Chantier op der Autobunn A7 tëscht den Echangeure Mierscherbierg a Kolmer-Bierg (05.-08.03.2021)
D’Stroossebauverwaltung deelt mat, dass d’CREOS Enn der Woch Aarbechten un
D’Stroossebauverwaltung deelt mat, dass d’CREOS Enn der Woch Aarbechten un
Um Donneschdeg hat de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot (LFR) d‘Press agelueden, fir
Enn dës Mounts plënnert d‘Info-Box, an där d‘Guichete vum Service „Autobus“ an de Service „Chantier-Mediatioun“ ënnerbruecht sinn, vun der Biederstrooss op d‘Plëss. Ab dem 2. Mäerz heescht et dann och net méi „Info-Box“, mee „Infobus“ an déi ass dann am Lokal um Eck Lantergässelchen an hirem neien „Doheem“.
D‘Personal vun de Städtesche Busser (AVL) steet hei den Cliente vu Méindes bis Samschdes tëscht 8 an 18 Auer fir all Froen zur Verfügung. Dat „Geplënners“ wéi och de neien Numm vum Service geet mat der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport anhier, esou d‘Informatioun vun der Gemeng.
De Service „Chantier-Mediatioun“ plënnert och, kritt awer seng nei Adress op 13 Ënneschtgaass. Während geplënnert gëtt sinn hir Büroen zou, mee d‘Mediateure bleiwen natierlech dem Public fir all Froen zu de Schantjen erhalen. Iwwert den Telefon 4796-4343 kann een hinne vu Méindes bis Freides tëscht 8.30 an 17 Auer all wichteg Froe stellen.
Matgedeelt vun der Stad Lëtzebuerg, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser
Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay