Search

You may also like

What the Fakt – A Gedenken un d’Opfer vum Nationalsozialismus
Neiegkeeten

What the Fakt – A Gedenken un d’Opfer vum Nationalsozialismus

Um 27. Januar 1945 war et déi Rout Arméi, déi

Debat zum Finanz- a Wirtschaftskader bis 2025
Neiegkeeten

Debat zum Finanz- a Wirtschaftskader bis 2025

No der Presentatioun vum Nationale Stabilitéit- a Wuesstemsprogramm (PSC), dem

Sea-Eye fuerdert en Enn vun de Réckféierungen a Libyen
Neiegkeeten

Sea-Eye fuerdert en Enn vun de Réckféierungen a Libyen

Den 19. September huet d’Crew vun der ALAN KURDI wärend hirer

Dikrech: Infrastrukturaarbechten an der Bréck-Strooss

Dikrech: Infrastrukturaarbechten an der Bréck-Strooss

Zanter haut de Moien an nach fir déi nächst 6 Méint huet et wéinst groussen Infrastrukturaarbechten zu Dikrech eppes Changementer fir de Stroosseverkéier. De grousse „Kreesverkéier“ ronderëm de Stadkär ass wärend dësem Zäitraum net méiglech.

Fir déi nächst sechs Méint gëtt de Verkéier iwwert d‘Stavelot-Strooss, d‘Esplanade-Strooss an d‘Alexis Heck Strooss geleet. Stavelot ass nëmme vun uewen aus un op fir d‘Camionen an d‘Autoe, wärend Esplanade an Alexis Heck a béid Richtunge kënne befuer ginn. Den ëffentlechen Transport (Bus) dierf d‘Stavelot-Strooss als eenzegen a béid Richtunge benotzen.

De Verkéier deen aus Richtung Bleesbréck/Gilsdref an Dikrech erafiert, gëtt prioritär iwwert de Kreesverkéier Fridhaff a Richtung Ettelbréck ëmgeleet. D‘Palais-Strooss ass nëmme fir Residenten op. Esou soll verhënnert ginn, datt sech de Verkéier an d‘Wunnquartieren deplacéiert. Virun der Kierch an der Afaart zur Alexis Heck/Esplanade Strooss ass en temporäre Kreesverkéier ageriicht ginn, dee mat roude Luuchte bestéckt gouf.

Related topics Dikrech, Ëmleedung, Infrastrukturaarbechten
Next post Previous post