Modern Sklaverei: Iwwer 40 Millioune Mënsche si weltwäit betraff

Sklaverei gehéiert leider nach ëmmer net der Vergaangenheet un. Aarmut, Korruptioun, lokal Konflikter a staark Migratiounsbeweegungen, awer och eise Massekonsum droen hiren Deel dozou bäi, datt geschate 40,3 Millioune Mënsche weltwäit ënnert de moderne Forme vun der Sklaverei – Zwangsaarbecht, Mënschenhandel, Zwangsbestietnes – leiden. All 10. Kand ass betraff.

Den haitegen internationalen Dag fir d’Ofschafung vun der Sklaverei geet zeréck op den 2. Dezember 1949 wou d’Konventioun zur Ënnerbannung vu Mënschenhandel an der Ausnotzung vun der Prostitutioun vun aneren ugeholl gouf. Um 25. Juli 1951 ass d’Resolutioun 317(IV) schliisslech a Kraaft getrueden, bezitt sech am Text virun allem op Prostitutioun a Mënschenhandel, d’Bestrofung vun Täter an déi erneit Aglidderung vun den Affer an d’Gesellschaft.

Modern Sklaverei an Zuelen

Definéiere léisst sech dës Form vun Ausbeutung duerch quasi all Handlung, där Betraffener duerch Gewalt, Muechtmëssbrauch a Bedreeung net entkomme kënnen. D’Vereenten Natioune ginn dovunner aus, datt vun de 40,3 Millioune Sklaven 24,9 Millioune Mënschen Zwangsaarbecht verriichten.

Déi ënnerdeele sech nees a 16 Millioune Sklaven, déi am Beräich Haushaltsaarbecht, Landwirtschaft a Bau schaffen, 4,8 Milliounen Persounen am sexuelle Beräich (99 % Fraen a Meedercher) a 4 Milliounen Sklaven, déi Aarbecht verriichten déi hinne vu staatlechen Autoritéiten operluecht gouf. Dobäi komme 15,4 Millioune Mënschen, déi zwangsbestuet goufen. Generell kommen op 1.000 Persoune 5,4 Affer vu moderner Sklaverei.

Och Kanner bleiwen net verschount. Eent vu 4 Affer ass Mannerjäreg, an d’UN ginn dovunner aus, datt weltwäit 150 Millioune Kanner gezwonge ginn ze schaffen. Anescht ausgedréckt: All 10. Kand op dëser Welt ass betraff.

Ofschafung vun der Sklaverei
Kanner schaffen an der Granitt-Minnen am Burkina Faso (2020) © UNICEF/Frank Dejongh

A wat huet dat mat mir ze dinn?

Wéi esou vill negativ Theemen schéngt och d’Sklaverei esou wäit fort vun eis ze sinn. Dobäi wier eise moderne konsumfreedege Liewensstil, wou alles zu all Zäit mat engem Klick bestallt ka ginn, Quantitéit iwwer Qualitéit geet an ee sech seelen iwwert d’Produktiounsketten informéiert, net méiglech.

Esou heescht et beispillsweis am Prof. Dr. Ing. Evi Hartmann sengem Buch „Wéi vill Sklaven halt Dir? Iwwer Globaliséierung a Moral“, datt fir all Däitschen am Duerchschnëtt 50 Sklaven iergendwou op der Welt schaffe mussen. Äre „Bedarf“ u Sklaven, kënnt Dir iwwregens op slaveryfootprint.org ausrechnen.

Wärend bei eis Wueren a Massen ukommen an ausgesuckelt ginn, wéi d’Taass Kaffi um Moien, ass d’Produktioun oft mat Mënscherechtsverletzunge verbonnen. Ënnert anerem gi Persounen zu enger Tätegkeet gezwongen, gi mësshandelt an erniddregt, a kréien als Merci fir hir Aarbecht keng adequat Bezuelung, respektiv och guer kee Su.

Wat kann ee maachen?

Manner ass méi. Sech beim nächsten Akaf emol am viraus ze froen, wat ee wierklech brauch, ass immens nëtzlech – besonnesch elo wärend de Feierdeeg, wou nees „déi grouss Bescheerung“ usteet. Wat futti fiert, ass vläicht gutt fort, oder ka souguer reparéiert ginn.

Ma, och fair akafe lount sech. Et sinn ënnert anerem Produite mat Fairtrade-Zertifizéierung, bei deenen Produzenten a Baueren e séchere Mindestloun a Primmen garantéiert ginn. Am Textilberäich rode mir Iech e Bléck op d’Campagne Rethink Your Clothes un, wou Dir immens vill Informatiounen iwwert Probleemer a Léisungen am Beräich vun der Kleedung fannt, sou wéi eng Kaart mat Geschäfter zu Lëtzebuerg, wou ee gudde Gewëssens akafe kann.

Och am Supermarché sollt ee méi genee kucken, wou d’Wuer hierkënnt a sech fir e Produit aus der Regioun entscheeden. Esou gëtt net nëmmen e Betrib aus der Géigend ënnerstëtzt, och laang Transportweeër gi reduzéiert.

Zuelräich Labels weisen op eng fair Produktioun an Hierstellung hin. Mat e bësse Recherche fënnt een hei schnell eraus, ob een tatsächlech gudde Gewëssens zougräife kann, oder een op Greenwashing– a Marketing-Aktiounen erafält.

Dernières nouvelles