Search

You may also like

Och d‘Meenungsfräiheet huet hir Grenzen
Kultur Neiegkeeten

Och d‘Meenungsfräiheet huet hir Grenzen

Am neie Joer, gëtt et Parteien déi de Bléck no

Filmtipp: „Planet of the Humans“ vum Jeff Gibbs
Kultur Neiegkeeten

Filmtipp: „Planet of the Humans“ vum Jeff Gibbs

Well d‘Covid19-Pandemie net déi eenzeg Kris ass, déi eise Planéit

Spideeler an Dokter-Praxen ab e Méindeg nees op
Kultur Neiegkeeten

Spideeler an Dokter-Praxen ab e Méindeg nees op

Ab e Méindeg, de 4. Mee dierfen all Medeziner, sief

Eng „sonoresch“ Installatioun

Eng „sonoresch“ Installatioun

Am Kontext vun der Virbereedung zu Esch2022, stellt déi Lëtzebuerger Kënschtlerin Nika Schmitt seng sonoresch Installatioun „Radau Radar“ an der Annex 22 op der Brillplaz zu Esch-Uelzecht aus.

Wéi d‘Organisateure matgedeelt hunn, ass d‘Idi zum „Radau Radar“ Ufank vum Joer am Kader vun der kënschtlerescher Residenz „Sonic Explores“ zu Dakar (Senegal) entstanen. Hei huet dem Nika Schmitt e Gebai, geleeën un engem Kreesverkéier, et ugedoen. Et sollt en uert vun der Inspiratioun ginn, well déi enk Passage vun eben dësem Haus, hunn zu ënnerschiddlechen Uerter gefouert, an déi vill Geräischer déi et do ginn huet, hätten eng ganz besonnesch Akustik entwéckelt.

D‘Nika Schmitt (28) lieft a schafft zu Rotterdam (Holland). Hei verfollegt déi talentéiert jonk Fra zanter 2017 seng artistesch Aktivitéiten am audiovisuelle Beräich. Den Ament ass d‘Nika Schmitt derbäi hire „Master of Music“ zu den Haag an der renomméierter „ArtScience Interfaculty“ zum Ofschloss ze bréngen. Säit 2013 studéiert d‘Lëtzebuergerin an Holland. Den Ufank huet si an der Grenzstad Maastricht gemaach, wou si d‘Akademie vun de „Fine Art & Design“ besicht huet.

D‘Ausstellung mécht ee Samschdeg 5. Dezember seng Dieren op a leeft bis einschlisslech den 9. Januar 2021.

Illustratioun: © Esch2022

Related topics Annex22, Esch-Uelzecht, Esch2022, Installatioun, Nika Schmitt, Radau Radar
Next post Previous post