Search

You may also like

Weltdag vum Buch an den Auteursrechter 2020: En neien Ufank
Neiegkeeten

Weltdag vum Buch an den Auteursrechter 2020: En neien Ufank

Déi dësjäreg Editioun vum Weltdag vum Buch an den Auteursrechter

Schwiereg Zäite fir eise Sozialsystem
Neiegkeeten

Schwiereg Zäite fir eise Sozialsystem

Datt sech d‘Covid19-Pandemie och an den Ausgabe vun der Sozialversécherung

E Réckschlag fir de Projet „Spacemining“
Neiegkeeten

E Réckschlag fir de Projet „Spacemining“

Grouss innovativ Projete sinn ëmmer och mat Risike verbonnen, an

International Animals Rights Conference: „Déieren hunn och Rechter“

International Animals Rights Conference: „Déieren hunn och Rechter“

Nodeems leschte Samschdeg eng ronn 50 Militante fir d‘Rechter vun de Déieren duerch d‘Stroosse vun eiser Haaptstad gezu sinn, gëtt et den nächste Weekend (6. bis 9. September) an der Kulturfabrik zu Esch-Uelzecht, eng international Konferenz zu Rechter fir d‘Déieren.

„All déi vill Leit“, esou d‘Presidentin vun der Asbl „Save Animals Luxembourg“, Fabienne Origer „hunn sech zesummefonnt fir all deenen Déieren ze gedenken, déi iwwert d‘Joer fir hire Pelz, hiert Fleesch, oder bei medezineschen Experimenter ëmbruecht goufen“. Eng Manifestatioun déi a villen Haaptstied gläichzäiteg stattfonnt huet. Heibäi sinn d‘Leit och iwwert de Veganismus informéiert ginn.

Et ass dann och de Veganismus, deen ee vun den Highlights vun der „International Animals Rights Conference“ ass. An der Escher Kulturfabrik ginn esou eng 500 Participanten aus der ganzer Welt erwaart. Si kommen Deels vu ganz wäit, wéi um Beispill vu Brasilien, Pakistan oder och nach dem Vietnam ze erkennen ass.

Déi hunn dann och e chargéierte Programm: Podiumsdiskussiounen an Atelieren, mee och Presentatiounen, sollte keng Langweil opkomme loossen. Alles wat et iwwert de Weekend z‘iesse gëtt ass selbstverständlech vegan, an wéi et säitens der Organisatioun matgedeelt gouf, ass all Mënsch wëllkomm. Et gëtt vill Informatiounsstänn zum Veganismus an den Déiererechter.

Related topics Esch-Uelzecht, Fabienne Origer, International Animals Rights Conference, Kulturfabrick, Save Animals Luxembourg Asbl
Next post Previous post