Search

You may also like

Irma bréngt apokalyptesch Zerstéierung
Money Neiegkeeten

Irma bréngt apokalyptesch Zerstéierung

Tëscht „Albdram“ an „Apokalyps“, de Monsterorkan Irma, dee weider duerch

Den Dan Kersch beim Lëtzebuerger Rout Kräiz
Money Neiegkeeten

Den Dan Kersch beim Lëtzebuerger Rout Kräiz

Haut de mueren huet de Minister fir Aarbecht, Beschäftegung, Sozial-

Bestietnes fir jidderee och elo op Malta
Money Neiegkeeten

Bestietnes fir jidderee och elo op Malta

Malta mécht d’Bestietnes op. Et kënnt enger Revolutioun gläich. E

money

Insolvenz Nobert Keller AG

Den LCGB bitt de fréiere Mataarbechter Hëllef an Ënnerstëtzung un

Insolvenz Nobert Keller AG

Nodeems d‘Entreprise Nobert Keller AG vun Ëlwen, eng Entreprise déi op d‘Hierstellung vun Design-Schibesystemer spezialiséiert war, an hei nieft engem Produktiounsstanduert och eng grouss Ausstellung mat iwwer 2.000 M² ënnerhalen huet, seng Salariéeën iwwert déi ugefroten Insolvenz informéiert huet, steet fest, datt keng eenzeg vun de ronn 120 Aarbechtsplaze ka gerett ginn.

Fir datt déi Beschäftegt elo net eleng do stinn, huet den LCGB fir e Méindeg den 29. Juni eng grouss Informatiounsveranstaltung organiséiert. D‘Salariéeë vu Nobert Keller kréien dann hei och gehollef hir Fuerderunge geltend ze maachen. Den LCGB leet elo grousse Wäert drop, datt all d‘Mataarbechter hir Réckstänn an Entschiedegungen am Zesummenhang mat der Insolvenz, zäitno iwwerwise kréien. Zudeem wëll den LCGB alle Salariéeën déi dat wënschen, bei der Sich no enger neier Schaff ënnerstëtzen.

KellerD‘Firma war 1990 zu Ëlwen vum belsche Geschäftsmann Norbert Keller gegrënnt ginn an huet sech iwwert d‘Jore a sengem Segment gutt etabléiert kritt. D‘Entreprise ass lues awer sécher gewuess. 1996 gouf dunn en europäescht Verkafsnetzwierk opgebaut. 2004 war den Norbert Keller ee vun de Finaliste vum begierten „Entrepreneur of the Year“ Präis. Iwwert all déi Joren ass vill a gutt innovéiert ginn.

2014 huet sech de Firmegrënner aus der Entreprise zréckgezunn. Seng Undeeler (80%) huet de Nobert Keller un déi Lëtzebuerger „Capital Investment Group Sàrl“ verkaf. Deenen hir Prioritéiten hu sech op d‘Wënsch vun den Investisseuren a Cliente begrenzt. Hir innovativ Investitounsstrategie huet sech allem Uschäin no, net fir déi zu Ëlwen beschäftegt Aarbechter rentéiert. Op no engem Repreneur gesicht gouf, war leider net gewuer ze ginn. Den Haaptaktionär wollt um Freideg dozou keng Stellungnam ofginn.

Foto: Um Standuert zu Ëlwen hu ronn 120 Mataarbechter fir d‘Norbert Keller AG geschafft. Eng Innovativ Entreprise mat engagéierte Mataarbechter, déi sech elo eng nei Schaff siche mussen, © Norbert Keller AG

Related topics Capital Investment Group, Ëlwen, Insolvenz, LCGB, Norbert Keller AG
Next post Previous post