Search

You may also like

Politesch Entscheedungen an hir Folgen
Neiegkeeten

Politesch Entscheedungen an hir Folgen

Wa politesch Entscheedungen esou schwéier Konsequenzen hunn, wéi dat de

Littering: eng knaschteg Affär
Neiegkeeten

Littering: eng knaschteg Affär

Et ass een Thema wat ausgangs leschter Woch ëmmer nees

Konscht am Gronn – Déi éischt Expo vun der Saison
Neiegkeeten

Konscht am Gronn – Déi éischt Expo vun der Saison

E Sonndeg, den 2. August 2020 kann een déi éischt Ausstellung

Informatiounsdeeg bei der Lëtzebuerger Arméi: 550 Schüler waren dobäi!

Tëscht dem 14. a 16. Mee huet d’Lëtzebuerger Arméi um Härebierg zu Dikrech seng Informatiounsdeeg fir Schüler organiséiert. Méi wéi 550 Jugendlecher hu sech bei den zuelräiche Stänn informéieren, beroden an vläicht souguer iwwerzeege gelooss.

Op der Plaz ware Stänn vun der Arméi, der Lëtzebuerger Police, dem CGDIS, dem AVL, sou wéi der Stroossebauverwaltung, der Douanesverwaltung, dem Prisong oder och dem Centre de Retention.

Och eise Verdeedegungsminister, de François Bausch ass gëschter bis op den Härebierg gereest, fir esou de Programm, deen d’Schüler proposéiert kréien, och emol ze gesinn. Dobäi huet hie sech wéi ee Kichelche gefreet, datt direkt esou vill interesséiert Persounen op der Plaz waren, fir eventuell souguer eng Karriär an der Arméi anzegoen. Dobäi huet hien ervir gehuewen, datt een mat dësem Choix divers Posten ugebuede ka kréien, sou wéi een motivéierenden a fërdernden Aarbechtskader.

Och déi sozial Roll vum Zaldot, virun allem a Saache Preparatioun fir eng Aarbecht am ëffentlechen oder private Secteur, bleift laut dem Minister eng vun de wichtegste Missioune vun der Lëtzebuerger Arméi. Hien erkläert weider, datt „d’Arméi Perspektiven an der perséinlecher a professioneller Entwécklung bitt.“

Nieft den zuelräichen Informatiounsstänn haten d’Schüler och d’Méiglechkeet militärescht Material a Gefierer gewisen ze kréien. Mat Demonstratioune vun den Zaldoten an der Douane sollten d’Leit esou richteg vum Hocker gerappt ginn.

Related topics AVL, CGDIS, Douane, François Bausch, Generol Alain Duschène, Härebierg, Informatiounsdeeg, Lëtzebuerger Arméi, Police, Prisong, Stroossebauverwaltung
Next post Previous post