Search

You may also like

Syrien: Dem Putin säi klenge Sommet
Neiegkeeten

Syrien: Dem Putin säi klenge Sommet

No senger iwwerraschender Entrevue mam Bashar al-Assad um Dënschdeg, versammelt

Konscht am Gronn: E sonnege Bonjour aus dem historesche Quartier!
Neiegkeeten

Konscht am Gronn: E sonnege Bonjour aus dem historesche Quartier!

D’Evenement „Konscht am Gronn“ huet sech mat de Joren zum

Bedreete Pressefräiheet
Neiegkeeten

Bedreete Pressefräiheet

Dat sinn net déi eenzeg schlecht Nouvellen déi de Joresbilan

Den Infobus op der Plëss: Fir all Renseignementer a Punkto ëffentlechen Transport

Den Infobus op der Plëss: Fir all Renseignementer a Punkto ëffentlechen Transport

Pünktlech zur Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport am Groussherzogtum huet d’Stad Lëtzebuerg den Infobus op der Plëss ageweit. Ze fannen ass de Service, deen ënnert anerem d’Offer un Transportmëttel an der Stad virstellt, um Eck vun der Rue Genistre a léist déi fréier Info Box of.

Elo, wou um Lëtzebuerger Terrain all ëffentlech Transportmëttel gratis sinn, gëllt de sougenannten Infobus als éischte Kontaktpunkt fir Clienten, déi sech iwwert de Bus-Reseau vun der Stad Lëtzebuerg informéiere wëllen. Hei kritt een déi ganz Offer presentéiert an erkläert, awer och zur nohalteger Mobilitéit sensibiliséiert.

Infobus

© VDL

Fir folgend Beräicher steet een der Ëffentlechkeet zur Verfügung:

  • Renseignementer a Rotschléi zum ëffentlechen Transport ginn, souwuel vun der Stad Lëtzebuerg, wéi och vum gesamten nationale Reseau;
  • Informatiounen zu verschiddene Stéierunge vermëttelen;
  • Detailer zu de Servicer Call-a-Bus an dem neie Rollibus ginn;
  • Alternativen zum perséinleche Gefier proposéieren;
  • Fuerpläng vum ëffentlechen Transport ausrechnen an definéieren;
  • Verschidde Publikatiounen offréieren;
  • Kritiken, Reklamatiounen a Suggestiounen a Saachen ëffentlechen Transport ophuelen;
  • Demanden zu verluerene Géigestänn veraarbechten.

Den Infobus huet vu Méindes bis Samschdes vun 8:00 bis 18:00 Auer op. Weider Informatioune kritt Dir ënnert bus.vdl.lu an Infobus fannen.

Opmaacherbild: © VDL

Related topics AVL, Bus, Call a Bus, Gratis Ëffentlechen Transport, Gratuitéit, Infobus, Rollibus, Stater Mobilitéitsdag, VDL, Verkéier
Next post Previous post