Search

You may also like

Hëtztwell 2019: d‘Stad Lëtzebuerg informéiert!
International Neiegkeeten

Hëtztwell 2019: d‘Stad Lëtzebuerg informéiert!

D‘Stad Lëtzebuerg informéiert de Public, datt opgrond de besonnesch héijen

Keng gratis PCR-Tester méi virun der Vakanz
International Neiegkeeten

Keng gratis PCR-Tester méi virun der Vakanz

Ab dem 5. Abrëll ginn op MyGuichet.lu keng gratis PCR-Tester

MeteoLux warnt viru Staarkreen a Knëppelsteng
International Neiegkeeten

MeteoLux warnt viru Staarkreen a Knëppelsteng

Aus dem MeteoLux-Wiederbericht vun haut de Moie 7 Auer ass

De Jang, seng europäesch Homologen an den Diktator

De Jang, seng europäesch Homologen an den Diktator

Beim informellen EU-Sommet vun den Ausseminister dat haut zu Lissabon stattfënnt, wollt ee sech eigentlech iwwert d‘Bezéiungen tëscht der Europäescher Unioun an Afrika ënnerhalen. Leider muss d‘Ausbeutung an déi politesch Tutelle vun den aarme Länner neie Prioritéite weechen. Woubäi…

Wann et verständlech ass, datt d‘Kausa vum wäissrusseschen Oppositionellen a Journalist, Roman Protassewitsch, deen op eng wuel „onkonventionell“, den EU-Ausseminister (bezunn op hir grouss transatlantesch Bezéiung) awer net ganz esou friem Aart a Weis, wuertwiertlech aus dem Verkéier gezu ginn ass, esou sinn déi diplomatesch Mësstéin zanter de getierkte Walen net ofgeklongen.

Beim aussergewéinlechen EU-Sommet, hunn sech da jo och schon den EU-Rot an d‘Kommissioun, zesumme mat den europäesche Staats- a Regierungscheffe fir nei a weiderféierend Sanktioune géint Wäissrussland, säi Regimm an den Diktator ausgeschwat. Et war de Moment vum Zesummenhalt an der Eenheet, wéi de politeschen Aarm vun der Europäescher Unioun de Virfall veruerteelt huet.

Déi däitsch Kanzlerin, déi am Hierscht an d‘Pensioun geschéckt gëtt: „Wann d‘Vëlkergemeinschaft zesummeschaffe wëll, dann ass dat net akzeptabel. An do geet et net drëms op ee Schold huet, esou eppes mécht een net. A wann, da muss dorobber eng Reaktioun erfollegen. Déi hu mir beschloss“. gemengt ass d‘Schléissung vum Loftraum fir wäissrussesch Fliger an d‘Afréiere vun Investitiounen.

Zäit eng Schëpp nozeleeën

Elo sinn déi beim zwar geplangten an awer aussergewéinlechen EU-Sommet ergraffe Sanktioune séier an aus der Hëft eraus beschloss ginn, dat kann een allerdéngs nëmmen als eng éischt, quasi Noutfallmoossnam, verstoen. Et ass haut um Jean Asselborn a sengen der Demokratie an den EU-Bierger verflichte Kolleegen, en neien, eppes méi komplette Sanktiounspak op d‘Bee stellen.

An éischter Linn geet drëms et de wäissrusseschen Entreprisen den Handel mat der EU onméiglech ze maachen. Ob dat elo den Alexander Lukaschenko a Bedrängnes bréngt? Den Diktator ass wuel kee sympatheschen Zäitgenosse, mee e Cretin am wëssenschaftlech-diplomatesche Sënn ass et och net. Och zu Minsk goufen all Zenarien zum eegens erbäigefouerte Virfall a betruecht gezunn.

Dat weess de Jean Asselborn, an deene meeschten EU-Ausseminister dierft et net friem sinn, mee änlech wéi an der Kausa Nawalny – déi jo mëttlerweil och schonn nees aus de Schlagzeilen eraus ass – muss de Bierger wëssen, datt sech d‘Politiker ni wierklech fir den Oppositionellen asetzen, mee just dovu profitéieren sech propagandistesch ze profiléieren. Kléngt komesch ass awer esou.

Si maachen dat dann och just well si „mengen“ datt et vun hinnen erwaart gëtt. Leider gi si bei esou Affären ëmmer ganz Selektiv vir, well wann d‘USA esou eng „Operatioun“ duerchféieren, da gëtt matgeschafft fir ee „Gesichten“ ze pëtzen. Datt de 26 järege Roman Protassewitsch hinne sollt elo sympathesch sinn, soll net mëssverstane ginn, well wien de Mann ass, dovun hu si keng Anung.

Déi houere Russen awer och

Elo huet de wäissrusseschen Diktator net nëmme Feinden op der Welt. Esou wéi déi afrikanesch Marionetten an Uniform a Lametta sech op hir europäesch Dirigente verloosse kënnen, kann och den Alexander Lukaschenko op Réckendeckung vu Moskau hoffen. Wirtschaftlech huet et och gutt Bezéiungen zu China. Eleng mat Sanktioune léisst sech de Regimewiessel net bewierkstellegen.

De Stengeforter Diplomat a Konsorte mussen sech an dësem Kontext wuel och mat der Roll vun de Russen ausenanersetzen. „Rumeuren“ datt Moskau vun de Pläng gewosst an de wäissrussesche Geheimdéngscht tatkräfteg ënnerstëtzt hätt, gi gestreet. Traut Bréissel Minsk net zou aus eegener Kraaft, eng geheimdéngschtlech Operatioun esou offensichtlech Amateurhaft duerchzeféieren?

Eigentlech schonn, mee dat géif den Iwwergang zur Concertatioun, betreffend nei Strategien am Ëmgang mat eben de Russen, net an déi gewënschte Richtung leeden. Den transatlantesche Partner huet jo do och Wënsch, déi et ze respektéiere gëllt. Zu Moskau gëtt sech da wuel elo och, op déi eng oder aner „Géigemoossnam“ zu erwaartbare Moossnamen a méigleche Sanktiounen agestallt.

Randnotiz: Och d‘EU-Krichsminister gënnen sech en informelle Sommet. De Jens Stoltenberg, NATO-Generalsekretär ass fir d‘Berodungen um éischten Dag, als besonnesch Gaascht ageluede ginn. Muer gëtt sech mat den afrikanesche Vertrieder iwwer „Fridden & Sécherheet“, zesumme mam UN-Sekretär fir Friddensmissiounen ënnerhalen. Och hei wäert Wäissrussland en Thema sinn.

Illustratioun: „Jesus loves you“ – Lissabon, stramm kathoulesch an zäitweilegen Epizenter vun der europäescher Politik. © Tim Hüfner/ unsplash

Related topics Alexander Lukaschenko, Diktatur, EU-Ausseminister, Gymnich, KGB, Lissabon, Moskau, Roman Protassewitsch, Sanktiounen, Wäissrussland
Next post Previous post