschland halen sech

Och de partielle Confinement huet net déi erhoffte Verännerunge mat sech bruecht an elo fuerdert d‘Bundeskanzlerin Angela „Mutti“ Merkel eng Verschäerfung vun de Covid19-Moossnamen

D‘Infektiounszuelen an Däitschland halen sech

Bei den Noperen déi aner Säit der Musel wëll et net besser ginn. Trotz dem partielle Lockdown bleiwen d‘Infektiounszuelen an Däitschland vill ze héich. Dee Problem hu mir Lëtzebuerger esou leider och, firwat et Sënn mécht déi weider Schrëtt an Däitschland enk ze verfollegen. Mee ass et politesch machbar, kuerz viru Chrëschtdag all d‘Landescheffen zu engem Konsens ze bewegen?

Méi streng Moossname gi wuel och vun deem engen oder anere Ministerpresident gefuerdert, mee eng gemeinsam Linn huet et net a wäert et och net ginn. An awer wëll d‘Angela Merkel nach virun de Chrëschtdeeg eng Eenegung op méi streng Moossnamen zur Bekämpfung vun der sanitärer Kris erzilen. No der Sëtzung vun der Uniounsfraktioun, war vun enger „schwiereger Situatioun“ riets.

Bei dëser Entrevue, esouvill ass duerchgedrongen, soll d‘Angela Merkel däitlech gemaach hunn, datt d‘Land mat de bestoende Mesuren net géif duerch de Wanter kommen. D‘Bundeskanzlerin hätt sech doriwwer eraus och beschwéiert, datt aktuell ze vill iwwer Glühwäin an net genuch iwwer den iwwerfuerderte Gesondheetssystem geschwat gëtt. Mee de Covid19 ass bekanntlech „Ländersache“.

Hei ass Däitschland genee esou schlecht dru wéi d‘EU. 16 Ministerpresidenten zum Konsens, also zur Eenegung op eng „gemeinsam Linn“, ze bréngen ass änlech komplizéiert wéi dem Viktor Orban d‘Rechtsstaatlechkeet nozebréngen. An esou huet dann elo och de Kanzleramtschef Helge Braun (CDU) gemengt, datt wann et fir weider Mesuren Eestëmmegkeet géif ginn, si mat derbäi wieren.

Kee wëll de politesche Fauxpas riskéieren

An esou kann den Helge Braun dann och „risikobefreit“ géintiwwer der BILD Fuerderungen an de Raum stellen: Moossnamen an de Schoulen an am Eenzelhandel, Neiuerdnung vum ëffentlechen Noverkéier. Datt ass déi politesch Iwwersetzung fir „Lockdown“ – ee béist Wuert dat kee wëll an de Mond huelen – woubäi de konservative Kanzleramtschef, dësen eréischt nom 27. Dezember wëll.

Dat ass dann awer iergendwéi „ze kuerz geduecht“ an esou huet et do Experten, déi befierchten, datt déi fir d‘Chrëschtdeeg geduechte Fräizügegkeet, dee selwechten Effet kéint hunn, wéi d‘Feierdeeg zu „Thanksgiving“ an den USA a Kanada. Infektiounskette loossen sech zwar ënnerbriechen, net awer réckgängeg maachen. An d‘Infektioune bannent de Famillje sinn einfach net ze verhënneren.

A wann een dem „chrëschtlechste“ vun de Ministerpresidenten nolauschtert, ass net vun engem Sommet zu Berlin auszegoen. De Markus Söder (CSU), wou sech och Hoffnungen op d‘Nofolleg vum Merkel-Mandat mécht, géif esou eng Ronn vun de Ministerpresidente scho gefalen, déi awer géif nëmme Sënn maachen, wann et zu engem eestëmmegen Entscheet iwwer Mesure kënnt.

Entscheedunge sinn dat eent…

…d‘Leit derzou ze bewegen se matzedroen an ëmzesetzen, dat anert. Et ass dann och net domadder gedoen ze erkennen, datt den aktuelle System net funktionéiert. Et kann och net domadder gedoe sinn d‘Moossname bis den 10. Januar ze verlängeren, wann ee schluddereg mat dësen ëmgeet. Et kann allerdéngs net bis de 4. Januar gewaart ginn, iert et zur Ministerpresidentekonferenz kënnt.

Datt de Markus Söder awer d‘Bierger an Däitschland an der Flicht gesäit, wann een emol kuerz vun de Queeschdenker an aneren dubiéise Gestalten Abstraktioun mécht, ass gewot. 16 Länner huet et a grad esouvill ënnerschiddlech wéi deels onverständlech Mesuren an Oplagen. Wann et wierklech ee Mentalitéitswiessel brauch, da brauch et dësen erwisenermoossen emol op ieweschtem Niveau.

Fir den Ament läit déi sougenannte „7-Deeg-Inzidenz“ (ëmmer laut Robert-Koch-Institut – RKI) bei 145,9. Dat ass Zuel vun den Infektiounsfäll pro 100.000 Awunner, an déi sollt, fir d‘Situatioun nach iwwerschaubar ze hale bei maximal 50 geleeë sinn. Dëse Prinzip gëllt och zu Lëtzebuerg, an och mir leie (vill ze) wäit driwwer. Et sollt ee sech gedanklech och hei am Land op „Mesuren“ astellen.

mat indymedia/ber

Illustratioun: © Cedrik Wesche / unsplash

Related topics Angela Merkel, Chrëschtdag, Confinement, Covid19-Moossnamen, Covid19-Pandemie, Däitschland, Lockdown
Next post Previous post