Search

You may also like

Infrastrukturaarbechten an der Rue Auguste Laval (ab dem 16.05.2020)
Neiegkeeten

Infrastrukturaarbechten an der Rue Auguste Laval (ab dem 16.05.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt et duerch Aarbechten um ëffentleche Versuergungsnetz

Europa: Nach ëmmer keen Nofolger fir de Jott-zé-Jott
Neiegkeeten

Europa: Nach ëmmer keen Nofolger fir de Jott-zé-Jott

De „Management-Problem“ vun der Institutioun „Europa“ wëll sech net léise

ULC: D’Gesetz vum Taxiwiese muss iwwerpréift ginn!
Neiegkeeten

ULC: D’Gesetz vum Taxiwiese muss iwwerpréift ginn!

D’Gesetzesännerung zum Taxiwiesen huet net nëmme positiv Aspekter mat sech

Innovatioun, Entwécklung a Fuerschung geet eis alleguerten eppes un

Innovatioun, Entwécklung a Fuerschung geet eis alleguerten eppes un

Um Dënschdeg Virmëtteg huet e gutt gefëllte Konferenzsall an der Handelskummer d‘Staatssekretärin fir Wirtschaft, Francine Closener, erwaart. Heihinner hat d‘Handelskummer zesumme mat Luxinnovation agelueden. Et war un der Zäit den Entreprisen d‘Gesetz vum 17. Mee 2017 no ze bréngen an Äntwerten op Froen ze liwweren.

Den Empfang war dem Haushär Carlo Thelen virbehalen. Deen huet sech iwwert den héije Besuch gefreet. Besonnesch begeeschter war en awer vum groussen Zousproch, dee vill Entrepreneuren dësem, vun der Matière hier dach awer dréchenen Event, bäi gemooss hunn. Fir de Chef vun der Handelskummer ass et wichteg, datt vun dësem Gesetz och a virun allem déi kleng Entreprise profitéieren.

Et wier e Gesetz, dat sech wuel an éischter Linn u Start-Ups, kleng innovativ Betriber a Leit mat Visioune riicht, mee natierlech och déi etabléiert grouss Entreprisen a Welt-Konzerner gläichberechtegt behandelt. A well et natierlech net einfach ass, ee net onbedéngt ëmmer am Detail weess wéi een esou eng Demande fir Subventiounen ze erhalen ausfëllt, gëtt et Luxinnovation an d‘House of Entrepreneurship.

Mam Gesetz awer, esou de Carlo Thelen, hätt d‘Regierung sech den Erausfuerderunge vun der Zäit gestallt. Si hätten och ville Fuerderunge vun der Handelskummer an den Entreprise Rechnung gedroen. D‘Gesetz géif sech zudeem och voll a ganz an de Kontext vun der Diversifikatioun aglidderen. Dat gëtt begréisst, an erlaabt et Lëtzebuerg nach méi attraktiv a kompetitiv ze sinn.

Maximal Qualitéit, Maximal Qualifikatioun

D‘Staatsekretärin Francine Closener huet, als mat verantwortlech fir dëst Gesetz, selbstverständlech op d‘Eckpunkten higewisen. Dëst Gesetz wier de Schlëssel, mat deem Lëtzebuerg seng wirtschaftlech Aktivitéite kéint entwéckelen. D‘Reform vum Gesetz vum 5. Juni 2009 erweidert och d’Zuiel vun den Entreprisen, déi eligibel sinn. Et wieren also déi „Kleng“, déi vum reforméierte Gesetz géife profitéieren.

Et wier dann awer och Gesetz, datt vill a e besonnesche Wäert op d‘Zesummenaarbecht géif leeën. Dat engersäits tëscht den Entreprisen, egal wéi grouss se sinn, an anersäits den Zougrëff op déi ëffentlech Fuerschungszenter, vun der Universitéit bis zu de CRPen. Den Accès zu erweiderte Kompetenzen ass deemno een zentrale Punkt vum Gesetz. D‘Finanzement dovunner – wann de Projet ugeholl ass – gëtt op vill Schëllere verdeelt.

A well ee sech virgeholl huet, aus dësem Gesetz eng „Success Story“ ze maachen, gëtt ee sech zu Lëtzebuerg och d‘Moyenen. Mat allem an allem 1 Milliard Euro, kann ee behaapten, datt ee vun der Exzellenz an der Qualifikatioun – fir déi och eis Schoule gerëscht schéngen – iwwerzeegt ass. Vill „Wëssen“ misst importéiert ginn, mee Lëtzebuerg ass a villen Hisiichten attraktiv. Et misst ee just ruffen, da kéimen och all déi Leit, déi fir dës Aufgabe gebraucht ginn.

Den Expert vum Ministère, Bob Feidt, huet dann nach emol d‘Gesetz am Detail virgestallt. E Gesetz dat een esouwuel am europäesche Kontext muss consideréieren, wéi och a besonnesch op nationalem Niveau. Datt et och kéint wichteg fir d‘Groussregioun sinn, war erstaunlecherweis net héieren. Dobäi sollt ee jo politesch gewëllt sinn, do och eng gréisser Solidaritéit spillen ze loossen.

An esou huet dann och den Expert aus dem Wirtschaftsministère, engersäits betount, datt eng Equipe um Ministère allen „Demandeuren“ Ried an Äntwert géif stoen. Mee et wier trotzdeem besser iwwer Luxinnovation ze fueren, déi de besseren Uspriechpartner wieren. Dat léisst de Schluss zou, datt een d‘Gesetz eigentlech net muss verstoen, just eng gutt Iddi muss hunn, an dat zesumme mat der Handelskummer/Luxinnovation op de Wee ka bréngen.

Foto: D‘Staatsekretärin Francine Closener huet, als mat verantwortlech fir dëst Gesetz, selbstverständlech op d‘Eckpunkten higewisen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Update 9:40: Generell Verbesserungen

Related topics Bob Feidt, Carlo Thelen, Francine Closener, Handelskummer, Luxinnovation, Wirtschaftsministère
Next post Previous post