Search

You may also like

Mat de Rettungsdéngschter an dat neit Joer
Neiegkeeten Stories

Mat de Rettungsdéngschter an dat neit Joer

Vergaangenen Dënschdeg huet d’Inneministesch Taina Bofferding d’Representante vum Service vun

Weltdag vum Héieren – Wëll ee gutt Gehéier och Fräiheet bedeit
Neiegkeeten Stories

Weltdag vum Héieren – Wëll ee gutt Gehéier och Fräiheet bedeit

All Joer gëtt um 3. Mäerz 2021 de Weltdag vum

Neiegkeeten Stories

Aus der Welt, kuerz bericht

Manchester: Aacht Verhaftungen Nom schrecklechen Uschlag zu Manchester sinn um

Dem Info-Guichet vun der ASTI ginn d‘Mëttel aus

D‘Associatioun huet sech elo un d‘Regierung gewannt fir finanziell ënnerstëtzt ze ginn

Dem Info-Guichet vun der ASTI ginn d‘Mëttel aus

Bei der ASTI „dréckt de Schong“ a zwar zolidd. Eng vun de wichtege Missioune vun der ASTI (Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés) ass et deenen Auslänner, déi sech zu Lëtzebuerg néierloossen an net aus engem aneren EU-Land kommen, eng Hand bei de ganzen administrativen Demarchen unzepaken. Leider kënnt dës Struktur aus eegener Kraaft net iwwert d‘Ronnen.

Hei muss direkt emol eng Klamer opgemaach ginn: wéinst der sougenannter „Flüchtlingskris“ déi 2015 soll ausgebrach sinn, gëtt et en zimlecht Duerchenaner. Esou stellt d‘Sozialaarbechterin déi sech ëm Info-Guichet vun der AST këmmert fest: „Wann zu Lëtzebuerg vun Auslänner rieds ass, da gëtt oft un d‘Refugiéeë geduecht, dobäi këmmere mir eis net ëm déi Leit“, esou d‘Laurence Hever.

Déi engagéiert Fra empfänkt all Méindeg a Donneschde (ëmmer am Nomëtteg) Migranten oder Lëtzebuerger, déi Informatiounen oder Hëllef brauchen. Sief et fir eng Aarbechtserlaabnes, eng Familljenzesummeféierung, wat et alles brauch fir sech mat engem Auslänner kënnen ze bestueden an wéi een Zougang zur Bildung erhält. Dat zumindest sinn déi heefegst Besoinen där si begéint.

An d‘Leit sinn och verschidden. Esou gëtt déi wou eng eenzeg Kéier komme fir eng Info ze kréien a ginn, wann déi hëllefräich war kucken si fir de Recht selwer eens ze ginn. Anerer brauchen eng richteg Begleedung, wat bedeit datt ee muss Dossieren uleeën an uecht doen, datt dës komplett sinn. Et ass deemno och eppes Zäitopwänneg, a méi wéi 8 Leit pro Nomëtteg kann een net empfänken.

80 Dossieren de Mount

Zwee Nomëtteger klengt net no vill, et kommen hei awer eng 80 Dossieren all Mount zesummen, déi mussen am A behale ginn. En Laascht déi net op vill Schëllere verdeelt gëtt, an elo dreet einfach ze schwéier ze ginn. An hei ass nach net emol rieds vun der Verantwortung déi dat ganzt mat sech bréngt. Méi wéi schaffe geet net, dofir een uecht doen, d‘Laurence Hever net ze iwwerfuerderen.

Erënnere mir nach drun, datt de „Guichet Info Migrants“ virun elo zwee Joerzéngte gegrënnt gouf, mat justement der Approche d‘Migranten iwwert hir Rechter a Flichten ze informéieren an déi och bei hire administrativen Demarchen ze begleeden. Den Erfolleg huet net op sech waarde gelooss, well de Besoin bestanen huet. D‘Leit hunn der Associatioun vertraut an dat war jo och gutt esou.

D‘ASTI iwwer Joren ewech dofir eng konventionéiert Plaz gefuerdert. D‘Regierung sollt quasi d‘Pai vun der Persoun, déi dës Aarbecht iwwerhëlt, iwwerhuelen. Et sinn dann och an éischter Linn déi staatlech Administratiounen, déi vun dësem Service am meeschte profitéieren. D‘Dossiere vun der ASTI si komplett a vu vireran gepréift, der Direktioun vun der Immigratioun jo entgéint kënnt.

