Search

You may also like

Hospitalisatioun vum Groussherzog Jean
Neiegkeeten

Hospitalisatioun vum Groussherzog Jean

Wéi de Marechalat vum Haff matgedeelt huet, ass de Groussherzog

Den „Eschlescher“ vun der Sauer
Neiegkeeten

Den „Eschlescher“ vun der Sauer

Wat engem am klenge Geschäft – an natierlech och um

To Schueberfouer or not to Schueberfouer…
Neiegkeeten

To Schueberfouer or not to Schueberfouer…

D‘Fréijoer ass nach jonk an dobaussen ass et zuweilen éischter

Informatioun vum Aussen- an Europaminister zu den däitschen Grenzen

Informatioun vum Aussen- an Europaminister zu den däitschen Grenzen
  • Déi däitsch Bundesregierung huet Lëtzebuerg de 14. Juli als Risikogebitt agestuuft.
  • Et si vun Daitschland weder Grenzschléissungen nach Grenzkontrollen agefouert ginn. An kee Bundesland verbitt et Leit déi aus Lëtzebuerg kommen anzereesen.
  • An der Praxis sin och d’Quarantänmoosnahmen déi d’Bundesländer fier déi Länner fiergesin déi als Risikogebitt agestuuft sin (esou ewéi Lëtzebuerg), keen absolut Hindernis fier kënnen an Daitschland ze reesen.
  • Grouss Kategorien vun Leit sin ganz vun enger Quarantänpflicht entbonnen. An all Bundesland ass daat liicht anescht, mee et ass emol erfierzehiewen datt déi däitsch Frontalieren aus Rheinland-Pfalz an dem Saarland net dovun betraff sin. Och fier vill aner Trajeten déi als “essentiell” (“triftig”) ugesin gin, gin et jee no Bundesland offiziell Ausnahmen, an Rheinland-Pfalz z.B sin daat besonnesch fier Studenten, Leit déi wëllen Familjenmembren besichen goen, oder bei medezinescher Noutwendegkeet.
  • An all Bundesland ass och d’Durchrees ëmmer erlaabt.
  • Ganz wichteg ass erfierzehiewen, datt och all déi Leit déi nët an eng vun denen Ausnahme-Kategorien faalen, trotzdem dierfen eng Rees an Daitschland machen ouni Obligatioun an eng Quarantaine ze goen, wann se en Certificat vun engem Dokter (“ärztliches Zeugnis”) virweise kann dat sech op en negativen molekularbiologeschen Corona-Test baséiert den net méi al wéi 48h (virun der Areess an Däitschland) därf sin. Den Certificat an däitscher oder englescher Sprooch muss fier 14 Deeg gehale gin.
  • Fier Résidenten aus Daitschland déi op Lëtzebuerg kommen, ass et méi schwéierfälleg. Mee och do gin et Ennerscheeder zwëschen Bundesländer. Esou kënnen Daitscher aus Rheinland-Pfalz 72h zu Lëtzebuerg bleiwen, ouni mussen an Quarantän ze goen wann se nees zréck heem fueren. Am Saarland leeft eng Diskussioun fier déi Limitt op den selwechten Niveau ze hiewen. Fier Leit aus Baden-Württemberg, Bayern, Hamburg an Schleswig-Holstein ass déi Limit bei 48h Openthalt.
  • Generell kenne mir net auschléissen datt déi Bestëmmungen vun den verschiddenen Bundesländer änneren. Virun engem Départ an Däitschland soll een sech op den offiziellen Websiten vun den jeweilegen Bundesländer informéieren.

Matgedeelt vum Aussen- an Europaministère

Opmaacherbild © Christian Wiediger / Unsplash

Related topics Arees, Ausseministère, Bundesregierung, Covid-19, däitsch Grenzen, Duerchrees, Grenzkontrollen, Jean Asselborn, Pandemie, Restriktiounen, Rheinland-Pfalz, Risikogebitt, Saarland, test
Next post Previous post