Search

You may also like

Passt scho! Éisträichesch ERASMUS-Studenten an de SERVIOR-Haiser
Neiegkeeten

Passt scho! Éisträichesch ERASMUS-Studenten an de SERVIOR-Haiser

Vum 10. bis den 12. Oktober ginn a ganz Europa

D‘Personal wäert net noginn
Neiegkeeten

D‘Personal wäert net noginn

Haut Moie war den Unterrecht an der „International School of

Contournement vun Hesper: wat s de haut net kanns besuergen…
Neiegkeeten

Contournement vun Hesper: wat s de haut net kanns besuergen…

Et ass scho bal net méi gewosst, wéi laang d‘Awunner

Nei op der Cloche d’Or: Den INNSiDE Luxembourg an „de Gaart“

Een neien Hotel a säi Restaurant hunn hir d’Dieren leschte Freideg opgemaach. Den Hotel vum spuenesche Grupp Meliá wëll senge Clienten net nëmmen eng Ënnerkonft am Häerz vun der Stad ubidden, mee och e modernt a komfortabelt Erliefnis garantéieren.

Schonn äusserlech ass dëst Gebai, dat a mattschwaarzen Aluminiumplacke verpak ginn ass, en Highlight. E Muster aus ënnerschiddleche Scheiwen déi liichten, suerge fir e frëndlechen Toun. „INNSiDE Luxembourg verbënnt Design, Technologie, Benotzerfrëndlechkeet an Nohaltegkeet“, erkläert de René Grosbusch, Proprietär vun INNSiDE.


De René Grosbusch bei der Ouverture vum INNSiDE

Grouss, hell Fënstere bidden en Abléck an den Interieur vum Hotel. Modern, urban an elegant beschreift d’Raimlechkeeten also ganz gutt. Des weidere bitt den Hotel, deen am Ganzen 123 Zëmmeren zielt, nach en ënnerierdesche Parking mat 36 Plazen.

Wien en Zëmmer bucht, dierf tëscht 3 verschidde Kategorien wielen. Den INNSiDE ROOM huet eng Fläch vun 21 m² ze bidden an ass mat engem Kingsize Bett, sou wéi engem Chromecast Fernseher equipéiert. Donieft ginn et nach véier Studioen vun 32 m², mat engem zousätzleche Schreifdësch, enger Fotell, wéi och enger Yogamatt fir d’Clienten. Déi néng sougenannt TOWNHOUSES vun 42 m² befannen sech op den ieweschten Etage vum Hotel. Déi Meescht hunn eng eegen Terrass.

A well Nohaltegkeet eng wichteg Roll spillt, hunn eenzel Pabeieren a Plastik näischt an den Zëmmere verluer.

INNSiDE

Och un d’Restauratioun gouf geduecht

Mam Restaurant „de Gaart“, deen ganzer 109 Gäscht empfänke kann, offréiert senge Clienten nëmmen dat Bescht a proposéiert héichwäerteg a frësch Produiten aus der Regioun. Ma, dobäi gëtt aus engem einfachen Iessen e klengt Evenement, an zwar duerch d’Live-Kachen.

Des weidere bitt den Hotel, deen an der Géigend vum beléiften Akafszenter leit, nach en Eenzelhandel mat ökologeschen an nohaltegen Wueren un.

INNSiDE
Dem Rico Arendt, Executive Sous-Chef bei INNSiDE, kann ee beim Kachen iwwert d’Schëller kucken

Méi Informatioune fannt Dir op www.melia.com.

Related topics Cloche d'Or, de Gaart, Hotel, INNSiDE Luxembourg, Lex Delles Ouverture, Modern, René Grosbusch, Restaurant
Next post Previous post