Konventioun mam Familljeministère

Et huet dann awer bis an d‘Joer 2017 gedauert, bis der ASTI dës konventionéiert Aarbechtsplaz zougestane gouf, an dat och nëmmen iwwert den Ëmwee vun der OLAI (déi sech bekanntlech primär ëm d‘Refugiée këmmert). Et ass also net den Ausseministère, och wann een dat eigentlech erwaart hätt, deen der duerchaus berechtegter Fuerderung vun der ASTI Rechnung gedroen huet.

Dank dëser Konventioun, konnt de „Guichet“ mat zwou Persoune besat ginn. Eng dovunner mat engem Deelzäitaarbechtsvertrag (15 Stonne/Woch). Méi hunn d‘Finanze sengerzäit net hir ginn. Enn d‘lescht Joer hat d‘ASTI dann och net méi d‘Mëttel dësen zweete Posten aus der eegener Kees ze finanzéieren. D‘ASTI finanzéiert sech iwwert Donen an europäesch Zouwennungen.

Et ass ee richtege Réckschlag fir d‘Associatioun. Dës Persoun déi si net konnten halen, war gutt forméiert a huet sech mam Immigratiounsgesetz vun 2008 richteg gutt auskannt. De Beweis dofir hunn d‘Sozialbüroe vun de Gemengen erbruecht. 2018 hunn déi der ASTI iwwer honnert Persoune geschéckt, well hir Mataarbechter esou mam Gesetz hir „Schwieregkeeten“ haten.

Ass net der Däiwel vill Geld

En zweete Mataarbechter am Guichet wier deemno wierklech net vu Muttwëll, schliisslech géif jo jiddereen dovunner profitéieren. Ufank Juli hat d‘ASTI am Kontext vu senger Generalversammlung bedauert, datt säitens der Regierung wéineg Entgéintkomme signaliséiert gëtt. Et gouf bemierkt, datt d‘Regierung méi Mëttel muss fräiginn, fir d‘Integratiounspolitik erfollegräich ze gestalten.

Zemools et net eleng ëm d‘Refugiée geet an hei gëtt d‘ASTI ze bedenken, datt vun de ronn 23.000 Persounen déi sech 2018 zu Lëtzebuerg néiergelooss hunn, 6.200 net aus der EU stamen. An dat si genee déi Leit fir déi de Guichet vun der ASTI gemënzt ass. D‘lescht Joer sinn dann och iwwer Dausend Leit am Guichet passéiert. D‘Vertrauen an dës „Institutioun“ ass zudeem immens.

Dat huet och eppes mat eise Beamten ze dinn, an et dierft novollzéibar sinn datt Mënschen ouni Pabeieren éischter bei d‘ASTI ginn. Et kommen awer och Patronen, déi sech informéiere, wéi eng Moyenen et gëtt eng Persoun bei sech anzestellen déi nach keng Aarbechtserlaabnes huet. An et gëtt jo och déi Saach mat der Léift. E Sujet, dee laut der ASTI ëmmer méi oft op d‘Tapéit kënnt.

Fir d‘éischt brauch et en neit Gesetz

Elo sinn der ASTI hir Suergen dem Familljeministère net onbekannt, mee déi hunn den Ament nach eppes d‘Hänn gebonnen. Dat ass dem Fait geschëlt, datt en neit Gesetz an Aarbecht ass, dat endlech d‘Kompetenze vum Ausseministère a Familljeministère kläre sollt. Do soll dann och gekläert ginn, wien de Finanzement vun der zweeter Persoun am Guichet vun der ASTI um Enn iwwerhëlt.

Dat Gesetz dierft nach eppes Zäit vergoe loossen. Zäit déi der ASTI fortleeft, firwat déi aktuell Situatioun vu kengem als zefriddestellend ka beuerteelt ginn. Datt si um Familljeministère elo Problemer grad mat de Refugiéeën hunn, dat wëll keen a Fro stellen, d‘ASTI jo schonn emol guer net. Mee nach emol: de Guichet vun der ASTI behandelt d‘Dossiere vu Migranten net Refugiéeën.

Foto: Mimzy/Pixabay

Related topics ASTI, Ausseministère, Familljeministère, Info Guichet Migrants, OLAI
Next post Previous post