Search

You may also like

Guardian Europe an d‘Zukunft vum Industriestanduert Lëtzebuerg
Neiegkeeten Sport

Guardian Europe an d‘Zukunft vum Industriestanduert Lëtzebuerg

Nodeems bekannt ginn ass, datt Guardian d‘Produktiounsstanduerter Käerjeng (Luxguard I)

Indexéierung vun de Familljenzoulagen
Neiegkeeten Sport

Indexéierung vun de Familljenzoulagen

Nodeems ee sech eens ass, datt d‘Familljenzoulagen nees indexéiert ginn,

Stad Lëtzebuerg: D‘Info-Box plënnert!
Neiegkeeten Sport

Stad Lëtzebuerg: D‘Info-Box plënnert!

Enn dës Mounts plënnert d‘Info-Box, an där d‘Guichete vum Service

Gett et de 15. Mee den ING-Marathon?

Gett et de 15. Mee den ING-Marathon?

D‘Organisateure vun dësem grousse sportlechen Event, deen all Joers Dausende Liichtathleten an nach méi Spectateuren unzitt, hunn emol den zoustännegen Autoritéiten ee Pandemie-Plang, fir de Marathon ënnerbreet.

Dat ass interessant a villen Hisiichten. Dat zum engen, wëll London a Paräis, wou de Marathon fir gewéinlech am Abrëll gelaf gëtt, hunn hirersäits decidéiert emol alles an den Hierscht ze verleeën. Zum anere well d‘Organisateure vum Hamburg-Marathon et virgezunn hunn, dësen Event ganz falen ze loossen. Datt dann awer bei eis den ING-Marathon soll stattfannen, schonn erstaunlech.

Ee Mëttwoch huet déi Stater Buergermeeschtesch, Lydie Polfer (DP), déi jo schonn op esou Villes (Fouer, Rock um Knuedler a Chrëschtmaart) huet misse verzichten, dozou Stellung geholl. Si ass net dovunner iwwerzeegt, dat de sanitäre Kontext et bis zum genannten Datum hiergëtt, esou ee Megaspektakel zouzeloossen. En Nuets-Marathon en plus, wat alles nach méi komplizéiert mécht.

Mat iwwer 10.000 Mënschen aus aller Welt – wann de Laf wéi gewinnt kann organiséiert ginn – ass esou eng Veranstaltung ënnert de bekannten Ëmstänn eigentlech net virstellbar? Fir d‘Organisateure vum Marathon awer géif et den Ament kee Grond unzehuelen datt den Event net kéint stattfannen. Hiert Argument: nach ass näischt verbueden, weder säitens der Gemeng nach säitens der Regierung.

Fifty-Fifty

Si rechnen sech 50% Chance aus an hu scho 5.500 ageschriwwe Participanten an hunn de fir si zoustännegen Autoritéite scho viru gutt sechs Wochen ee sougenannten Hygiènesplang agereecht. Esou misst all Participant entweder en negativen Test (maximal 72 Stonnen al) oder eng Impfung géint de Covid19 virweisen. Ausser fir d‘Sportler op der Streck, gëllt iwwerall d‘Maskeflicht.

Start an Arrivée fannen am Bausseberäich vun der LuxExpo statt, dat mega Parkhaus kann als „Vestiaire“ genotzt ginn, an et wieren ni méi wéi 300 Leefer gläichzäiteg um Depart. Natierlech kéim een elo och net derlaanscht, de Streckeverlaf unzepassen. An dësem Kontext hätt et och scho Kontakt mat der Police ginn. Elo wier et allerdéngs gutt wann d‘Politik eng Decisioun huele géif.

Grondsätzlech bréichten d‘Organisateure wéinstens 7.000 Starter fir de Stater Nuets-Marathon. Den Event verleeën – beispillsweis an de Hierscht wéi dat London a Paräis gemaach hunn – ass fir eis Veranstalter keng Optioun. Zum enge wëll ee sech net a Konkurrenz setzen, an zum aneren huet et ee Kalenner. Wier et net méiglech, esou hätt dat elo keen Afloss op den ING-Marathon vun 2022.

Illustratioun: © Malik Skydsgaard / unsplash

Related topics Hygiènesplang, ING-Marathon, Nuets-Marathon, Oplagen, Pandemie, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post