Search

You may also like

Europäesch Mobilitéitswoch 2019: Wat steet um Programm?
Neiegkeeten Sport

Europäesch Mobilitéitswoch 2019: Wat steet um Programm?

Am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch, déi vum 16. bis

Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach
Neiegkeeten Sport

Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach

Wiem et nach net sollt opgefall sinn, dee kënnt elo

Fondatioun an Ateliers Kräizbierg: Et geet duer!
Neiegkeeten Sport

Fondatioun an Ateliers Kräizbierg: Et geet duer!

De Syndikat Gesondheet a Sozialwiesen, d’Departement fir behënnert Employéen vum

Elo ass et offiziell: Den ING-Marathon gouf ofgesot

Elo ass et offiziell: Den ING-Marathon gouf ofgesot

Et war en eenzegen hin an hir. Bis viru kuerzem war net gewosst, ob de beléiften ING-Marathon stattfënnt. An engem Interview mat Mental sot den Erich François, Organisateur vum Sportevent, datt Verschiddenes nach mat der Gemeng misst gekläert ginn. Elo schéngt alles decidéiert ze sinn. Den Nuetsmarathon gëtt fir déi zweete Kéier ofgesot. Schonn am leschte Joer ass déi gréisst Lafveranstaltung vun der Regioun dem Coronavirus zum Affer gefall.

„Mir hunn erëm vill Zäit, Geld an Enthusiasmus an eise Projet gestach, well mir laang dovunner ausgaange sinn, datt mir et an dësem Joer endlech packen. Besonnesch leed deet et mir fir déi vill Dausend Leefer, déi méintelaang trainéiert hunn, fir de 15. Mee un de Start ze goen“, sot den Erich François, dee mat senger Agentur step by step de Marathon organiséiert.

2019 si 16.000 Participanten duerch d’Stad gelaf, méi wéi 100.000 Spectateuren hunn op de Stroosse gefeiert.

„Eng Course nëmme fir Toppathleten, wéi et eis vun der Regierung virgeschloe ginn ass, kënnt fir eis net a Fro. Den ING Marathon lieft vu senger eenzegaarteger Stëmmung, dem Volleksfest, der Musek an den Hotspots laanscht d’Streck. Et ass e Laf fir jiddwereen, net nëmme fir d’Elite“, seet den Erich François nach dozou.

De Marathon an den Hierscht ze vertässele war keng Optioun. D’Participanten, déi sech an de leschte Méint ugemellt hunn, ginn an den nächsten Deeg ugeschriwwen. Da kréien si eng Offer fir hir Suen zeréckzekréien.

Déi grouss Fro ass elo: Ass dat heiten de Schluss vun der Erfollegsstory ING Marathon? Den Erich François mengt net. „Mir loossen eis net vum Virus ënnerkréien.“ A genee dofir gouf den neien Datum schonn festgesat, den 28. Mee 2022 ass et souwäit. An der Hoffnung, datt de Coronavirus et zouléisst.

Opmaacherfoto: ING Night Marathon Luxembourg / Facebook

Related topics Athleten, Covid-19, Erich François, ING Marathon, Ofso, Spëtzesportler, Sportevent
Next post Previous post